Ranga Yogeshwar: Mir brauchen ee globalen Dateschutz

562 bekannte Schrëftsteller aus 82 Länner, dorënner 5 Nobelpräislaureaten, hunn eng Petitioun mam Titel “Writers Against Mass Surveillance” ënnerschriwwen. Ënner de Signataire sinn Nimm wéi Orhan Pamuk, J.M. Coetzee, Elfriede Jelinek, Günter Grass, Tomas Tranströmer, Umberto Eco, Margaret Atwood, Don DeLillo, Daniel Kehlmann, Nawal El Saadawi, Arundhati Roy an Henning Mankell.

An der Petitioun heescht et, elementar Mënscherechter wären duerch de Mëssbrauch vun technologeschen Entwécklungen vu Staten a Firmen fir d’Masseniwwewaachung verletzt ginn, an demokratesch Grondwäerter wären a Gefor. D’Auteure maachen een Opruff un all Länner a Sociétéitën, fir dës Wäerter ze respektéieren a fuerderen d’Bierger op, fir hir Rechter ze verdeedegen. Et gëtt weider eng digital Mënscherechts-Charta vun de vereenten Natioune gefuerdert.

Ee vun de Schrëftsteller ass de Ranga Yogeshwar. D’Marie-Paule Fischbach huet sech de Moie mam lëtzebuerger Wëssenschaftsjournalist a Physiker ënnerhal. Hei kënnt Dir d’Gespréich lauschteren:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/files/4/0/244556_invite-vum-dag.mp3"]

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen