Luxfilmfest Odyssee vun enger jonker Koppel duerch Teheran

D'Widderspréch vun der iranescher Gesellschaft, besonnesch a bezuch op déi sexuell Tabuen, ginn am Ali Asgari sengem Drama "Disappearance" ob eng relativ einfach Aart a Weis op de Punkt bruecht. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

Michel Delage

Filmkritik Disappearance 04 (c) Habib Majidi.jpg
Amirreza Ranjbaran a Sadaf Asgari (Foto: Habib Majidi)

Eng jonk Koppel zitt duerch d'Nuecht vun Teheran op der verzweiwelter Sich no engem Spidol. D'Meedche blutt a muss sech behandele loossen. Wat bei eis relativ banal wier, ass am Iran eng onméiglech Situatioun: sexuell Bezéiunge virum Bestietnis sinn an där reliéis-gepräägter traditioneller Gesellschaft een Tabu.

D'Handlung vun "Disappareance" ass einfach gestréckt a kënnt mat wéinege Personnagen aus. Déi éischt Sequenz gëtt ee Muster vir, dat sech eng Rei Kéiere mat Variatioune widderhëlt: déi jonk Koppel kënnt an engem Spidol un, muss do eng Geschicht erfannen, fir datt d'Meedche kann ugeholl a behandelt ginn. Um Enn scheitert et dorun, datt den - onméiglechen - Accord vun den Elteren néideg ass.

Den dramateschen Effet, deen duerch d'Widderhuelung vun deem Schema entsteet, an d'Kamera, déi sech mat de Protagonisten (déi ze Fouss oder mam Auto ënnerwee sinn) beweegt, gëtt deem Ganzen een Hauch vun Odyssee.

Amirreza Ranjbaran a Sadaf Asgari (Foto: Habib Majidi)

Erzwonge Solidaritéit

Zentral am Ali Asgari sengem Film ass d'Relatioun tëschent dem Meedchen an dem Jong. Et ass net d'Léift, déi di zwee matenee verbënnt, mä eng erzwonge Solidaritéit. Wa si erwëscht ginn, huet dat Konsequenze fir si alle béid. D'Relatioun tëschent deenen zwee Personnagen ass deementspriechend kal. Obwuel si am selwechte Kader gefilmt ginn, sinn hir Kierperen dacks vuneneen ewech gedréint.

Emotioune weisen si net vill, hir Mimik ass minimalistesch (de Jong kuckt éischter béis a genervt dran, dem Meedche liest een d'Péng am Gesiicht of). Déi blatzeg blo-gro Faarftéin vun der Fotografie, déi schwaach virum Hannergrond vun der Nuecht zu Teheran liichten, ënnersträichen déi Keelt.

Rigiditéit vum System

"Disappearance" bréngt d'Widderspréch vun der iranescher Gesellschaft op eng iwwersiichtlech a relativ einfach Aart a Weis op de Punkt. D'Absurditéit vun der beschriwwener Situatioun kënnt besonnesch an enger Zeen zum Ausdrock: d'Koppel leeft aus engem Spidol fort, d'Meedche mam Baxter am Grapp, deen da méi spéit op der Strooss un engem Luuchtepotto hänkt ...

De Film weist an engems d'Hypokrisie, zu där d'Mënsche gezwonge sinn. D'Personal an de Spideeler weess genee, firwat déi jonk Koppel do ass, wëllt oder kann awer net hëllefen, aus Angscht virun de Konsequenzen: am Regimm vun de Mullahe géif ee sech domat strofbar maachen. Déi faarweg Sträifen um Buedem vun engem vun de Spideeler oder déi wäiss duerchgezunne Linnen a Feiler op der Strooss verdäitlechen d'Rigiditéit vum System: d'Richtung ass virginn, et gëtt keng aner.

"Disappearance" leeft dësen Donneschdeg um 19h am Utopia an e Freideg um 19h an der Cinemathéik, am Kader vum Luxfilmfest.

Méi zum Thema

Marlina the Murderer 02 (c) Eriekn Juragan.JPG Filmkritik
Luxfilmfest

"Marlina the murderer in four acts" vun der indonesescher Realisatrice Mouly Surya ass ee Spaghetti-Western a Revenge-Film, deen op eng originell Aart a Weis een nuancéiert Bild vun der Fra zeechent.

Pity 02 (c) 2017 Margarita Nikitaki, All Rights Reserved.jpg Filmkritik
Luxfilmfest

"Pity" vum Babis Makridis ass eng bizare griichesch Komedie iwwert de Besoin fir bematleet ze ginn. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

Holiday Filmkritik
Luxfilmfest

Kënnt een aus enger iwwerflächlecher Luxuswelt, an där ee gefaangen ass, nees eraus? Dorëms geet et am dänesche Film "Holiday" vun der Isabella Eklöf. Aus der offizieller Kompetitioun vum Luxfilmfest.

GUTLAND 08 (c) DR.jpg Filmkritik
Luxfilmfest

"Gutland" vum Lëtzebuerger Govinda Van Maele vermëscht Elementer aus Film noir, Thriller an Documentaire fir den Integratiounsprozess vun engem Aussesäiter an eng fir hien nei Gemeinschaft duerzestellen.

Foxtrot (c) DR 01.jpg Filmkritik
Luxfilmfest

D'Trauer vun den Elteren, d'Onsënnegkeet vum Krich... Den israeleschen Drama "Foxtrott" behandelt een tragesche Sujet mat engem erstaunleche Räichtum u filmesche Mëttelen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen