Fräie Mikro "Och de Raum fir Publicitéit huet Grenzen"

Ass de Parvis vun enger Philharmonie déi richteg Plaz fir een Auto auszestellen? Dës Fro stellt de Marc Glesener am fräie Mikro. Den Architekt vun der Philharmonie hätt sécher net gewollt, datt d'Gebai mat engem Auto dekoréiert gëtt.

Marc Glesener / cwi

Meenung Marc Glesener.jpg
Och Publizitéit huet seng Grenzen, mengt de Marc Glesener.

Et gi muenchmol Klengegkeeten, déi een opreegen. Saachen, déi am grousse Kontext éischter onwichteg sinn. Déi engem awer uewe leien a wann ee si zum Beispill méi dacks gesäit, ëmmer erëm an de Kapp kommen. Hei ass elo d’Geleeënheet esou eng Saach ze thematiséieren.

Zanter Méint, vläicht scho Joren, gesinn ech all Kéiers, wann ech laanscht d’Philharmonie um Kierchbierg fueren oder ginn, eng däitsch Luxuskaross virun der Dir geparkt. Geparkt ass net dat richteg Wuert: Den Auto steet virun der Haaptentrée vum Gebai op enger Zort Podium.

Wéi e Konschtwierk steet den Auto do. Ëmmer en neie Modell. Ëmmer eng aner Faarf.

Ee Message?

À Propos Konschtwierk: De Christian de Portzamparc, den Architekt vun der Philharmonie, hat säi Gebai ganz sécher net mat engem Auto als Dekoratioun geplangt. Elo steet en awer virdrun, a soll Opmierksamkeet op sech zéien. Fir d’Mark a fir de Verkaf.

Oder gëtt et vläicht dach ee kënschtleresche Message? Ass den Auto virum Kulturtempel vläicht e Symbol fir d’Léift vum Lëtzebuerger zu der Blechekëscht op véier Rieder? Wéi och ëmmer...

"Brauche mir esou eng Intrusioun?"

Den Hannergrond, esou ass a Kulturkreesser ze héieren, wier en Deal tëscht der Philharmonie an enger Autosmark, déi den Transport vu Museker, Gäscht an esou weider organiséiert an Autoen zur Verfügung stellt. Et ass novollzéibar, datt d'Kultur op esou Ënnerstëtzung aus der Wirtschaft ugewisen ass. Freet sech allerdéngs, wéi wäit dëst kann, muss oder soll goen.

Den Auto quasi als Reklamms-Objet fest an d’Skyline vun der Philharmonie an domat och an déi vum Kierchbierg ze integréieren, ass a mengen Aen ee staarkt Stéck. Et hätt scho laang misse Leit aus der Kulturzeen op de Plang ruffen. Oder brauche mir effektiv esou eng massiv Intrusioun vu Reklamm an d’Kultur?

Ech ka mir kaum virstellen, datt virun d’Haaptentrée vun der Louvre-Pyramid zu Paräis ee Podium géif opgestallt ginn, op deem laangfristeg Autoen ausgestallt ginn. Esou eng Zort Pub gesäit een, wann iwwerhaapt, nëmmen op Fluchhäfen oder a grousse kommerziellen Zenteren. Awer um Parvis vun engem Konschtgebai- dat ass e bësse vill däers Gudden.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Marc-Glesener-1024x682.jpg Meenung
Panama Papers

Iwwer 200.000 Bréifkëschtefirmaen an de Verdacht op systematesch Steierhannerzéiung. Doriwwer wonnert ee sech net méi richteg. Dat ass geféierlech, mengt de Marc Glesener am Fräie Mikro.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen