arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schauspiller an Héchstform, de Film net esou

Top Casting

|
reading time

3 min

Schauspiller an Héchstform, de Film net esou

"The Glass Castle" ass eng Literatur-Adaptatioun, déi um Pabeier no Oscare jäizt. Datt de Film awer eng Sortie um Enn vum Summer krut, ass kee gutt Zeechen. Och wann de Casting top ass, ass et de Film et net esou.

reading time

3 min

Zäitgenëssesch engleschsproocheg Literatur huet eng laang Traditioun vun autobiographesche Familljegeschichten: "Angela's Ashes" vum Frank McCourt, "The Invention of Solitude" vum Paul Auster an "Another Bullshit Night in Suck City" vum Nick Flynn si just e puer Beispiller.

Dës Titele si Memoirë vun amerikaneschen Auteuren, déi versichen d'Familljegeschicht mat der Distanz vun de Joren opzeschaffen. An allen dräi Bicher huet d'Pappefigur eng ausseruerdentlech wichteg Positioun am Liewe vum Papp, dacks aus net all ze schéine Grënn.

Filmadaptatioun eng logesch Suite

Dat ass am Jeannette Walls hirem autobiographesche Schreiwes "The Glass Castle" net anescht. D'Buch huet virun eppes méi wéi zéng Joer d'Liicht vun der Welt gesinn an huet iwwer 250 Wochen op der "New York Times"-Bestsellerlëscht verbruecht. Iwwer dräi Millioune Kopië si verkaf ginn an et gouf an iwwer 20 Sproochen iwwersat.

Et ass ee weidere Bäitrag an dës Serie vun amerikanescher Literatur mat dysfunktionale Famillen, mat un der Spëtzt engem alkoholkranke Papp. D'Film-Adaptatioun war mat deem kommerzielle Succès eng logesch Suite.

Papp mat fatzegem Alkoholproblem

Den Destin Daniel Cretton huet sech dem Stoff ugeholl a krut seng Vedette, aus sengem Realisatiounsduerchbroch "Short Term 12", d'Brie Larson, nach emol virun d'Kamera. Si spillt d'Jeannette Walls, zweet vun am Ganze véier Kanner vun der Koppel Woody Harrelson an Naomi Watts.

Hien ass ee progressive Papp, deen awer ee fatzegen Alkoholproblem huet an onfäheg ass, Responsabilitéit fir seng Famill z'iwwerhuelen. Si ass eng Kënschtlerin, déi am Liewen nach ni eng Ausstellung op d'Been krut an och gären am Sumpf vum "Net-entdeckten-Ausnamekënschtler-Dosinn" schwëmmt. Déi Kombi féiert dozou, datt déi grouss Famill am gefillte Wochentakt muss weiderzéien, fir vläicht do dann hiert Glas-Schlass kënnen opzebauen, mä fir virun allem vun den Autoritéiten ewechzekommen.

Datt déi Variant vum "American way of life" op Dauer net drobar ass, ass jo just eng Fro vun der Zäit. D'Familljegeschicht mat de Kanner gëtt a Réckblenden erzielt an ass encadréiert am New York vun den 80er Joren.

Triumvirat aus Staren a Veteranen

D'Kanner sinn eegestänneg, dem Brie Larson säi Personnage ass e "Yuppie" ginn an ass drop an drun, fir sech mat engem langweilege Square ze bestueden. Just d'Eltere sinn hänkebliwwe a squatte verlottert Haiser am Big Apple. D'Generatiounsdiskrepanz ass grouss an d'Konfliktsituatioune reie sech weiderhin unenaner.

De Cretton huet mat senger Aarbecht op "Short Term 12" eng douce Hand fir tëschemënschlech Relatioune bewisen. Gekonnt huet hien do mat engem Ensemble-Cast vu jonken, an immens jonken, Talenter zesummegeschafft. Fir d'Produktiounsboîte schéngt et logesch gewiescht ze sinn, fir him Staren, Veteranen zur Säit ze stellen. An tatsächlech: Säin Triumvirat aus Brie Larson, Naomi Watts a Woody Harrelson knéit sech wierklech an d'Matière eran.

Den Harrelson, dee regelméisseg onopgereegt 25 Joer assuréiert, huet zënter "True Detective" e konstanten Aarbechtshéich a weess seng Pappe-Figur ausbalancéiert, exzentresch an traureg zugläich ze portraitéieren.

Schauspiller ze schéin

Schued, datt sech de Film gären dem Zocker gëtt an héchstwahrscheinlech méi melodramatesch opgeschafft ass, wéi d'Buch. Hätt de Film säin Narrativ e bëssi zäitlech ugezunn, deen een oder anere "Mumford and Sons Banjo Musekscue" si gelooss a méi op d'Uersprongskraaft vum Buch vertraut, dann hätt en definitiv un Direktheet kéinte gewannen.

Datt d'Schauspiller am Fong all ze schéi si fir d'Rollen, géif dann och net esou opfalen. Well et si si, déi dat fragilt dramaturgescht Gerüst vum Film, dat sech aus dem duerchschnëttlech vum Cretton matgeschriwwenen Dréibuch zesummesetzt, schlussendlech zesummenhalen.