Michael Ballhaus D'Hollywood-Kameralegend ass dout

Eng Kameralegend ass dout, de Michael Ballhaus ass gëschter am Alter vun 81 Joer zu Berlin gestuerwen. Den däitsche Kameramann hat seng Heemechtsstad Berlin hannert sech gelooss an en ass op Hollywood gaangen, fir do ze reusséieren. Hien hat et gepackt, 25 Joer laang konnt de Ballhaus an der Dramfabrick mat senge Biller soen, wou et higeet. An dem Véierelsjoerhonnert huet de Kameramann mat all grousse Regisseure zesummegeschafft an hinnen hir Iddi an déi richteg Biller ëmgesat.

Jean-Claude Majerus / tsk

Michael Ballhaus attends the 'Hommage For Michael Ballhaus' during the 66th Berlinale International
De Michael Ballhaus 2016 op der Berlinale zu Berlin

De groussen amerikaneschen Regisseur Martin Scorsese huet bal gekrasch, wéi en am Mäerz virun zéng Joer säin éischten Oscar krut. Sechs Mol war hie bis dohin scho nominéiert, mä eréischt mat sengem Mafia-Film "The Departed" huet de Martin Scorsese säi Regie-Oscar kritt. An der ganzer Opreegung beim Merci soen, huet hien awer komplett säi Kameramann, de Michael Ballhaus, vergiess z'ernimmen. Am Ganzen hunn déi zwee siwe Mol zesummegeschafft, ënnert anerem fir d'Filmer "Taxi Driver" a "Goodfellas".

Eng déif Frëndschaft

De Michael Ballhaus war eng Garantie fir dem Martin Scorsese seng Succèsen, well hien et wéi keen anere fäerdegbruecht huet, dem Scorsese seng Iddien a Biller ëmzesetzen. De Cineast an de Kameramann huet eng déif Frëndschaft verbonnen. De Michael Ballhaus sot esouguer emol: "Egal, wat de Martin Scorsese och filme wéilt, ech sinn dobäi." Mat "After Hour" huet hir Zesummenaarbecht 1984 ugefaangen. Dono koumen "The Colour of Money", The Last Temptation of Christ", "The Age of Innocence" a "Gangs of New York", fir deen de Michael Ballhaus och seng eegen drëtt Oscar-Nominatioun fir déi beschte Kamera krut. Déi éischt Nominatioun krut hien 1987 fir "Broadcast News" an déi zweet 1989 fir "The Fabulous Baker Boys". Gären hätt hien och en Oscar mat heem geholl, mä dem Michael Ballhaus ass et an éischter Linn ëm d'Aarbecht gaangen.

No 25 Joer USA zréck op Berlin

25 Joer laang huet de Ballhaus ënnert all deene berühmte Regisseure gelieft, sief dat elo zu Los Angeles oder zu New York. 2009 krut de Michael Ballhaus bei der BAMBI-Gala zu Potsdam den Éiere-Bambi "Däitscher zu Hollywood". Den däitsche Kameramann hat es no 25 Joer genuch an den USA an ass nees zréck op Berlin gaangen, wou hie bis zu sengem Doud gelieft huet. Mat engem Documentaire mam Titel "In Berlin" hat de Michael Ballhaus senger Stad eng Libeserklärung gemaach.

De Michael Ballhaus huet als Professer an der däitscher Film- a Fernsehakademie Berlin geschafft. Hei huet hie probéiert de Filmstudente vu München bis Hamburg d'Regiehandwierk bäizebréngen. Hien huet seng Konscht och an den Déngscht vun der Protektioun vun der Natur gestallt. Hien huet kuerz 60 Sekonne-Spotte gedréint huet, déi demonstréieren, datt een net dierf mat de Ressourcen esou ëmgoen, wéi et den Ament gemaach gëtt.

Eng bescheide Perséinlechkeet

2008 gouf de Michael Ballhaus bei der Gala fir de bayresche Filmpräis mat Standing Ovations geéiert. De Kameramann war nawell ferm genéiert a sot, dat wär einfach ze vill. Hien hätt einfach Chance gehat, bei esou ville Filmer kënne Kameramann ze sinn. Vun 1982 un huet hien an den USA net manner wéi 38 Filmer realiséiert. Hie war Kameramann beim Francis Ford Copola sengem "Bram Stoker's Dracula", beim Wolfgang Petersen sengem "Outbreak" a beim Mike Nichols sengen "Working Girls".

Eng Passioun fir Biller

De Michael Ballhaus war schonn an Däitschland hannert der Kamera bekannt, ier hien op Hollywood gaangen ass. Hien hat schonn an den 1970er Jore mam Rainer Werner Fassbinder 16 Filmer gemaach, ënnert anerem "Martha", "Die Ehe der Maria Braun" a "Lilli Marleen". Dem Ballhaus seng Manéier mat der Kamera ëmzegoen huet den neien däitsche Film markéiert. Charakteristesch fir e Film vum Michael Ballhaus waren d'Kameramouvementer ronderëm den Acteur. De Michael Ballhaus, deen de 5. August 1935 zu Berlin gebuer gouf, huet scho säi ganzt Liewe laang eng grouss Passioun fir Biller an den Theater gespiert, eng Passioun, déi e schonn als jonke Bühnefotograf zu Berlin an d'Realitéit ëmsetzen konnt.

An der Mediathéik:

Kultur / / Jean Claude Majerus
Lauschteren

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen