Konscht En Atlas zum Michel Majerus senger Welt

Ënnert dem Titel "Printer's Proof" weist d'BIL 80 Sepia-Aquarelle vum Michel Majerus aus den 90er Joren, déi bis elo nach ni gewise goufen. Anescht wéi den Titel et undeit, geet et awer net ëm klassesch Drockprouwen. Den Numm vun dëser Serie ass eng Uspillung op d'Aart a Weis wéi den 2002 verstuerwene Kënschtler sech mam Medium vum Drock beschäftegt huet.

Christian Mosar / po

20161026_155707.jpg
(Foto: © Christian Mosar)

Zéng Joer ass et hier, datt an enger Mudam-Ausstellung déi éischt ganz grouss Majerus-Retrospektiv hei am Land gewise gouf. Elo sinn nees méi Biller vun him op enger Plaz ze gesinn. "Et war nees un der Zäit, de Michel Majerus zu Lëtzebuerg ze weisen. Dat huet och d'Famill sech esou gewënscht", seet d'Konschthistorikerin Barbara-Brigitte Mak. Zesumme mat der Bettina Friedli leet si zënter August de "Michel Majerus Estate".

Den "Estate" - en Archiv an eng Ausstellungshal - huet seng Residenz zu Berlin am fréieren Atelier vum international renomméierten Kënschtler. De Michel Majerus hat säin Atelier nach kuerz viru sengem Dout am Luxair-Fligeraccident 2002 opkaf.

"Drock": Motiv a Medium

An der "Galerie de l’Indépendance" vun der Banque Internationale à Luxembourg (BIL) gëtt elo ee Wierkblock vun 80 Aquarelle gewisen. Et geet ëm dem Michel Majerus seng Ausenanersetzung mam Medium vum Drock - dohier den Titel "Printer's Proof". Nieft den Aquarelle gi weider Zeechnunge gewisen, déi "vum Motiv a vum Medium hier" ee Bezuch zum Ausstellungsthema hunn, esou d'Bettina Friedli.

D'Aarbechten, déi elo fir d’éischte Kéier gewise ginn, funktionéiere wéi en Atlas zum Majerus senger Ästhetik, zu senge Formen an zu sengem Figure-Vocabulaire. De Michel Majerus hätt ee ganz groussen Interessi gehat fir Konschtgeschicht, Populär-, Medien- an Technokultur, seet d'Barbara-Brigitte Mak. "An alles dat spigelt sech an dëse Sepia-Zeechnungen erëm. Et gesäit ee Knäppercher, Action-Figuren, Schrëftzich, oder de Proträt vun der Pop-Star 'Blümchen'".

Zréck an d'Joer 1998

D'Zeechnunge stinn an engem direkten Zesummenhang mam Michel Majerus senger Bedeelegung un der "Manifesta 2" am Joer 1998. Hie war (nieft dem Bert Theis an dem Antoine Prüm) ee vun dräi Lëtzebuerger Kënschtler, déi un der zweeter Editioun vun der europäescher Géijewaartskonscht-Biennale Deel geholl haten.

D'Ausstellung an der BIL op der Escher Strooss weist ganz kloer dem Majerus seng deemoleg Billerwelt, wéi ee se och a sengen zwou Bild-Installatiounen 1998 am nach neien Utopolis an och an der haiteger Bananefabrik zu Bouneweg entdecke konnt.

Luucht wéi am Musée

Et kann ee sech awer driwwer wonneren, dass grad de Michel Majerus, dee soss éischter mat kontrasträiche Faarwen a Formen geschafft huet, hei op eng sober Technik, wéi déi vum Sepia-Aquarell, zréckgegraff huet. De Sepia wier am 18. Joerhonnert fir d'éischte Kéier an der Konscht benotzt ginn, erkläert d'Bettina Friedli. Et wier ee "rouegen a fragille Medium", dee vum Michel Majerus net a sengem eigentleche Sënn, mee wéi een Zitat benotzt géif ginn.

Wichteg wier och, datt et net ëm déi eenzel Zeechnung geet, mee dorëms wéi de Wierkblock als Ganzt an engem Raum wierkt. D'Barbara-Brigitte Mak betount, datt d'Sepia-Aquarelle besonnesch schwéier ze konservéiere sinn. Dat géif och déi ganz Architektur vun der Ausstellung erklären: Ee "graphescht Kabinett" am Zentrum vun der Ausstellung a mat enger besonnescher Beliichtung huet extra misse gebaut ginn. "Sou kann een d'Sepia-Zeechnungen ënner optimale Conditioune wéi an engem Musée ka kucken" De "Printer's Proof"-Zyklus kéint een och als Referenz fir een zukënftegen "Catalogue raisonné" fir dem Majerus säi Wierk gëllen.

Un engem driibsegen Dag am Juni...

Och dem Michel Majerus säi Papp, Propriétaire vun den Zeechnungen, erënnert sech un d'Geschicht vun dësen Aarbechten. De Jean Majerus ass eréischt viru puer Méint vu sengem Fils senger Ex-Frëndin gewuer ginn, wéi dës 80 Aquarellen entstane sinn: Et wier un engem driibsegen Dag am Juni gewiescht, wou de Michel Majerus net virun d'Dier wollt goen.

Hien hätt eng Iddi gehat a wier am Atelier verschwonnen. Bis véier Auer an der Nuecht hätt hien dunn déi 80 Aquarelle gemoolt a um Enn gesot: "Déi mussen zesumme bleiwen". A genau dat géif dës Ausstellung elo och weisen.

An der Mediathéik:

Kultur / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Albrecht Bouts
Konscht

2009 hunn d'Schwëstere vun der Sainte-Sophie e wichtegen Tableau vun engem flammännesche Moler fonnt. Doduerch koum déi aktuell Albrecht-Bouts-Expositioun am Nationalmusée zustan.

Aude Moreau 1-2015.JPG
Konscht

Mat hirer Ausstellung “La Nuit politique” setzt d’Aude Moreau sech mat véier nordamerikanesche Stied auseneen. Am Casino-Forum d’art contemporain ginn dës ekonomesch Zentere politesch hannerfrot.

Delphine Munro
Casino – Forum d’art contemporain

D’Kulturoffer zu Lëtzebuerg wiisst. D’Acteure missten dowéinst eng nei Clientèle unzéien, seet d'Delphine Munro. Konscht wier net nëmmen eppes fir Konscht-Experten, esou d'Presidentin vum Casino Luxembourg.

Roger Bertemes
Patrimoine

D'Literatur huet den CNL, den Audiovisuel den CNA... An d'Konscht? Verstuerwe Kënschtler géingen a Vergiessenheet geroden, well kee Konschtarchiv do wier, kritiséiert de Paul Bertemes.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen