Kannerfilm Pete's Dragon: Een typeschen Disney

Ob ee wëll oder net, Disney-Filmer huet all Mënsch fréier oder spéider gesinn. "Pete's Dragon" verbënnt all d'Coden, déi dës Filmer zënter Joerzéngten auszeechnen. An awer ass dëse Kannerfilm iwwert ee Weesekand an een Draach a senger Manéier eng Grimmel anescht.

Tom Dockal / cwi

petes dragon.jpeg
"Pete's Dragon" , e Film iwwer eng Frëndschaft tëscht Kand an Draach. (Foto: © Disney)

Den Debit, mat deem Walt Disney Pictures déi leschten Zäit Filmer op der Marché jummt, ass alles anescht ewéi net beuechtenswäert. Alles an allem ass "Pete’s Dragon", déi siwent Disney-Produktioun fir dëst Joer. De Kannerfilm ass den zweete Bäitrag fir 2016 an engem zënter e puer Jore ganz interessanten Trend bei Disney: "Alice in Wonderland", "Oz the Great and Powerful", "Malficent", "Cinderella" an dëst Joer am Fréijoer eréischt "The Jungle Book" - Disney huet scheinbar wëlles, all hausinternen Animatiounsklassiker nei opzeschaffen. Déi schlecht gesënnte Geeschter géife soen, recycléieren.

Aneren Ingredient vun deene Remaken: Aus Animatiounsfilmer gi Live-Action-Long-Métragen. "Pete’s Dragon" ass ënnert dësem Wénkel en Zwitterprodukt. Ähnlech wéi zum Beispill "Mary Poppins", war "Pete’s Dragon" Anno 1977 hallef animéiert, hallef gefilmt.

Ee Weesekand an een Draach

Wéi gesäit déi opgeschaffte Fassung aus? Ënnert der Regie vum David Lowery, dee virun dräi Joer mam Neo-Western "Ain’t Them Bodies Saints" eng éischte Kéier op sech opmierksam gemaach huet, erzielt "Pete’s Dragon" Anno 2016 d’Geschicht vum klénge Weesekand Pete, deen nom Doud vu sengen Elteren an engem Autosaccident, bei deem hie selwer dobäi war, vun engem grénge pelzegen Draach opgeholl gëtt. Mat deem lieft hien e puer Joer zesummen.

Enges gudden Daags entdeckt de Pete am Bësch Mënschen an et dauert net laang, bis datt hie selwer entdeckt gëtt. No enger ganzer Rëtsch gëtt de Bouf nees vu Mënschen opgeholl. Bei aller Freed vermësst de Jong säin Draachefrënd Elliot. Déi Zwee, Kand an Draach, fänken u sech géigesäiteg ze sichen.

Op der Sich nom Aneren

Oniwwerraschenderweis féiert dëst zu Malentenduen. Engersäits, well keen dem Pete Ufanks gleeft, ausser de Robert Redford. Anerersäits, well aner Erwuessener den Draach Elliot als Menace betruechten. D’Frëndschaft tëschent dem Pete a sengem Draach steet um Spill. De Fuchur aus der Onendlecher Geschicht trëfft op L’enfant sauvage, trëfft op den haut zu Onrecht liicht a Vergiessenheet gerodenen "Iron Giant" vum Brad Bird.

Skeptiker, déi dem amerikaneschen Animatiounsfilm ëmmer eng onnéideg Hysterie virgeheien, dierfte bei "Pete’s Dragon" eng kleng Iwwerraschung erliewen. 98 Minutte laang huele sech de Lowery a säin Dréibuchauteur all Zäit vun der Welt fir d’Frëndschaft vun dësen zwee Wiesen an Zeen ze setzen.

Dramaturgesch einfach

Do dernieft gëtt a kengem Ament ze vill geschwat: De Film ass esou opgebaut, datt alles zu all Zäitpunkt kloer ass. Iwwerhaapt ass de Film vu vir bis hanne vun enger dramaturgescher Simplicitéit duerchzunn, datt et engem Erwuesse Public scho bal ze einfach ass: Am Géigendeel zu de Pixar Filmer, gëtt hei net déi ganzen Zäit op d’Kanner an hir Eltere gläichzäiteg opgepasst. "Pete’s Dragon" ass een op ganzer Längt onschëllege Film fir Kanner, dee säi Public déi ganzen Zäit eescht hëlt an net onnéideg ëm d’Opmierksamkeet heeschen deet.

Dofir ass d’Inzenéierung ze souverän lëfteg. Déi Einfachheet léisst sech och heiansdo un den Dialogen ofliesen. Mee et ass dem Cast ronderëm Redford, Bryce Dallas Howard, Karl Urban a Co ze verdanken, datt d’Geschicht an der Kuliss vum amerikanesche mëttlere Westen - deen a Wierklechkeet Neiséiland ass - ëmmer um Gefill bleift, ni awer an d’Sentimentalitéit oftaucht.

A ganz niewebäi ginn esou Sujete behandelt ewéi Traueraarbecht. Wann all Kannerfilm den Esprit vu "Pete’s Dragon" hätt, da wier d’Welt schonns e bëssi méi an der Rei.

An der Mediathéik:

Kultur / / Tom Dockal
Lauschteren

Méi zum Thema

La Danseuse
Biopic

"La Danseuse" ass ee fräi adaptéierte Biopic iwwer d'Loïe Fuller, eng vun de Pionéierinne vum Modernen Danz. De Film thematiséiert hir Zweiwel an hir Rivalitéit mat der Dänzerin Isadora Duncan.

Miss Peregrine's Home for Peculiar Children-.JPG
Filmkritik

Dem Tim Burton säi jéngste Film "Miss Peregrine’s Home for Peculiar Children" ass eng Aventure mat Zäit-Loopen, ongewéinleche Kanner mat nach méi ongewéinleche Fähegkeeten a mat Monsteren, deenen Tentakelen aus dem Mond wuessen.

Cezanne et moi
Groussen Ecran

De Film iwwer d'Frëndschaft tëscht dem Émile Zola an dem Paul Cézanne kënnt net richteg un d'Rullen. Den Zeenario, d’schauspilleresch Leeschtung an d’Musek loossen ze wënschen iwwereg.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen