Buchkritik Pit Hoerold - in die augen, in die ferne, still ins ohr

Mat sengem Gedichtband "in die augen, in die ferne, still ins ohr" war de Lëtzebuerger Dichter Pit Hoerold op d'Shortlëscht fir de Servais-Präis nominéiert. D'Buch huet net de Präis kritt, ass awer absolut derwäert entdeckt ze ginn.

Valerija Berdi / cbi

In die Augen

"August

sonntag früh.

stille.

obwohl der garten

bis über den drahtzaun hinaus

wächst.

keine krähe

keine fliege. keng heemelmäus.

keine bienen.

der korb mit den wäscheklammern wippt

auf der leine.

rot

im üppigen grün.

ein wagen fährt weg.

eine frau verlässt den geliebten."

E Moment, eng visuell Opnam, eng Rou, déi ënnerbrach gëtt, en Drama - ganz kompriméiert erzielt den Pit Hoerold u sech kleng Geschichten, aus dem Alldag, aus Beetebuerg, aus laang vergaangenen Zäiten. Natierlech huet d'Léift och hier Plaz.

D'Gedichter vum Hoerold beandrocken duerch hiert absolut Einfachsinn, et bleift een et hänken mat der Fro, wat wëllt den Dichter eis hei soen. Am Géigendeel, Inhalt a Form harmonéieren, d'Spill mat der Duerstellung vun den eenzelen Gedichter geet op, näischt ass opgesat, näischt iwwerdriwwen an dat gelt och fir d'Texter.

Mee einfach heescht net banal oder eidel. Am Géigendeel,

"worte wie papierflieger

wie schmetterlinge hin und her

dazwischen ab und an, eine wespe,

als wort, en nature

(...)"

An dësem Extrait fënnt een d'Substanz vum Hoerold senger Dichtung

Eng Rees an der Zäit

D'Wuertmaterial ass gekonnt ausgewielt, et ass keng Beschreiwung néideg fir eng Stëmmung, eng Atmosphär, e Gedanken an e Fillen auszeléisen, well d'Kraaft vun all Gedicht läit a senger gekonnt gezillt ausgesichter Zesummesetzung.

Kubakris oder de Park ze Beetebuerg, den Dram vum Fridden oder Erënnerung u grouss Dichter, eng Libeserklärung un eng Fra un d'Konscht oder un Beetebuerg, e Bléck un dat not an d'Verlaangeren nom wäit fort. De Hoerold beweegt sech ganz konzentréiert am Raum an an der Zäit, an der Vergaangenheet ouni nostalgesch ze sinn, ze Beetebuerg ouni pathetesche Lokalpatriotismus, an der Léift ouni Kitsch.

Vill clin d'oeilen, déi d'Lecture nach méi spannend maachen, déi och emol en zweet Liesen verlaangen, virwëtzeg maachen.

Eng zäitlos Lyrik

De Hoerold soll ee reegelrecht beim Wuert huelen, well all Wuert steet an enger wonnerbar, präziser an stëmmeger Symbios mat de Wierder ronderëm. Doduerch entsteet des Liichtegkeet a mécht des Lyrik zäitlos.

Et ass schwéier e Leitmotiv z'erkennen, et sinn d'Illustratiounen vum jonke Kënschtler Alain Welter, déi d'Sujeten subtil undeiten, déi op den Säiten duerno zum Virschäin kommen.

Ronn 230 Säiten si gefëllt mat mol immens kuerzen, mol méi laangen Gedichter, D'Grafik spillt eng eminent Roll, et soll e Gedichter net liesen, mee lauschteren, gëtt oft gesot, beim Pit Hoerold senger Lyrik kann een awer béides ganz gutt.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Francis Kirps
"Die Mutationen"

Den Francis Kirps ass de Gewënner vum Servais-Präis 2020. Die Mutationen, eng Sammlung vu siwe Geschichten an engem Gedicht, konnt d'Jury iwwerzeegen. Mir hu mat der Presidentin vum Jury a mam Auteur geschwat.

StanislawLec
Een Theema, e Buch

An der Katastroph hëlleft just nach den Humor: de polneschen Dichter a Satiriker Stanislaw Jerzy Lec (1909-1966) huet seng tragesch Liewenserfarung an herrlechen Aphorisme verschafft a gouf dofir berüümt.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen