Dräizéng Recommandatioune vu Bréissel Monitoring Rapport - Esch 2022 um richtege Wee?

De 27. Mee huet d'Equipe vun Esch 2022 zesumme mam Kulturministère der Europäesche Kommissioun de Rapport vun 2019 an Ufank 2020 präsentéiert. Elo huet d'Kontrollkommissioun vu Bréissel Esch 2022 am Ganzen 13 Recommandatioune mat op de Wee ginn.

Valerija Berdi / cz

Esch 2022
Foto: blitz agency / Laurent Antonelli

An der éischter Recommandatioun gëtt drop higewisen, datt en Iwwerpréiwe vum Organigramm néideg wier. Ambitiéis Ziler an eng héich Zuel u Partner géif och eng adaptéiert Unzuel u Mataarbechter verlaangen, grad esou eng gutt intern Kommunikatioun an effikass Decisiounsprozeduren.

Changementer vun der Direktioun an dann elo och kierzlech an der Direktioun vun Esch 2022, dann de Confinement, Esch 2022 stéing an enger politesch a finanziell stabeler Situatioun a géif national Unerkennung genéissen. Natierlech ass zu Bréissel d'Fro opkomm wisou den artisteschen Direkter - also de Christian Mosar - ersat ginn ass an. D'Äntwert un d'Europäesch Kommissioun war grad esou schwammeg wéi déi déi d'Press hei zu Lëtzebuerg kritt huet. Et wier zu Mëssverständnisser komm beim Areeche vu Projeten, elo wieren awer d'Acteure vun der Kultur bereet um Projet Esch 2022 deel ze huelen.

Eng weider Recommandatioun vun der Kontrollkommissioun ass, datt sech de Projet méi staark op d'Stad Esch soll fokusséieren. Weider gëtt drop higewisen, datt et elo un der Zäit ass, datt all Porteur de projet e Bescheed kréien, ob hier agereechte Projeten elo ugeholl ginn oder net an et missten och elo Kontrakte mat de jeeweilege Kulturacteuren ënnerschriwwe ginn.

Et sinn awer nach eng ganz Rei Projeten, déi net evaluéiert sinn a grad esou vill Acteuren, déi nach keng Äntwert kritt hunn. Do dierft et dann och deemnächst zu weiderer Onzefriddenheet kommen, virun allem wa Projeten aus Zäitmanktem net méi kënne realiséiert ginn.

Eng enk Zesummenaarbecht mam professionelle Secteur gëtt gefuerdert grad esou wéi datt de Klimawandel a Form vu Konscht déi sech mat der Thematik ausenanersetzt, eng méi grouss Plaz am Projet soll kréien.

Esch 2022 soll dann och e Bléck op aner Europäesch Kulturhaaptstied a kulturell Institutioune geheien, déi am post-industriellen Ëmfeld geschafft hunn fir eng eege Geschicht iwwer Esch ze scahfen an eng Zesummenaarbecht mat Kënschtler a kulturellen Institutiounen aus dem Ausland soll dann och déi héchste Prioritéit kréien.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Christian Mosar
Kulturhaaptstad

De Christian Mosar ass net méi artistesche Leeder vun Esch 2022. Dat huet de Verwaltungsrot haut zesumme mam Christian Mosar decidéiert, heescht et an engem Communiqué vun der ASBL Esch 2022.

Valerija Berdi Kommentar
Chronik

Praktesch vun Ufank u stoung de Projet Esch 2022 ënner engem schlechte Stär. An all Ëmstellungen an Ëmstrukturéierungen hu fatal Konsequenze fir déi Kulturschafend, fënnt d'Valerija Berdi.

René Penning
Kulturjoer

Aacht Leet-Projete soll d'Escher KuFa fir d'Europäesch Kulturhaaptstad zeréckgezunn hunn, war a verschiddene Lëtzebuerger Medien ze liesen. Den Direkter vun der Escher Kulturfabrik widdersprécht dëse Behaaptungen.

Nancy Braun
Kulturhaaptstad

Déi nei Equipe, déi d'Rudder vun Esch 2022 iwwerholl huet, ass nach net komplett, d'Sich no enger Finanz- an Administratiounsdirektioun schéngt net einfach ze sinn. D'Generaldirectrice iwwer den aktuelle Stand.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen