Scherko Fatah - Schwarzer September Tëschent Realitéit a Fiktioun

Den irakesch-däitsche Schrëftsteller Sherko Fatah huet sech op d'Spuere vum Attentat op der Olympiad zu München am Joer 1972 gemaach. Hie beliicht a sengem Wierk "Schwarzer September" d'Ëmstänn, wéi et zum Attentat koum, wat Hannergrënn sinn a wéi eng Auswierkungen op d'Zukunft do scho programméiert waren. E Roman tëschent Realitéit a Fiktioun.

Valerija Berdi / cz

schwarzer September

"Schwarzer September war den Numm vun der Terrororganisatioun, déi 1972 d'Attentat op israelesch Sportler bei den Olympesche Spiller zu München duerchgeféiert huet. Den Numm baséiert op den Ufank vum jordanesche Biergerkrich, deen den 1. September 1970 ugefaangen hat, nodeem radikal Palestinenser en Attentat op de jordanesche Kinnek Hussein ausgeüübt hunn.

Den Sherko Fatah schwätzt a sengem Roman net vum Münchener Attentat, mee vun der Organisatioun, déi dohannert stoung.

Et begleet een déi eenzel Protagonisten op hirem Wee zu der Gruppéierung, an den interessantste Personnage ass de Ziad. E jonke Libanes, dee sengem Papp Sue klaut fir a Frankräich ze flüchten. Zu Marseille ukomm, kënnt hien awer net wäit mat senge Suen, hie schléift op der Strooss bis hien e schlecht bezuelten Job an engem Restaurant kritt, wou hien da vun de "richtege" Leit ugeschwat gëtt.

Den Ziad ass ee vun de klenge Leit, een dee benotzt an agesat gëtt, een dee geaffert gëtt, an deen net aus iergendwellechem Idealismus handelt, mee aus enger Naivitéit, Aarmut, Solitude a Sich no Unerkennung.

Vermëschung vu reellen Evenementer a fiktive Personnagen

Den Ziad soll e schrëftlechen Test ausfëllen, all Nimm a Situatiounen opschreiwen, déi wichteg a sengem Liewe waren a wärend dësem Test erënnert sech de Ziad u säi jonkt Liewen a léist d'Lieserinnen a Lieser hien op dësem Wee begleeden.

Änlech ergeet et engem Grupp vun Däitschen. Do ass Theresa, dat dem biedere Liewe vu sengen Elteren, senger geuerdenter Kandheet an dem langweilegen Duerf de Réck kéiert an zu Berlin studéiert, iwwerzeegt vu lénken Gedanken an op enger Manif den Alexander kenneléiert ... och si kommen, wéi den Ziad, an en Ausbildungslager an do gëtt et dann och keen Zeréck méi.

Da ginn et awer och déi, déi d'Fiedem zéien, net just op der arabescher Säit, mee och op der amerikanescher.

De Sherko Fatah vermëscht déi reell Evenementer, déi an den ufanks 70er Joren geschitt sinn, mat fiktive Personnagen. Just déi bekannten Nimm, wéi den Al Hassan Salameh, dee mam Codenumm Abu Hassam de Schwaarze September geleet huet, sinn tatsächlech Protagonisten, och an dësem Roman.

Wat dëst Wierk esou besonnesch mécht, ass datt den Sherko Fatah no Äntwerte sicht, wéi gëtt een Terrorist, wéi eng Zufäll kënnen zu esou enger Decisioun féieren, och bei Mënschen, déi alles anescht wéi gewaltbereet sinn.

En informatiivt Buch an e literaresche Genoss

Ënnermoolt ginn déi Decisiounen, andeem de Fatah och d'Bannen- an d'Baussebild vun den Awunner vum Libanon wéist. Wéi fillt sech e Mënsch, deen do lieft an op eemol decidéieren anerer, mat engem ganz anere reliéisen, kulturellen, sozialen an och sproochleche Hannergrond iwwer een?

Do läit wuel dem Auteur seng Stäerkt. E Polit-Thriller ze schreiwen, deen detailléiert op déi eenzel Protagonisten ageet, op Heldentum a Schwaarz-Wäiss-Molerei verzicht, an dat och nach sproochlech perfekt meeschtert. Et ass en Danz duerch all déi verwurrelt, dramatesch a komplex Entwécklungen, de Fatah zeechent seng Figuren immens iwwerzeegend, hält si awer op Distanz, wat ebe verhënnert, datt een iergendwellech Gefiller fir déi verschidden a ganz ënnerschiddlech Gestalte kritt. Eng Zort Sachbuch, mee duerch déi staark Sprooch, déi dacks poetesch Zich unhëlt, dann awer ganz pointéiert a pragmatesch ass, ass "Schwarzer September" net just en informatiivt Buch, mee virun allem och e literaresche Genoss.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Peter Handke Wikimedia Commons Analys
Ëmstriddene Literaturnobelpräisträger

Dem Handke säi Reesbericht "Eine winterliche Reise zu den Flüssen Donau, Save, Morawa und Drina" huet 1996 Polemik ronderëm den aktuellen Literaturnobelpräislaureat ausgeléist.

Christine Neudecker
Invitée am Moies-Magasinn

D'Autorin vum Roman "der gott der stadt" schwätzt iwwer de Georg Heym, Berlin, den Theater an natierlech och iwwer hire Roman. D'Valerija Berdi huet sech mat der Autorin ënnerhalen.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen