Assemblée parlementaire de la Francophonie "Politiker gläiche sech, Länner immens verschidden"

Tëscht dem 6. an dem 11. Juli sinn zu Lëtzebuerg "50 Joer Assemblée parlementaire de la Francophonie" gefeiert ginn. E puer honnert Parlamentarier aus dem "monde francophone" hunn dofir u Plenièren a kulturellen Ausflich duerch de Grand-Duché deelgeholl. D'Fotokënschtlerin Néckel Scholtus huet d'Evenement am Optrag vun der Chamber bildlech festgehalen.

Kerstin Thalau / mak

NS1.JPG
Foto: Néckel Scholtus (http://www.neckelscholtus.com/)

D'Assemblée parlementaire de la Francophonie ass am Mee 1967 zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn, op Initiativ vum Léopold Sédar Senghor. De senegaleseschen Auteur a Politiker, mee och Staatsmann a Frankräich, war den éischten Afrikaner mat Sëtz bei der Academie française. Wou ass seng Assemblée, kuerz APF, haut drun?

Fir de 50. Gebuertsdag waren e puer honnert Parlamentarier hei zu Lëtzebuerg. De Constat vun der Néckel Scholtus: "Dat schéngt laanscht d'Allgemengheet an d'Press gelaf ze sinn." Si huet d'Evenement fotografesch suivéiert. D'Fotografin klemmt meeschtens ondiskret vu baussen an eng Situatioun eran, knipst an zitt weider. Dofir huet si hier Aarbechtskonditiounen och bei der Chamber ausgehandelt. "Mech interesséiert d'Gruppendynamik, awer net déi héich offiziell Gruppefoto - zemools net bei Leit, déi d'Spill mat der Kamera beherrschen."

Detail an Impressioun

Während d'Parlamentarier sechs Deeg laang diskutéiert hunn an duerch de Grand-Duché kutschéiert goufen, war d'Néckel Scholtus mat oppenen Aen an Oueren ëmmer mat dobäi. D'Resultat: Detailopnamen an Impressiounen: Eng Dammenhand mat ondiskretem Rang an zwou deieren Aueren (fir zwou Zäitzonen). Zwee korpulent Asiaten, d'Hiemer eemol klengkaréiert, eemol getëppelt, virun der SES. En inzeenéierte Selfie an der Chamber. Ënnert dem Banquetsdësch versichen d'Gold vun den Highheels an dat vun de Still sech am Glënneren z'iwwertrompen.

Zwee Parlamentarier vun der APF (Foto: Néckel Scholtus)

Fir d'Néckel Scholtus ass déi vill beméit "identité de la Francophonie" während de Feierlechkeeten abstrakt bliwwen. "Des Identitéit kann ee bei de Parlamentarier ausmaachen, do fillt een eng Art Familljenambiance. Mee wat konkret Populatioune vu Kanada an Europa, aus Afrika, oder dem Vietnam zesumme schweesst, dat war um Kongress net erauszefannen. Au Contraire: Et ass ëmmer nees kloer ginn, datt dës Natiounen immens verschidde sinn a jidderee seng Problemer selwer léise muss." Et bléift der Fotografin och onerkläerlech, firwat de Sujet vun de Refugiéeë just iwwerflächlech gesträift ginn ass.

Keng Instrumentalisatioun

D'Kënschtlerin huet Ufanks gezéckt, ier se de Optrag ugeholl huet. Si hätt um Enn awer verstanen, datt si net instrumentaliséiert géif ginn. Den Asaz wier - besonnesch bei esou engem héich dekoréierten, awer net vill beuechten Evenement - net onwichteg. "Wéi gëtt Lëtzebuerg presentéiert? Wat ass wichteg fir déi optimal Kuliss?" Dëst wiere Sujeten, déi och fir hiert weidert Schaffen als Fotografin wichteg bleiwen. "De Grand-Duché ass meng léifste Spillwiss."

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen