Teenager géint Supermuecht "Seng Kandheet fir seng Gesellschaft geaffert"

Teenager sinn ass ni einfach. Mee an Zäite vu Fridde ass et sécherlech méi einfach, wéi a Periode vu politeschem Chaos. Dacks sti ganz jonk Aktivisten un der Spëtzt vu Protestaktiounen, well si d'Welt vun hiren Eltere mat engem kritesche Bléck gesinn a se verännere wëllen. Dacks si si sech de Gefore vun enger Konfrontatioun mam System net ganz bewosst. Fir hir Geschicht z'erzielen, brauch ee Gedold.

Charlotte Bruneau / ys

joshua.jpg
Foto: Netflix

Véier Joer laang huet de Realisateur Joe Piscatella de Joshua Wong begleet, dee sech zu Hong Kong als Teenager scho géint d'Supermuecht China positionéiert an et fäerdeg bréngt, massiv Demonstratiounen auszeléisen.

"De Joshua huet 2012 mat Aktivismus ugefaangen a konnt verhënneren, datt China den eegene Schoul-Curriculum och zu Hong Kong imposéiert, deen do als manipulativ gëllt", seet den Jason Y. Ng. Hien ass Schrëftsteller zu Hong Kong an e Personnage am Documentaire "Joshua: Teenager vs. Superpower".

Entwécklung als Studenteleader

De Joshua hätt 2014 dunn eng wichteg Roll während der sougenannter Prabbeli Revolutioun gespillt. "De Film erzielt also d'Geschicht vu senger Entwécklung ass Studenteleader", seet den Jason Y. Ng.

Duerch d'Geschicht vum Joshua versteet een net nëmmen déi grouss politesch Enjeuen tëscht Hong Kong a China. Et erlieft een och op eng ganz perséinlech Manéier den Alldag an d'Dreem vu jonke Leit während den Demonstratiounen, déi fir e puer Wochen Hong Kong op e Stëllstand bruecht hunn. Fir den Jason Y. Ng ass de Film esou staark, well en den Engagement vum Joshua thematiséiert, dee seng Kandheet fir seng Gesellschaft geopfert huet.

Hong Kong wier en ekonomeschen Hub, wou vill Mënsche Sue wéilte verdéngen. Ideologesch Prinzipie wieren dofir keng Prioritéit fir d'Gesellschaft. "Et brauch een also jonk Leit, déi voller Energie an Iddien sinn, fir Theme wéi d'Meenungsfräiheet oder d'allgemengt Wahlrecht erëm an de Fokus ze bréngen." Duerch dem Joshua säin Engagement hätt d'Gesellschaft en neit Bild vun der Jugend kritt.

An der Mediathéik:

Kultur / / Charlotte Bruneau
Lauschteren

Méi zum Thema

Siam
Luxfilmfest

De Realisateur vun "Amal", de Mohamed Siam schwätzt iwwert d'Revolutioun an Ägypten, d'Dreem vun enger jonker Generatioun, d'Ongläichgewiicht vun de Geschlechter an iwwert d'Gewalt.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen