D'Gamescom riicht sech net nëmmen un agefleeschte Computer-Experten. Grad fir déi Leit, déi net an der Gaming-Zeen doheem wieren, wier d'Foire eng gutt Geleeënheet, fir sech mam Thema ze befaassen, mengt de Jeff Cigrand vun der Lëtzebuerger Online-Gaming-Plattform “MPOAI” (fréier LuxGameTV). Op der Gamescom géingen nämlech net nëmme Spiller, mee och nei Technologien am Beräich Videospiller an Informatik virgestallt ginn. "Et ginn nei Computeren, nei Hardware, nei Iddie presentéiert a Saache virgestallt, vun deenen et mol kee Prototyp gëtt."
D'virtuell Realitéit ass um Kommen
Op der Gamescom geet et deemno net just ëm Ënnerhalung: Et kann ee sech och informéieren iwwer aktuell Entwécklungen, déi a Relatioun mat der Gaming-Industrie stinn. Am Kader vum Gamescom-Kongress sti ronn 80 Virträg um Programm. Themeschwéierpunkte sinn ënnert anerem den Auto vun der Zukunft an déi sougenannt virtuell Realitéit.
Virtual-Reality-Brëller spillen dem Jeff Cigrand no bei de Computerspiller eng ëmmer méi grouss Roll. De Spiller kéint domat ganz an d'Spillwelt andréngen. "Et kritt een e Brëll opgesat an et gesäit ee just d'Spillwelt."
Dernieft géing et och nach déi sougenannten augmented Reality ginn. Als Beispill nennt de Jeff Cigrand d'Spill "Pokemon Go". "Hei gesäit een iwwert d'Kamera, wat bausse ronderëm ass. Mee et gesäit een och Figuren, déi ageblent ginn." D'Realitéit géing also erweidert ginn.
Keng national Kontroll vu Videospiller
De Jugendschutz ass e weidere Schwéierpunkt vum Kongress. Datt Computer- a Videospiller d'Gewalt bei Jugendleche fërderen, ass eng Kritik mat där d’Gaming-Industrie dacks konfrontéiert gëtt. Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus? Ginn et Aschränkunge fir Jonker, zum Beispill wat d’Kafe vu Videospiller ugeet?
"Et gëtt keng Kontroll zu Lëtzebuerg", seet dozou de Jeff Cigrand. An Däitschland wier dat anescht. Do géingen zwou Instanzen d'Videospiller kontrolléieren. D'FSK (Freiwillige Selbstkontrolle der Filmwirtschaft) an d'USK (Unterhaltungssoftware Selbstkontrolle) géinge festleeën, vu wéivill Joer un een d'Filmer, respektiv d'Spiller dierft kafen. Zu Lëtzebuerg géing et dat net ginn.
Et kéint ee sech awer un der Aschätzung vun der "Pan European Game Information" (PEGI) orientéieren, déi an Europa Videospiller klasséiert. "Déi kucke sech d'Spiller un, ginn eng Bewäertung of, kucken ob Gewalt oder Drogen am Spill virkommen an ëm wat et geet. Dat steet dann hannen um Spill a gëtt mat Symboler markéiert", erkläert de Jeff Cigrand. Et léich awer un den Elteren ze kontrolléieren, wat d'Kanner spillen.
"Déi meescht si Bréifkëschtefirmaen"
Lëtzebuerg huet sech an de leschte Jore beméit, fir sech als attraktive Standuert fir déi digital Ekonomie ze positionéieren. D’Gaming-Industrie spillt am Grand-Duché awer bis ewell nach keng grouss Roll, mengt de Sven Wohl. De fréiere Journalist a Member vun der Piratepartei huet selwer scho bei der Entwécklung vu Computerspiller matgeschafft.
Et wieren zwar Videospill-Firmaen zu Lëtzebuerg, dat wieren awer meeschtens Bréifkëschtefirmaen. "Am beschte Fall hu si Serveren". Wéinst der Méisproochegkeet wieren héchstens nach Lokaliséierungsdéngschter an de Customer-Support zu Lëtzebuerg baséiert. Et géing awer keng Studioen zu Lëtzebuerg ginn. "Mir hunn awer e puer onofhängeg Entwéckler, déi probéieren eleng oder mat Frënn eppes z'entwéckelen", esou de Sven Wohl.
D’Gamescom zu Köln leeft vum 17. bis 21. August.