Film Oscars 2021: Lëtzebuerg mat zwou Co-Produktioune vertrueden

Dës Nuecht ass zu L.A. déi 93. Oscar-Zeremomie. Wéinst der Coronavirus-Pandemie goufen d'Oscaren ëm zwee Méint verluecht, an de rouden Teppech an och d'Zeremonie selwer wäerten dest Joer ganz anescht ausgesinn. Ënnert de Favoritte sinn d'Filmer Nomadland a Mank zum Beispill déi déi mannst Leit am Kino gesinn hunn. An den USA si vill Kinoen nach ëmmer zou, an et huet ee missen doheem d'Filmer kucken.

Philip Crowther / tt

Interview zu L.A. mam Bernard Michaux
De Bernard Michaux a Philip Crowther zu Los Angeles.

Fir Lëtzebuerg ass dës Nuecht besonnesch interessant, well et sinn direkt zwou Co-Produktiounen nominéiert.


Lauschtert de ganzen Interview mam Bernard Michaux


Schonn zéng Deeg laang ass de Bernard Michaux zu Los Angeles, esou fréi, well d'Coronavirus-Reegele vun den Organisateuren et esou virschreiwen, mee och well et fir de Produzent vu Samsa drëms gaangen ass säi Film un d'Membere vun der Academy ze kréien.

Säi Film, dat ass Collective, en Dokumentarfilm iwwer e Grupp Journalisten, déi Korruptioun an der rumänescher Regierung opdecken. De Film ass fir d'Kategorie vum beschten Documentaire nominéiert, an och fir Rumänien fir de beschten auslännesche Film, eng immens rar Saach fir en Dokumentarfilm.

A béide Kategorien ass de Film net Favorit, mee kéint et zu enger Iwwerraschung packen.

Union Station, de Site vun der Oscar-Zeremonie dëst Joer

De Bernard Michaux wäert dës Nuecht och de berüümte rouden Teppech erliewen. Wéinst der Pandemie wäerten awer manner Staren do sinn, an d'Zeremonie ass dëst Joer an der Gare vun L.A. Do ass et méi einfach déi néideg Distanz anzehalen.

E Plakat fir déi Lëtzebuergesch Co-Produktioun Wolfwalkers am Downtown vun L.A.

Nieft Collective ass och de Film Wolfwalkers fir en Oscar nominéiert, an der Kategorie vum beschten Animatiounsfilm. Dës Co-Produktioun tëscht Irland a Lëtzebuerg huet en haarde Kampf mat de Filmer vun Disney a Pixar fir den Oscar ze gewannen.

Méi zum Thema

Isabel Scott 2.JPG Kommentar
Meenung

D'lescht Woch huet e Casting-Call vun der Lëtzebuerger Serie "Capitani" fir Opreegung gesuergt, well am Casting op rassistesch Stereotyppen zeréckgegraff gouf. Et handelt sech heibäi ëm méi wéi "Cancel-Culture", fënnt d'Isabel Scott.

collectiv.jpeg
Europäesche Filmpräis 2020

Déi Europäesch Filmakademie huet déi rumänesch-lëtzebuergesch Coproduktioun ausgezeechent. De Film vum rumänesche Regisseur Alexander Nanau gouf vu Samsa coproduzéiert.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen