Technologie a Literatur Aus Science-Fiction gëtt Realitéit

Eng virtuell Assistentin, déi eis Virléifte kennt an eisen Alldag organiséiert: Den neie Google-Telefon erënnert un déi digital Utopie am Roman "Mirror" vum Karl Olsberg.

Nathalie Bender / jcm

Kommentar Virtuellen Assistent
De virtuellen Assistent. Foto: Bigstock

Am Zuch op Frankfurt, Mëttwoch de 19. Oktober. An der "Süddeutsche Zeitung" ass een Artikel iwwerschriwwen: "Das Google Pixel ist das Beste Android-Smartphone". De Journalist schreift, datt wann hie sengem Testexemplaire Google Pixel “Hallo Google” seet, eng frëndlech Fraestëmm erkläert, datt si him bei ville Saache hëllefen kann.

E-Maile schreiwen, Hoteller buchen, am Restaurant reservéieren, d’Lëscht ass laang - an alles dat kann de User vum Google Pixel Smartphone iwwer Sproochsteierung froen. Hie brauch den Telefon Mol net méi unzepaken. De Simon Hurtz stellt a sengem Artikel an der SZ d’Fro: "Vielleicht ist Googles virtuelle Assistentin ja tatsächlich mehr als eine nette Spielerei?"

An de Spigel gekuckt

Ech fille mech direkt un e Buch vum Karl Olsberg erënnert mam Titel "Mirror". Um Cover steet: "Wie digitale Spiegelbilder wissen Mirrors stets, was ihre Besitzer wollen, fühlen, brauchen. Sie steuern subtil das Verhalten der Menschen und sorgen dafür, dass jeder sich wohlfühlt." A weider, datt enger jonker Journalistin opfält, datt dës vernetzt Mirrors sech ëmmer méi an d’Liewe vun hire Besëtzer oder besser Benotzer amëschen, och géint hire Wëllen.

Ech denken, elo hues du d'Buch Mol nach net fäerdeg gelies, a schonn ass dat fiktionaalt Thema, datt eng kënschtlech intelligent Maschinn däi Liewen souzesoen optimiséiert a fir dech Decisiounen hëlt, scho Realitéit? Vum Publikatiounsdatum vum Olsberg sengem Wierk “Mirror” Mëtt August 2016 bis Mëtt Oktober 2016 - also bannent zwee Méint.

Dobäi hat ech virun der Rees nach am Kalenner vun der Frankfurter Buchmesse extra nom Karl Olsberg gesicht, well ech gär mam Auteur iwwer seng Science-Fiction geschwat hätt. Iwwer dat Buch, wat engem d’Schudderen de Réck eroflafe léisst, wann ee sech virstellt, datt dat geschwë kéint Realitéit sinn.

Mat Date bezuelen

Weider steet am Artikel vum "SZ"-Journalist Hurtz, "Google’s Assistentin wirkt teilweise menschlich" an drënner: “Sie erkennt komplexere Fragen, versteht den Zusammenhang zwischen mehreren unterschiedlichen Fragen und lernt im Laufe der Zeit dazu." Si léiert derbäi- duerch déi kombinéiert d’Daten, déi si vun hirem User kritt. An ech froe mech: Vergläicht Google d’Date vu verschiddenen Notzer? Sou wéi de "Mirror" am Olsberg sengem Fiktiounswierk? Mä d'Buch ass jo Fiktioun.

Fir datt d’Assistentin vum leschte Google-Smartphone ka léieren an um leschte Stand vum Besoin vun hirem Notzer bleiwe kann, geet et duer, datt d'Netzwierk Zougrëff op all Date kritt - wéi Telefonsbuch, E-Mailadressen, Sichverlaf am Internet, Kalenner... Mee et muss een och méiglechst permanent connectéiert bleiwen, fir datt d’Pixelassistentin um neitste Stand ka sinn. Datt déi grouss Firme, wéi Google, Apple, oder Facebook eis souwisou scho mat op eis Notzerprofiler hin ofgestëmmte Contenu beliwweren ass gewosst. Dat mécht och d’Bandbreet vun der individueller Informatioun fir den Notzer méi kleng.

Hëllef am Chaos

An dann: Google sinn net déi éischt, déi esou Assistentfonktiounen hunn. Dem Simon Hurtz no awer déi Firma déi d’Assistenzfonktioun ganz no un en Dialog tëschent zwee Mënschen erukomme léisst. Wann déi Technologie au Point wär - an ech kéint am Gewusel vun der Frankfurter Buchmesse mäin Telefon froen, wou deen an deen Auteur grad liest, oder wou déi nächst fir mech intressant Diskussiounsronn leeft - da géif ech dat wahrscheinlech notzen.

Well sech duerch e Kalenner vu 4000 Rendezvousen op fënnef Deeg ze kämpfen, kascht Zäit an Energie, souguer mat allen disponibele Sichfonktiounen. Well d’App, déi speziell fir d’Visiteure vun der Frankfurter Buchmesse konzipéiert gouf, fonctionnéiert net optimal. Eleng scho well de Reseau op der Messe deels miserabel ass.

Gestaunt hunn ech no dëser onspektakulärer Beobachtung awer, wéi ech am Mail vum Pressebureau vum Börsenverein des deutschen Buchhandels gelies hunn datt d’"Content-Start-up" vum Joer ausgezeechent gi war. Wie stécht hannert der Gewënner Start-up mam Numm "Papego" ? Den Dr. Karl-Ludwig von Wendt alias "Karl Olsberg". Zoufall oder Fiktioun?

An der Mediathéik:

Kulturchronik / / Nathalie Bender
Lauschteren

Méi zum Thema

gamecom
Gamescom

D'Gamescom, d'Foire fir Computer- a Videospiller geet an déi 8. Editioun. Nieft ville Spiller ginn et do och Informatiounen iwwert rezent Entwécklungen an nei Technologien. Lount sech eng Visite?

jonker-mat-smartphone.jpg
Medienerzéiung

Wéi consomméiere Jonker haut Medien? Déi fréier Journalistin Judith Reicherzer huet am Lycée Aline Mayrisch Medien-Team opgebaut, a beschäftegt sech mam Medie-Verhale vun de Schüler.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen