Luxfilmfest Rees duerch d'Amerika vun deenen einfache Leit

De Sozialdrama "Lean on Pete" vum Andrew Haigh zeechent ee Portrait vun einfache Leit, déi sech mat de Verhältnisser an Amerika mussen erëmklappen. Aus der Haaptkompetitioun vum Luxfilmfest.

Michel Delage

Filmkritik Lean on Pete
Charlie Plummer (Foto: scott patrick green ~1998 Hewlett-Packard Company)

De 15 Joer alen Charley lieft eleng mat sengem Papp an einfache Verhältnisser am Nordweste vun den USA. Seng Mamm huet hien ni kannt. Enges Daags léiert de Jong den Del kennen, een eeleren Här dee Päerd ziicht, fir sech mat Courssen iwwert Waasser ze halen. Dem Charley bitt sech d'Méiglechkeet fir sech e puer Su ze verdéngen. Wéi op eemol dem Charley säi Papp stierft, bleift dem Jugendleche just nach eng Tatta, op där hir Sich hie sech mécht - zesumme mat engem Päerd.

"Lean on Pete", vum britesche Realisateur Andrew Haigh, kombinéiert Sozialdrama a Roadmovie. Dem jonken Charley (Charlie Plummer) seng Rees duerch d'USA ass de Virwand, fir ee soziale Portrait vun deem Land ze zeechnen. Mat Realismus gëtt d'Liewe vun einfache Leit gewisen, sief et a ländleche Géigenden oder an engem urbane Kader, op der Strooss.

Vun de Verhältnisser gedriwwen

D'Mënsche ginn am Film net idealiséiert, mä op eng nuancéiert Aart a Weis gewise wéi se sinn. Wéi den Charley als Strummert duerch eng Stad zitt, gëtt hie vun engem anere Strummert an deem senger bescheidener Roulotte häerzlech opgeholl. Nodeems de Jong sech dann eppes Klenges bei engem Job verdéngt huet, schléit dem Mann seng Häerzlechkeet a Gewalt ëm: den Charley wier him Sue schëlleg.

Allgemeng sinn d'Persounen, déi den Charley op sengem Wee begéint, duerchaus hëllefsbereet, wéi zum Beispill d'Serveuse, déi hie lafe léisst, obwuel hie giess huet ouni ze bezuelen. De Päerdsziichter Del (Steve Buscemi) ass am Fong ee gudde Kärel. Fir Courssen ze gewannen, dat heescht seng Kuuscht ze verdéngen, fuddelt hien a sprëtzt senge Päerd Opputschmëttel. Dem Andrew Haigh seng Personnagë sinn net u sech schlecht, si gi vun de soziale Verhältnisser gedriwwen. "Lean on Pete" gëtt iwwregens een interessanten Abléck an d'Welt vun de provinzielle Päerdscourssen, wäit ewech vum Glamour, deen ee gewéinlech mat deem Milieu verbënnt.

D'Päerd als Double

Den Charley identifizéiert sech do mat engem vun de Päerd, fir hien eng Zort Double: de "Lean on Pete" (vertrau dem Pete) leeft Courssen, de sozial isoléierte Jong joggt fir d'Zäit erëmzekréien.

Wéi den Del d'Päerd wëllt verkafen (well d'Déier näischt méi géif daachen), ass dat fir den Charley ee Signal: hie mécht sech mam Pete op d'Flucht, fir d'Päerd ze retten, fir sech ze retten. Wann hie mam Päerd schwätzt, féiert den Charley a Wierklechkeet ee Monolog mat sech selwer. Während dësen, virum Hannergrond vu spektakuläre Landschafte gefilmten Dialog-/Monologzeenen, konzentréiert sech d'Kamera net op d'Päerd, mä op de Jong. De Pete gëtt net als vollwäertege Personnage behandelt. Et geet hei ëm de Jong.

Dem Andrew Haigh säi "Lean on Pete" ass een einfachen, filmesch konventionell ëmgesate Film, deen haaptsächlech vu senger gudder Interpretatioun lieft. Virun allem och vum zeréckhalende Spill vum jonken Charlie Plummer.

Méi zum Thema

Film Stills, Portraits, BTS, Alice Springs Filmkritik
Luxfilmfest

Mat sengem ambivalente Western "Sweet Country" zeechent de Warwick Thornton een éischter pessimistescht Bild vun de Relatiounen tëschent den Australier an hiren Urawunner - een aktuellt Thema.

Disappearance 04 (c) Habib Majidi.jpg Filmkritik
Luxfilmfest

D'Widderspréch vun der iranescher Gesellschaft, besonnesch a Bezuch op déi sexuell Tabuen, ginn am Ali Asgari sengem Drama "Disappearance" ob eng relativ einfach Aart a Weis op de Punkt bruecht.

Marlina the Murderer 02 (c) Eriekn Juragan.JPG Filmkritik
Luxfilmfest

"Marlina the murderer in four acts" vun der indonesescher Realisatrice Mouly Surya ass ee Spaghetti-Western a Revenge-Film, deen op eng originell Aart a Weis een nuancéiert Bild vun der Fra zeechent.

Pity 02 (c) 2017 Margarita Nikitaki, All Rights Reserved.jpg Filmkritik
Luxfilmfest

"Pity" vum Babis Makridis ass eng bizare griichesch Komedie iwwert de Besoin fir bematleet ze ginn. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

Holiday Filmkritik
Luxfilmfest

Kënnt een aus enger iwwerflächlecher Luxuswelt, an där ee gefaangen ass, nees eraus? Dorëms geet et am dänesche Film "Holiday" vun der Isabella Eklöf. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

GUTLAND 08 (c) DR.jpg Filmkritik
Luxfilmfest

"Gutland" vum Lëtzebuerger Govinda Van Maele vermëscht Elementer aus Film noir, Thriller an Documentaire fir den Integratiounsprozess vun engem Aussesäiter an eng fir hien nei Gemeinschaft duerzestellen.

Foxtrot (c) DR 01.jpg Filmkritik
Luxfilmfest

D'Trauer vun den Elteren, d'Onsënnegkeet vum Krich... Den israeleschen Drama "Foxtrott" behandelt een tragesche Sujet mat engem erstaunleche Räichtum u filmesche Mëttelen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen