Chantiers de désir Präzis Wierder, ënnerschwellegen Humor, eng fléissend Sprooch

Wat mécht een, wann ee keng Loscht méi op dat eegent Bestietnis huet, ass et gescheit seng Verbrieche kuerz virum Doud public ze maachen, a fënnt een déi grouss Léift op Tinder? Dës a vill aner mol méi fantastesch, mol ganz realistesch Geschichten erliewen déi fofzéng Protagonist:innen am neie Buch vun der Carla Lucarelli.

Valerija Berdi / cz

Chantier du désir

Si heesche Juliette, Marianne, Stéphane, Sandrine. Jacques Michel...

Fofzéng Personnagë kommen an der Carla Lucarelli hirem neie Buch zu Wuert, si hunn all hier eege Geschicht ze erzielen, an awer hu se villes gemeinsam: hier Ängschten, hier Fantasmen, hier Geheimnisser. An hiert Ausbriechen aus dem gewinnten Alldag, eng Befreiung vun ale Laaschten, e Striewen nom neie Gléck.

Männer a Fraen, an der Bléi vum Liewe grad wéi kuerz virum Doud, mol méi dramatesch, mol méi trivial, et sinn ëmmer Momenter, déi decisiv fir den nächsten Dag oder de Rescht vum Liewe sinn.

Eng jonk Fra, déi mat den och méi onangeneeme Realitéite vun der Léift konfrontéiert gëtt, eng aner, déi mol no der ganz grousser Léift sicht an eng weider, déi dës grouss Léift mat éischter onkonventionelle Konsequenzen hannert sech bruecht huet.

De Lieser fillt sech direkt mat agebonnen

Wat mécht een, wa moies e Panther nieft dem Bett läit oder een eng aussergewéinlech Renconter mat reegelrecht ofgehuewe Mënschen huet?

Vum Fantastesche gëtt een awer ganz séier an d'Realitéit zeréck geholl, da wann et ëm d'Existenz geet, wann een no ville Joren Asaz op ee mol seng Aarbecht verléiert?

Der Carla Lucarelli geléngt hei net just déi eenzel Haaptpersonnagë prägnant an de Virgrond ze setzen, mee grad esou dem Ëmfeld vill Raum ze ginn, sou datt een och an de méi kuerze Geschichten direkt agebonnen ass.

Wéi fillt ee sech wann ee virun engem onangeneeme Fait accompli steet? A virun allem wéi reagéiert een drop? Der Lucarelli hier Figure si grad esou villfälteg wéi hier Geschichten. Mee hier Verzweiwlung, hier Trauer, hier Roserei an hier Ängschte sinn ëmmer nozevollzéien.

Eng angeneem Lecture

Alldagssituatioune wiessele sech of mat wonnerlechen Evenementer, psychopathesch Tendenzen, intimistesch Ministèren, verbruet Gedankegäng, onschëlleg Naivitéit.

D'Carla Lucarelli illustréiert déi ganz Palette vu mënschlechen Onzougänglechkeeten a Stäerkten, eben de permanente Chantier, deen eist Liewen u sech jo ausmécht!

Präzis Wierder, ënnerschwellegen Humor, eng fléissend Sprooch, dat alles mécht einfach Loscht op méi Geschichte vun dëser Schrëftstellerin!

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

David Sala - Le Poids des héros
David Sala - Le Poids des héros

Dat neit Wierk vum franséischen Zeechner David Sala ass ee Familljeportrait vu senger eegener Famill. Ee visuell enorm beandrockende Comic, dee ganz sensibel a ganz nuancéiert ass, fënnt de Jeff Thoss.

Hémecht.jpg
Geschicht

An der neier Hémecht geet et e.a. ëm d'Bedeitung vum Konsum vun der Lëtzebuerger Aarbechterklass am Ufank vum 20. Joerhonnert an ëm d'Militärorganisatioun vun der Stad Lëtzebuerg am spéide Mëttelalter.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen