Literatur Skurril an iwwerraschend Portraiten aus dem Alldag

"Was habe ich verpasst" - an dat ouni Froenzeechen - ass den Titel vun den zwielef Kuerzgeschichten vun der Nora Wagener, déi bei Éditions Guy Binsfeld erauskomm sinn. D'Schrëftstellerin beschreift Alldagssituatiounen, andeem si eng weider Kéier hir reng a musikalesch Sprooch ënner Beweis stellt.

Valerija Berdi / rb

Nora Wagener - Was habe ich verpasst
Foto: Bigstock / Alla_Greeg & Editions Binsfeld

Am Kontext vun enger Participatioun um "Schreibkurs für kreative Köpfe" ass de Personnage an der éischter Geschicht "Der alte Schnee" op enger Liesung a waart op den Auteur an op de Brudder.

Iwwerdeems stellt sech de Protagonist sëlleg Froen iwwer de Prozess vum Schreiwen, de Prozess vum Denken an iwwer d'Liewen als Schrëftsteller, iert seng Gedanken an eng surreal Welt ofdriften, déi un dem Magritte seng Imaginatioun erënneren.

Realistesch an intim Momentopnamen aus dem Alldag

No dëse komplexen a laange Sätz an der éischter Erzielung féiert d'Nora Wagener an eng ganz realistesch Welt.

Et si Momentopnamen, déi un dem Friedo Lampe seng Geschichten am Buch "Septembergewitter" denke loossen. Hei ass da keng Vue aus engem Ballon, mee et huet een den Androck, eng Kamera géif net just Biller, mee och Gedanke vun de jeeweilege Figuren afänken an een op eng ganz intimistesch Manéier drun deel huele loossen.

Hei eng Botzfra, déi an enger Schoul schafft a Froen un d'Schwaarzt Briet, dat eigentlech fir Annonce geduecht ass, hänkt, do Geschichte vu Kanner, déi, um Wee zum Erwuesseginn, hir méi kleng a méi grouss Grenzen entdecken.

Skurril Personnagen an engem Bistro, Männer op der Flucht virum Alldag, hoffnungslos Relatiounen tëschent ganz ënnerschiddleche Mënschen - eben d'Matière, déi d'Liewe schreift.

An d'Nora Wagener schreift dës verschidde Liewen an der fir si typescher an awer ëmmer erëm iwwerraschend-erfrëschender Manéier. Et ass d'Prezisioun vun de Gedanken an den ausgewielte Wierder fir déi ëmzesetzen, déi der Schrëftstellerin hir Stäerkt fir Kuerzgeschichte weisen.

Eng iwwerzeegend prezis-musikalesch Sprooch

Och wann esou munch Protagonisten ëmmer erëmkommen, sinn d'Geschichte bal ni direkt matenee verbonnen. Et gesäit einfach no Zoufall aus, esou wéi de Choix vun de Situatiounen un e Flanéieren duerch d'Welt empfanne léisst.

En onwillkürlecht Stoebleiwen, Nokucken, Nolauschteren a Mathuelen... Iergendwou matzen dran an engem Liewen, an enger Stad, op engem Schoulhaff, bei Kanner, bei enger eelerer Koppel, bei Frënn, bei Mënschen, déi eleng sinn.

Et si keng positiv Erzielungen, mee duerch d'Musikalitéit an d'Rengheet vun hirer Sprooch, déi ee schonn an der Nora Wagner hirem Buch "Larven" entdecken a genéisse konnt, kréien all dës Liewenszeenen eng Liichtegkeet a Spannung, datt een agefaange gëtt, datt een déi dach éischter onglécklech a verzweiwelt Mënsche mat Empathie begleet an och erëm goe léisst.

Méi zum Thema

Alle meine Freunde
Buchkritik

An "Alle meine Freunde" beschreift d'Nora Wagener sensibel a prezis Personnagen, déi op enger fiktiver Päischtcroisière sinn. Der Valerija Berdi feelt am Buch allerdéngs d'Déift.

Prix Servais 3.jpg
Literatur

Zënter 1992 zeechent d'Fondatioun Servais all Joer e literarescht Wierk aus, dat zu Lëtzebuerg publizéiert ass. Dëst Joer huet d'Nora Wagener de Präis am Mierscher Kulturhaus entgéint geholl.

Booksa Wagener.jpg
Literatur am Ausland

Déi Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen Nathalie Ronvaux an Nora Wagener ware viru Kuerzem op de Booksa-Festival zu Zagreb agelueden. A si hu vun do vill Iddie fir d'Auteuren heiheem matbruecht.

valerija larven.JPG
Literaresch Rares

Momenter aus dem Liewen huet déi jonk Lëtzebuerger Schrëftstellerin agefaangen an op eng iwwerraschend Manéier op d'Blat bruecht.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen