James Romberger - Post York New York no der Klima-Apokalyps

Wéi gesäit d'Welt aus, wa mer de Klimawandel net kënne bremsen? Déi Fro stellen sech grad net nëmme Wëssenschaftler, mee och vill Kënschtler, dorënner den Zeechner James Romberger, deen sech d' Zukunft vu senger Heemechtsstad New York ausgemoolt huet.

Jeff Thoss / tt

Post York vum James Romberger
"Post York" vum James Romberger ass erauskomm bei Berger Books

Den James Romberger moolt sech a "Post York" d'Zukunft vu senger Heemechtsstad New York aus, nodeems d'Äis un de Polen duerch de Klimawandel geschmolt ass, an d'Stad ënner Waasser steet.

Tëscht Climate Fiction an Horrorcomic

Säin Held, de Crosby, fiert mam Schlauchboot duerch Stroossen, an deene just nach vereenzelt Leit an den Héichhaiser liewen. Et erkennt ee séier eng Rëtsch Science-Fiction-Elementer, déi den Zeechner hei kombinéiert: dramatesch Biller vun enger Welt, déi duerch d'Klimakris zerstéiert gouf, wéi se fir de rezente Phenomeen vun der Climate Fiction typesch sinn, mee och allgemeng Zenarien aus post-apokalypteschen Erzielunge wéi de Kampf ëm knapp Ressourcen an Eenzelgänger, déi duerch d'Ruine vun der Zivilisatioun zéien. Mat sengen dacks makabere Schwaarz-Wäiss-Zeechnunge steet de Romberger awer och an der Traditioun vum Horrorcomic.

Villes kënnt engem bekannt vir, bei der Erzielstruktur erweist sech "Post York" awer als ganz originell. Vun den zwee Haaptevenementer am Buch - eng Renconter vum Crosby mat enger jonker Fra an eng mat engem Wal - kréie mer dräi Versioune presentéiert, déi mol besser a mol méi schlecht ausginn.

Onbehollef Ëmsetzung

Dëse Prinzip kann een als Kommentar zur aktueller Diskussioun iwwer d'Klimakris verstoen, wou et jo och drëms geet, Alternativen ze entwerfen, fir de Laf vun der Geschicht ze änneren.

D'Iddi ass am Comic allerdéngs besser, wéi hir Ëmsetzung. Et geet net ëmmer alles op, d'Dialoger sinn onbehollef an et mierkt een, datt dem James Romberger seng Stäerkten éischter an der Illustratioun, wéi an der Erzielung leien. Zum Gléck ass "Post York" awer och eng Graphic Novel, déi vun de Biller lieft an dacks ouni Dialoger auskënnt. Dem Romberger gelénge memorabel Sequenzen, wou hie mat wéinege Strécher an engem labberen, onreegelméissege Layout eng bedréckend Atmosphär erschaaft an engem d'Tristesse vun der Welt an de Leit, déi an hir liewe mussen, méi no bréngt.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

An du koumen d'Capybaraen
Kannerbuch

D'Capybaraen musse virun de Jeeër flüchten a sichen Hëllef um Héngerhaff. D'Hénger allerdéngs sinn net begeeschtert, datt hiren Alldag op d'Kopp geheit gëtt. E beréierend Kannerbuch vum Alfredo Soderguit, wat elo op Lëtzebuergesch iwwersat gouf.

Penelopes zwei Leben
Gezeechent

D'Penelope ass eng belsch Chirurgin, déi am Biergerkrich a Syrien am Asaz ass. Déi zwee Liewen aus der Graphic Novel bezéie sech op de Kontrast tëschent där Aarbecht an dem quasi normale Familljeliewen.

Oleg vum Frederik Peeters
Frederik Peeters, Oleg

"Oleg" begleet ee Mann um Enn vu senger 40er, deen eng kreativ Kris duerchlieft a sech net méi an der Popkultur erëm fënnt. Eng BD, déi ëmmer erëm iwwer d'Linnen tëschent Realitéit a Fiktioun spréngt.

Bella Ciao
Baru - Bella Ciao

An "Bella Ciao" erzielt de Baru Geschichten iwwer déi italienesch Immigratioun an den industriellen Norde vun der Lorraine. Se stamen deelweis aus dem Zeechner sengem eegenen Ëmfeld.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen