arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi, wéi just en Zombie-Film

Groussen Ecran

|
reading time

3 min

Méi, wéi just en Zombie-Film

Dem Yeon Sang-Ho säi Long-métrage "Train to Busan" erzielt vun engem Papp a senger Duechter, a wéist, wéi si an engem Zuch voller bësseger Net-Doudeger iwwerliewe mussen. Dem Süd-Koreaner säin Debutfilm ass awer bei wäitem méi wéi just ee banalen Zombie-Film

reading time

3 min

Zombie-Filmer hunn an der Filmgeschicht dacks ee sozial-kritesche Subtext. Esou ënnersträicht ënnert anerem dem George A. Romero säin 1968er Klassiker "Night of the Living Dead" der amerikanescher Mëttelschicht hir Bedeelegung um Vietnam-Krich a setzt sech mam Rassismus an den USA vun den 1960er auserneen. Eng Attack vun Net-Doudegen, symbolesch fir dee menacéierten "Autre", erlaabt engem Cineast, d’Valeuren an d’Verhale vun der aktueller Gesellschaft a Fro ze stellen. De südkoreanesche Regisseur Yeon Sang-ho huet dëst a sengem neie Genre-Film op eng ergräifend an intelligent Manéier ëmgesat.

Agil an athletesch Net-Doudeger

"Train to Busan" erzielt vun engem Mann ouni grouss Emotiounen, dee mat senger Duechter mam Zuch ënnerwee op Busan ass. Eng Epidemie ass am Land ausgebrach, déi sech alarmant séier verbreet an d’Mënschen an aggressiv Zombië verwandelt. Dës sinn am Géigesaz zum George A. Romero sengen Zombie-Gestalten agil an iwwerdriwwen athletesch. Et dauert net laang, bis e groussen Deel vun de Passagéier infizéiert ass. De Papp, seng Duechter an eng Rei aner Persoune probéieren sech géint dës onsympathesche Kannibalen ze wieren.

Exzellent skizzéiert Personnagen

Nieft de spektakulären Actionzeenen am enke Raum vum Zuch iwwerzeegt de Film zemools duerch d’Figuren deenen een am Film begéint: Si si mat Léift geschriwwen an interpretéiert. Mat intriganten Hannergeschichten an enger markanter Evolutioun kommen dës Personnagë richteg zum liewen.

Esou ännert de Papp seng snobistesch an elitär Opfaassung vun der Welt an entwéckelt sech lues a lues zu engem Held. Säin egoistescht Verhale kënnt zum Virschäi wann hien um Ufank vum Film senger léiwer, onschëlleger Duechter seet "Jiddwereen ass eleng an der Welt a muss no sengen eegenen Interesse kucken". Wéi am Film ze gesinn ass, kënnt een awer ouni Matgefill als Mensch net wäit.

Zombie-Film mat Gehir

"Train to Busan" ass eng Allegorie vun der südkoreanescher Gesellschaft an der Klasserebellioun. 2015 ass a Süd-Korea eng MERS-Epidemie ausgebrach an d'Ëffentlechkeet huet sech géintiwwer der politescher Korruptioun an den ekonomeschen Ongläichheeten ëmmer méi onzefridde gewisen. Am Film spigelen déi verschidden Zuchkompartimenter d’Klassendivisioun erëm. Ee skrupellose CEO geet am Zuch iwwer Läiche fir sech um Liewen ze halen. Hie kapselt sech vun deenen aneren of a refuséiert hinnen ze hëllefen.

Wéinst dësen Themen ass de Film gutt mam Bong Joon-ho senger sci-fi Dystopie "Snowpiercer" ze vergläichen. Den "Train to Busan" ass awer manner pretentiéis an a bësse méi labber a sengen Uspréch. De Film analyséiert, wéi Mënschen an extremen Zoustänn, voller Angscht, moralesch agéieren: Am grousse ganzen net exemplaresch. Emotionell rappt dem Yeon Sang-Ho säi Film duerch déi staark Personnagë mat a beweist, datt de Zombie-Genre mat Gehir vertruede ka ginn.