Kultur Relations: The Nassaus and Luxembourg

Am Veianer Schlass ass bis den 19. August d'Ausstellung "Relations: The Nassaus and Luxembourg" ze gesinn. Ageweit gouf des Ausstellung de 24. Mee a Präsenz vun der hollännescher kinneklecher an der lëtzebuergescher groussherzoglecher Koppel.

Sophie Thoma / cz

Expo Nassau.jpg
De Grand-Duc, den hollänesche Kinnek an de Xavier Bettel bei der Ouverture vun der Ausstellung "Relations: The Nassaus and Luxembourg"

Entstanen ass d'Ausstellung "Relations: The Nassaus and Luxembourg" am Kader vun der Staatsvisitt vum hollännesche Kinnek. Den hollännesche Botschafter hätt d'Initiative geholl an d'Schlassfrënn zu Veianen gefrot, ob si bereet wieren, eng Ausstellung ze organiséieren, déi den enke Lien tëschent dem hollänneschen an de lëtzebuergeschen Nassau-Haiser weist, seet de Curateur Pit Péporté. Vun 1815 bis 1890 waren déi hollännesch Kinneke gläichzäiteg och d'Grand-Duce vu Lëtzebuerg.

Grouss Famill

Dem Pit Péporté no géife sech den hollännesche Kinnek an de lëtzebuergesche Groussherzog nach ëmmer als Membere vun der grousser Famill gesinn an dat och honoréieren. D'Ausstellung wier een Ausdrock dovun a géif weisen, datt et vu béide Säiten och ëmmer gewollt war, op dëse Lien opzebauen.

Veianen hätt sech als Plaz fir d'Ausstellung ugebueden, well d'Grofschaft an d'Buerg Veianen zanter dem 15. Joerhonnert zum Haus Nassau gehéiert hunn, also laang éier d'Membere vum selwechten Haus Grand-Ducen zu Lëtzebuerg goufen.

Wéi den Titel "Relations. The Nassaus and Luxembourg" undeit, ass et eng Ausstellung, déi explizit op Lëtzebuerg zougeschnidden ass. D'Relatiounen ginn aus lëtzebuergescher Perspektiv duergestallt. D'Ausstellungsstécker, dorënner Akten, Fotoen, Korrespondenzen an Traitéë - vir der just puer ze nennen, sinn aus der Kollektioun vu béiden Haiser. D'Objete sollen dem Visiteur eng Geschicht erzielem, seet de Pit Péporté. Dorënner ee ganzt wichtegt Dokument, de Verfassungstext vun 1868, dee bis haut d'Basis vun der lëtzebuergescher Verfassung ass.

Dräi Partien

D'Ausstellung ass chronologesch opgebaut an orientéiert sech un de groussen Zäsuren an der Geschicht vun den Haiser Oranien-Nassau an Nassau-Weilburg. Déi éischt Partie vun der Ausstellung geet em d'Virgeschicht: Wéi entstinn déi zwou Branche vum Haus Nassau? Wéi ee Verhältnis hu si zoueneen? Am zweete Kapitel geet et ëm d'Personalunioun. Den drëtten Deel ass beschreift Faiten nom Dynastiewiessel 1890. "Wann d'hollännesch Kinneken elo op Lëtzebuerg kommen, da kommen se fir hir wäitleefeg Kosengen ze besichen, déi elo och selwer Staatscheffe sinn. Et geet dann em Staatsvisitten", seet de Pit Péporté.

An der Mediathéik:

Kultur / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Paul Kirps
Ausstellung

Ass Konscht maache wéi Alpinismus? De fräischaffende Kënschtler a Graphikdesigner Paul Kirps huet sech fir seng nei Expo mam Thema befaasst. Den Term "Telemark" huet verschidde Bedeitungen.

Policija na protestih
Participatioun

Den Documentaire d'Observation, de Cinéma Direkt an d'Reportage si fréi Forme vum Documentaire. An den leschte Joren gouf no neie Forme gesicht, fir Geschichten op op eng méi participativ Aart a Weis z'erzielen.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen