Géigewaartskonscht De Casino Lëtzebuerg ass nees op

No 11 Wochen huet de Casino Lëtzebuerg seng Dieren nees opgemaach. Gläichzäiteg gouf den 20. Gebuertsdag gefeiert. De radio 100,7 war live dobäi. Hei ass d'Emissioun nach eng Kéier integral.

Cléo Thoma / ys

Casino-4.JPG

Bei Geleeënheet vun der Porte Ouverte am Casino-Forum fir zäitgenëssesch Konscht hat de Radio 100,7 fir eng Live-Emissioun ee provisoresche Studio am Infolab installéiert. "Provisoresch" ass e gutt Stéchwuert, fir op d'Ufänk vum Kulturinstitut ze schwätzen ze kommen. Als Espace fir modern, awer kuerz drop zäitgenëssesch Konscht, huet den ale Biergercasino am Kulturjoer 1995 eng éischt, wichteg Renaissance gefeiert. Eng Rei Zoufäll hu gemaach, datt en duerno seng Destinatioun als Forum fir zäitgenëssesch Konscht definitiv fonnt huet. 

Als eegestännegt Haus mécht de Casino zënter 10 Joer an enger Aart harmonescher, villäicht eng Grimmel kompetitiver Complémentaritéit zum Musée um Kierchbierg säi Match. An dréit dozou bäi, datt Lëtzebuerg och baussent senge Grenzen als Uert, wou Géigewaartskonscht passéiert, wouer geholl gëtt.

Iwwert d'Bedeitung vum Casino äussere sech eng Rëtsch Politiker. Virop de Staats- an, ënner anerem, Kulturminister Xavier Bettel. Zu Wuert kommen och Donateuren, déi dem Appel "Devenez Mécène du nouveau Casino" nokomm waren. an net zulescht Kënschtler a Kënschtlerinnen.

De Staatssekretär fir Kultur Guy Arendt mécht senger Begeeschterung fir déi nei amenagéiert Raimlechkeete Loft. A verséchert, datt den Dossier Konschtgalerie fir Wierker, déi zu Lëtzebuerg entstan sinn, weidergedriwwe gëtt. De Paul Reiles, President vum Casino, erënnert zesumme mam Jo Kox (administrativen Direkter bis haut) an Enrico Lunghi (kënschtlereschen Direkter vum Casino bis 2009, an aktuellen Direkter vum Mudam) un d'Ufänk vun der Institutioun. An evoquéiere Meilesteng an der Geschicht vum Casino, respektiv der Géigewaartskonscht zu Lëtzebuerg.

v.l.n.r. Guy Arendt, Enrico Lunghi, Jo Kox

​D'Isi Henrion, eng vun de rare jonke Lëtzebuerger Curatricen schwätzt vum Projet "Making of". De Casino hat 2012 jonk Kënschtler a Kënschtlerinnen, déi e Lien mat Lëtzebuerg hunn, an d'Fënster gesat hat.

De Gilles Pegel, lëtzebuerger Kënschtler, beschreift wéi wichteg de Casino als Plattform fir jonk Kënschtler ass.

De Robert Garcia, Direkter vun de Rotonden, hëlt kuerz virun der Pensioun kee Blat virun de Mond. Hie pickt nach emol no, ob de Casino net dach ursprénglech als Galerie vum Mudam geduecht war. Hien huet awer d'Roll vum Établissement als Pepinière fir Konscht, Kënschtler a Konschtprojeten, gelueft.

De Münchner Kënschtlerduo M+M, déi 2015 hir Expo "7 Tage" am Casino presentéiert haten, ënnersträichen, ënnert wat fir engen exzeptionell gudde Konditioune si hir Ausstellung zu Lëtzebuerg net just weisen, mä och kompletéiere konnten.

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Méi zum Thema

Kevin Muhlen.JPG
Réouverture vum Casino

De Chantier ass fäerdeg, de Casino an der Ënneschtgaass mécht seng Diere rëm op. Inhaltlech bleift de Forum d'art contemporain senger Linn trei, mee bannent dem Gebai ass méi wéi een Tapéitewiessel geschitt.

Net verpassen

Programm

  • Ligne 2

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen