Seriekritik "Jeffrey Epstein: Filthy Rich"

Et ass eng Geschicht, bei där een nëmmen hoffe kann, datt se eenzeg ass, esou erschreckend ass se. Op Netflix gëtt et eng nei Dokumentarserie, déi de Fall Jeffrey Epstein beliicht. Dës Serie handelt vun engem Monster. Leider awer ass et keng Fiktioun. D'Lara Bousch huet déi nei Netflix-Serie "Jeffrey Epstein: Stinkreich" gekuckt.

Lara Bousch

Jeffrey Epstein

Et ass eng Geschicht, bei där een nëmmen hoffe kann, datt se eenzeg ass, esou erschreckend ass se. Op Netflix gëtt et eng nei Dokumentarserie, déi de Fall Jeffrey Epstein beliicht.

Den Numm Jeffrey Epstein ass deene meeschte bekannt. Den Jeffrey Epstein gouf inculpéiert wéinst sexuellem Mëssbrauch a Prostitutioun vu Mannerjäregen a gouf dout a senger Zell fonnt. Wat awer manner bekannt ass, ass dat wat d'Serie weist, an de Fall Epstein esou krass mécht. An zwar wéi laang hien onbestrooft dovu koum a wéi vill Moyenen hien dru gesat huet, fir seng Affer an och d'Justiz roueg ze stellen.

D'Serie dokumentéiert de Fall mat Hëllef vun etlechen Interviewen, vun deemolegen Affer, dem Police-Chef vu Palm Beach, Journalisten, Affekoten, privaten Detektiven, déi fir de FBI geschafft hunn a Psychologen, déi sech mat esou enger Zort vu Mësshandlung beschäftegen.

Virun allem awer sinn et déi emotional Interviewe mat den deemolegen Affer, déi dës Serie zimmlech ergräifend maachen. Esou berichten Affer net nëmmen hir Erliefnesser, mee och generell iwwer hir Kandheet, hir aner Mëssbrauchsgeschichten oder Obdachlosegkeet. Dëst kann een als e Manko gesinn, well d'Serie domadder hefteg op d'Tréinendrüs dréckt oder deelweis schockéiert.

Mee gläichzäiteg sinn dës Aussoen och wichteg fir d'Verständnis vum Epstein sengem Schema. Et ass mat Hëllef vu Mannerjäregen, déi ouni Wunneng an ouni Mëttele waren, wéi den Epstein e ganzt Netzwierk vu Meedercher opstelle konnt, déi hien an anerer a sengem Krees sexuell mësshandele konnt.

An och wann et net einfach ass d'Geschichten ze héieren, déi déi Meedercher zielen an hir Trauer, Roserei a virun allem Hëlleflosegkeet an hiren Aen ze gesinn, esou ass et wichteg, datt hir Geschicht gezielt gëtt. Well si stinn als Beispill an Zeeche fir all déi Meedercher, déi Änleches erliewen an de Courage net fanne fir ze erklären, firwat Me Too wichteg ass, firwat sexuelle Mëssbrauch an Handel schlëmm sinn, an datt se real sinn.

Eng Tortur fir d'Meedecher

All Meedchen, dat him e weidert Meedche vermëttele konnt, huet eleng dofir weider 200 Dollar kritt. Esou hunn zwee bis dräi Meedercher et fäerdegbruecht him bis zu 60 Meedercher an e puer Joer ze vermëttelen.

Fir ze verstoen, wéi esou vill Meedercher dem Epstein säi Spill konnte matmaachen, ouni ze refuséieren, ass et wichteg ze verstoen, wat Sue fir si bedeit hunn, wat et fir si bedeit huet, aus engem verwahrlosten Doheem, voller Gewalt, flüchten ze kënnen am Alter vu 14 bis 16 Joer.

Am Fall vum Epstein gëtt net nëmme seng Influenz op seng Affer ënner de Meedercher kloer, mee och op héijer Justizposten, wéi den deemolege Staatsaffekot Alexander Acosta an dem deemolegen US Justizminister. Et huet schlussendlech eng ganz Maschinerie vu Recherchen op villen Niveaue gebraucht an iwwer 15 Joer Verhandlunge fir géint een eenzege Mann kënnen unzekommen. An et huet vill Courage vun de Meedercher gebraucht, déi haut Frae sinn, fir doriwwer ze zielen, mat wat fir Mëttelen den Epstein hiert Schweigen erzwénge wollt. Si zielen iwwer Kandheeten, deelweis ouni Suergen, deelweis voller Mëssbrauch, vu jorelaangem Plënneren aus Angscht virum Epstein, vu Belagerunge vu privaten Investigateure virun hirer Hausdier oder endlose Verhéier fir hir Glafwierdegkeet ze dekredibiliséieren.

D'Monster sinn dobaussen

An der Dokumentatioun kommen och ëmmer erëm Accusatioune géint de brittesche Prënz Andrew op, vum Virginia Roberts awer och aneren Zeien, déi aussoen, datt hien net onschëlleg ass, an och net ënner enger komescher Form vun Amnesie leit, déi just räich Pedophille betrëfft, wéi een et a sengem Interview mat der BBC am November d'lescht Joer konnt erliewen.

Natierlech ass déi Serie kee geriichtleche Prozess, et bleift un de Geriichter fir ze jugéieren, wie schëlleg ass. Mee wa Beweiser als éischt op Netflix landen, éier datt se um Geriicht landen, da kann ee sech just froen, op net schonn nees e räiche Mann sech Fräiheeten akaaft huet.

"D'Monster sinn dobaussen, a si mëssbrauchen nach ëmmer aner Mënschen. Firwat si nach net genannt an humiliéiert gi sinn, kann ech net verstoen", seet d'Virginia Roberts, Affer vum Jeffrey Epstein a sëllegen anere Männer aus dem Esptein sengem Donstkrees.

Méi zum Thema

Dangerous lies.jpg Filmkritik
Netflix

Wat maache mat engem Verméigen, dat engem esou an de Schouss fält an een nëmme mat Lige kann halen? Dëse moraleschen Dilemma steet am Mëttelpunkt vum amerikanesche Thriller "Dangerous lies".

Earthquake bird Filmkritik
Netflix

No sengem Biopic ''Colette'' thematiséiert de Britt Wash Westmoreland och an "The Earthquake Bird" eng Dräiecksbezéiung. Dës Kéier mat verstéierter Sexualitéit an a Form vu psychologeschem Thriller.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen