Literatur Op de Spuere vun engem ale Fuuss

Nei-Interpretatioun vun engem literareschen Archetyp a Sich no de Quelle vu senger Beruffung: dem Pierre Joris seng Poesie- a Prosasammlung ''Fox-trails, -tales & -trots'' (Black Fountain Press) hat et bis op d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt.

Michel Delage

Pierre Joris Fox
Eng Anthologie vun Texter, déi bis an 1970er zeréckginn

De Fuuss ass eng bekannten, archetypesch Figur an der europäescher Literatur, déi zanter dem Mëttelalter ënnert deene verschiddenste Formen deklinéiert gouf: Roman de Renart, Reineke Fuchs, de Renert ... D'Déier mam roude Pelz entsprécht enger europäescher Traditioun, och enger Lëtzebuerger Traditioun, a souguer, am Fall vum Pierre Joris, enger Familljentraditioun.

Säi Virfar, den Drécker Jean Joris, hat 1872 dem Méchel Rodange säin Epos ''Renert. De Fuuss am Frack an a Maansgréisst'' verëffentlecht. Säi Papp Roger stellt hien als Jeeër a Chirurg vir, an zwar an där Reiefolleg. ''The fox has been my totem animal since childhood'', erkläert de Pierre Joris an der Aleedung zu sengem Buch.

Bréch mat der Traditioun a Kontinuitéit

''Fox-trails, -tales & -trots'' ass eng Sammlung vun Essaien a Gedichter, vun deenen de Gros scho publizéiert war - déi éischt Texter ufanks den 1970er Joren. Am ''A Book of Foxes'' genannten éischten Deel mat dräi Gedichter, gëtt de Fuuss direkt an d'Spill bruecht. Et ass eng postmodern Poesie, déi wuel an der Form mat der Traditioun brécht, mat enger Reduktioun vun de Versen op een, zwee oder dräi Wierder, déi dann ëmsou méi Gewiicht kréien, respektiv engem der Zäit ugepassten, deelweis saloppe Langage (''motherfuckers").

Anerersäits bezitt sech de Pierre Joris wuel op d'Traditioun. De ''Prologue to Book one of The Book of the Fox'' ass en Hommage un de Méchel Rodange, deem säi ''Renert'' an eng nei Form gegoss gëtt respektiv en neie Pelz ugedoe kritt. ''The First Fox Poems'' bezéie sech souguer op déi eelsten erhale chineesesch Schrëft iwwerhaapt: ''I Ging'', dem Buch vun de Wandlungen.

Erotik vum Fuuss

A propos Traditioun: A senger Poesie insistéiert de Pierre Joris um sexuellen Imaginär, deen de Fuuss scho laang an eiser Kultur verkierpert, zum Beispill iwwer de feierroude Pelz oder den erigéierte Schwanz:

''for success

therefore

carry

your tail

high

in the air''.

Hien erënnert drun, datt dës Erotik vum Fuuss vum zäitgenëssesche Slang opgegraff gouf (''foxy lady''). Am drëtte Gedicht gëtt et dann explizitt: den Dichter verzielt a senge Wierder déi verdrängten Episod, an där den ''trickster", den hannerlëschtege Renart dem Wollef Ysengrin seng Fra Hersant vun hannen erbäihëlt!

D'Sourcë vum Dichter, Iwwersetzer a Schrëftsteller

Am zweeten Deel vum Buch, dee sech aus sechs autobiographesche Prosatexter zesummesetzt, kënnt de Pierre Joris op säi perséinleche Parcours zeréck. De Fuuss spillt hei nëmmen nach indirekt eng Roll, an engem metaphoresche Sënn.

Den ale Fuuss erënnert sech u seng Éisleker Kandheet nom Zweete Weltkrich, an där deen duerchaus nach presenten Antisemitismus net weider gesteiert hat. Et ass d'Entdeckung vum Klang virun der Entdeckung vun der Lektür, an domat vläicht d'Ukënnegung vum zukünftege Poet.

War am Schüler, dee mat der Diversitéit vun de Sprooche konfrontéiert gouf, net och schonn den Iwwersetzer Pierre Joris ugeluecht? De Schrëftsteller war sengersäits definitiv lancéiert, nodeems Ginsberg a Burroughs den deemolege Student an enger klenger subversiver Librairie, net wäit ewech vun der Plëss, fonnt haten.

Lëtzebuerg-USA

Dem Joris seng Essaie si wéi d'''foxtrails'' vum Buchtitel, dat heescht d'Spuerespiller, oder wéi de ''foxtrot'', deen Danz, bei deem een ëmmer erëm op seng Ausgangspositioun zeréckkënnt. Zu Lëtzebuerg huet fir hien alles ugefaangen, mee New York ass dem Schrëftsteller an Iwwersetzer seng nei Heemecht ginn.

Lëtzebuerg-USA, eng Dualitéit, déi de Pierre Joris zum Beispill an enger ''Letter to Steichen's Ed'' verschafft, an déi hien am Laf vu sengem Liewe schéngt intensiv beschäftegt ze hunn: ''Am I a foreigner in Lëtzebuerg or is Lëtzebuerg a foreigner in me?'' Keng einfach Fro. Vläicht hänkt d'Äntwert einfach dovunner of, wéi ee ''Moien'' seet ...

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Michel Clees - Parterre / Captcha
Buchkritik

"Captcha a Parterre" heeschen déi zwee Stécker, déi de Michel Clees a senger Autoreresidenz am TNL geschriwwen huet, an déi a Buchform erauskoumen. Eng Erausfuerderung, fënnt d'Valerija Berdi.

Marc Angel, Samuel Hamen
Am Gespréich

Zwee, déi sech fonnt hunn: mam Schrëftsteller Samuel Hamen a mam Zeechner Marc Angel hu sech zwou Generatioune vu Kënschtler zesummegedoen, fir eng originell hybrid Form ze schafen.

Lëtzebuerger Buchpräis
Lëtzebuerger Literatur

An engem ganz klenge Kader goufe gëschter Owend an der Nationalbibliothéik d'Gewënner vum Lëtzebuerg Buchpräis ausgezeechent. Fënnef Präisser fir dräi Bicher, de grousse Gewënner ass d'Verlagshaus Binsfeld.

Triptyque
Literatur

A sengem leschte Gedichtband setzt sech de Serge Basso de March mat der Vergänglechkeet auserneen. "Triptyque d'un horizon aperçu" ass och de Versuch, d'Zäit iergendwéi opzehiewen.

Net verpassen

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

  • Panorama

  • Tockcity

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen