Filmkritik My Darling Quarantin: The Barefoot Emperor vu Woodworth a Brosens

Wéini d'Kinoen nees hir Dieren opmaachen, ass nach net virauszegesinn. Mee dat hält an Zäite vu Streamingdéngschter kee Cinephil of, fir Filmer ze kucken. An eiser Serie vu Filmkriticke mam Numm My Darling Quarantine kuckt den Tom Dockal Filmer, déi ze gesi sinn ausser op Netflix. De Film vun haut, deen iwweregens op vod.lu ze gesinn ass: "The Barefoot Emperor" vum belsche Realisatiounsduo Jessica Woodworth a Peter Brosens.

Tom Dockal

The Barefoot Emperor
(Foto: IMDb)

Sequels a Franchises gehéieren zum Alldag vun der amerikanescher Filmindustrie. Datt een awer eng Suite vun engem europäeschen Arthouse-Hit presentéiert kritt, ass dofir méi iwwerraschend. "The Barefoot Emperor" vun der Jessica Woodworth an dem Peter Brosens ass elo esou een. An erzielt de kontinuéierleche Péripel vum belsche Kinnek fir Heem ze kommen.

Am éischte Film "The King of the Belgians" huet hien et bis an Albanie gepackt. D'Odyssee schéngt awer keen Enn ze fannen. Zu Sarajevo assistéiert hien a säin Entourage un engem Reenactement vum Assassinat vum Keeser Franz Ferdinand, an e belsche Sniper verwiesselt de Schauspiller, deen de Gavrilo Princip spillt, fir e richtege Attentäter. A schéisst. Derlaanscht. An zwar op de Kinnek. Deem säin Ouer gëtt getraff.

Um Tito senger Insel

Eemol nees erwächt, ass eise Protagonist an der Kur op enger kroatescher Insel. Net just enger Insel. Mee dem Tito senger Insel. Seng Begleeder, aus rietser Hand, Attachée de presse a Valet, sinn natierlech och mat do. Op Uerder vum Chefdokter Dr. Kroll kommen d'Belsch net vun der Insel, op där jiddwereen esou heescht, wéi e prominente Gaascht, deen an de respektiven Zëmmere geschlof huet. Aus dem Kinnek gëtt esou de Brejnev. Wat dem Kinnek säin Entourage him virenthält, ass, datt alt nees eng Kéier Sarajevo no deem Incident un der Wuerzel vun enger schwéierer Kris an Europa ass. D'europäescht Parlament huet sech opgeléist an et gëtt no engem neie Keeser gesicht.

Natierlech ass "The Barefoot Emperor" e Sequel zum relativen Arthouse-Hit "The King of the Belgians". Mee wien deen net sollt gesinn hunn, dee sief getréischt. Et muss een deen net gesinn hunn. Och wann d'Personnagen déi nämmlecht an d'Rees schonn amgaang ass, esou sinn déi Filmer, virun allem an hirer Form esou verschidden, datt se u sech fir sech eleng funktionéieren. "The King of the Belgians" war e Mockumentary, e falschen Documentaire, "The Barefoot Emperor" ass e Fiktiounsfilm, dee funktionéiert wéi e Film aus dem Spéitwierk vum Bunuel. Mat engem formelle Kader, hei e Huis clos, an deem d'Personnagen agéieren. An de Mikrokosmos, onofhängeg wéi subtil oder onsubtil an topesch, ass ouni Problem op den europäesche Makrokosmos ze iwwerdroen.

Am éischte Film ass d'Belsch auserneegebrach, an deem heite brécht Europa auserneen an déi Riets riskéieren d'Muecht ze ergräifen. De Kinnek trëllt, komplett aus der Balance, iwwer déi Insel a mécht Renconteren. Den däitschen Dokter ass natierlech de Chefnazi, deen déi nei World Order opbaut, d'Geraldine Chaplin an enger Duebelroll ass eng Figur, déi u sech net dierft ausserhalb vum Dréibuch funktionéieren, mee funktionéiert awer. E Lama hält sech fir en Zebra. Sikhe landen op der Insel, déi den italienesche Parmesan gerett hunn. An esou weider an esou virun.

(Foto: IMDb)

Den Univers vum Woodworth a Brosens ass immens, d'Decouverte vum Tito senger Insel - déi et iwwregens wierklech gouf - och. D'Dramaturgie schleeft heiansdo, well een de Propos vum Huis clos relativ séier duerchkuckt huet an och weess, wou et hiféiert. Mee de Laisser-faire vun de Realisateuren an d'Zesummenaarbecht mat hire Schauspiller ass immens immens schéin. Ëmmer ass ze spieren, wéi d'Ekipp sech op der Location goe gelooss huet, fir e Gedanken oder e Witz weiderzedenken. An eng ganz Rëtsch vun Imprevuen huet d'Kamera agefaangen, déi zu den Hilarantsten aus dem ganze Film gehéieren.

Net genial, mee eng gewëss Liichtegkeet

Genee wéi de belsche Film "Jumbo" ass "The Barefoot Emperor" net genial, mee déi empathesch belsch Hänn, déi dat Ganzt zesummenhalen, wëssen dat meescht mat enger Liichtegkeet ze entschëllegen. Et sief ze hoffen, datt d'Belsch nach net esou séier auserneefält an nach immens vill esou uureg Filmer produzéiert.

An der Mediathéik:

Kultur / / Tom Dockal
Lauschteren

Méi zum Thema

3/4
Filmkritik

Nieft Netflix gëtt et nach eng Abberzuel vun anere Provider. Een dovunner ass MUBI: all Dag kënnt ee Film bäi a bleift ee Mount disponibel. Esou de bulgaresche Film "3/4" vum Ilian Metev.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen