Film "Pur Mathe, pure Wodka"

Kale Krich um Schachbriet virum Hannergrond vun der Kuba-Kris: "The Coldest Game" vum Lukas Kosmicki ass e polneschen Agentefilm an englescher Sprooch, dee mat de Genrë spillt. Op Netflix ze gesinn.

Michel Delage

Filmkritik The Coldest Game
Denkt de Joshua Mansky (Bill Pullman, riets) grad u säin nächsten Zuch ... oder seng nächst Fläsch Wodka?

De beschte Film iwwer d'Kuba-Missile-Kris koum viru genee 20 Joer eraus. De gutt dokumentéierte Polit-Thriller ''Thirteen Days'' (op Basis vun engem Essai vum Politolog Graham Allison), mam deemools schonn net méi esou gefrotene Kevin Costner, hat d'Kris aus der Siicht vun der Kennedy-Administratioun erzielt. De Spectateur krut e realisteschen Abléck an de politeschen Entscheedungsprozess ënner héchstem psycheschen Drock: déi falsch Decisioun wärend der kriddelegster Phas vum Kale Krich hätt kéinten zum Atomkrich tëschent den USA an der Sowjetunioun féieren.

Am rezente polneschen Agenten-Thriller ''The Coldest Game'' laascht den Drock dës Kéier net méi op de Schëllere vum amerikanesche President, mee op deene vun engem fiktive Mathe- a Schachgenie.

Wéi en Hond op der Keelebunn

De Joshua Mansky (Bill Pullman) gëtt géint säi Wëlle vum amerikanesche Geheimdéngscht rekrutéiert fir de Groussmeeschter ze ersetzen, dee kuerz virun engem wichtege Match zu Warschau géint de sowjetesche Champion gestuerwen ass - hie gouf vergëft! Dem Mansky seng Schachkompetenz steet net zur Debatt, hie schéngt de richtege Mann fir den Job ze sinn. Allerdéngs steet hie sech mat sengem Alkoholproblem selwer am Wee ...

Den engleschsproochege Film vum polnesche Realisateur Lukas Kosmicki kënnt iwwer laang Strecken als eng Agenten-Komedie fir net ze soe -Parodie dohier. Déi relativ binär Ausenanersetzung tëschent (karikaturalen) sowjeteschen an (e bësse manner karikaturalen) amerikaneschen Agente gëtt duerch dat klassescht Motiv vum Verréider verkuerbelt. De skurrillen Haaptpersonnage Mansky, dee manner drun interesséiert ass, seng Partien ze gewannen, wéi seng Alkoholsucht ze befriddegen, wierkt do wéi en Hond op der Keelebunn.

Déi richteg Partie leeft net um Schachbriet of

Schachpuristen dierfte sech bei dem heite Film schudderen: amplaz vu laang duerchduechten Zich leeft et of wéi am Schnellschach; wie grad wat spillt, kritt een ni ze gesinn; de russesche Kontrahent ass total onwichteg. Et geet also net ëm eng realistesch Duerstellung vun engem Schachmatch, deen hei - vun der Kale-Krich-Metapher ofgesinn - weider näischt wéi e Virwand ass. Déi richteg Partie leeft an de Kulissen of, wou ëm wichteg Informatioune gekämpft gëtt, déi d'Kuba-Kris, déi sech parallel entfaalt, an déi eng oder déi aner Richtung kéinte lenken. An do kritt de Joshua Mansky op eemol eng méi wichteg Roll ze spillen, wéi ee vläicht gemengt hat ...

''The Coldest Game'' ass keen ultra-realisteschen, subtil-ambigue Thriller à la John Le Carré, mee och keng komplett ausgeflippte Parodie. Villméi léisst de Film permanent d'Onsécherheet schwiewen, zu wéi engem Genre en iwwerhaapt gehéiert. Dat ass e relativ clevere Konschtgrëff, well en der ontransparenter Welt vun de Geheimdéngschter an Duebelagenten entsprécht.

Polen an der Afferroll

Bleift ze bemierken, datt e polnesche Film iwwer de Kale Krich kee wier, wann en net géif ënnersträichen, datt Polen deemools am Fong d'Affer vun der Sowjetunioun war. Dee Message vermëttelt hei d'Roll vun engem héichrangege polneschen Apparatchik, hanner deem méi stécht, wéi just dem Joshua Mansky säi sympathesche Saufkumpan.

Den Interêt vun "The Coldest Game'' läit, wéi gesot, am Wiessel tëschent de Genren, ouni deen dat Ganzt dach e bësse banal wier. D'Kamera gëtt iwwregens vum erfuerene Pawel Edelman dirigéiert, deen an der Vergaangenheet fir Filmgréisste wéi Andrzei Wajda a Roman Polanski geschafft huet.

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Anne Hathaway FILMKRITIK
Nei Filmer

Eng amerikanesch Journalistin geréit an en illegale Waffenhandel tëschent den USA an Nicaragua. D'Verfilmung vum Joan Didion-Roman "The Last Thing he Wanted" ass op Netflix ze gesinn.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen