Hörbuch Stefan Zweig - Ungeduld des Herzens

"Ungeduld des Herzens" ass den eenzege Roman, deen den éisträichesche Schrëftsteller Stefan Zweig fäerdeg geschriwwen huet. De Roman gouf e puermol verfilmt, mee et ass d'Hörbuch-Versioun, déi 1961 entstanen ass, déi d'Valerija Berdi begeeschtert. Also kee Lies-, mee e Lauschtertipp!

Valerija Berdi

Stefan Zweig - Ungeduld des Herzens
Foto: Bigstock / Inuella123; Fischerverlage

Éisträich, kuerz virum Éischte Weltkrich. De jonke Leutnant Anton Hofmiller gëtt op eng Soirée bei de räichen Ungar Kekesfalva invitéiert, den Anton, begeeschtert vun der Atmosphär, dem gudden Iessen, dem Wäin, den angeneeme Gespréicher, der Musek an der grousser Éier hei däerfen derbäi ze sinn, mécht dat, wat sech fir e jonke Mann an där Zäit an op där Plaz gehéiert: hie freet d'Duechter vum Haus ëm en Danz a blaméiert sech onmoosseg.

Dat jonkt Edith ass geläämt an den Anton verléisst total genéiert d'Haus. Fir d'Saach erëm guttzemaache schéckt hien den Dag duerno e Bouquet Blummen an domat hëlt déi dramatesch Geschicht hire Laf.

Den Anton ass all Dag um Schlass, hie fillt sech wuel mam Edith a virun allem mat der Cousine Ilona. Hien vernoléissegt seng Kolleegen, déi de Geck mat him maachen, datt hien, dee klengen Zaldot an dësem räichen Haus, eran- a rausgeet. Hie mierkt, wéi eng Liewensfreed hien dem Edith duerch seng Presenz erëmgëtt, wéi déi jonk Fra opblitt, mee hie kritt net mat, datt si sech an hie verléift huet a wou et esou wäit ass, ass et ze spéit, sech der Wouerecht ze stellen.

An dann de Papp, deen eng wansinneg Karriär am Räich vun den Habsburger gemaach huet, gesäit awer just an der Duechter e Liewenssënn a gëtt all seng Suen aus beim Versuch d'Edith ze heelen. Et kënnt awer alles anescht wéi geplangt, an de Leutnant, deen net aus Léift, mee aus Matleed Versprieche gemaach huet, déi hien net anhale kann a wëllt, muss säin inkonsequent Handele schwéier bezuelen.

E kuerzweilege Pleséier, deen ee sech gënne soll

Wéi wäit geet e Mënsch, wann e vu Matleed geleet gëtt? Wou sinn d'Grenzen tëschent Matleed an Empathie? Kann ee Léift empfanne fir een aneren, wann dëst Matleed dat dominant Gefill ass? Wéi fillt ee sech, wann ee feststellt, dat de Mënsch, mat deem ee frou ass, just aus Matleed bleift?

"Ungeduld des Herzens" ass en typescht Wierk fir de Stefan Zweig, alles ass bei him tragesch, et ass ni d'Gléck, dat gewënnt.

Trotzdeem ass dëst Lauschterbuch einfach e Genoss. D'Stëmmen, virun allem vun der däitscher Schauspillerin Gustl Halenke, sinn esou lieweg, matrappend. D'Ëmsetzung esou gelongen a waarmhäerzeg, datt ee sech net eng Sekonn langweilt. Virun allem an dësen Zäiten, wou et net einfach ass mat Freed a Liichtegkeet duerch den Alldag ze goen, ass "Ungeduld des Herzens" e kuerzweilege Pleséier, deen ee sech gënne soll.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Fernand M. Guelf - Der Ausnahmezustand
Buchkritik

En Attentat zu Berlin, dräi Mënschen, déi ganz aner Pläng am Liewen haten: den neie Roman vun Lëtzebuerger Auteur beandrockt, sproochlech an inhaltlech. Eng Rezensioun vum Valerija Berdi.

Ein starkes Band
Buchkritik

D'Emma an d'Nelly ware bescht Frëndinnen. Vun engem Dag op deen anere verschwënnt d'Nelly ouni Erklärung. Aacht Joer méi spéit setzt d'Emma alles dru fir déi fréier Frëndin an Äntwerten ze fannen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen