Anima vum Paul Thomas Anderson Mat dat Schéinst wat dëst Joer iwwer den Ecran geflimmert ass
Ze waarm oder net waarm genuch. D'Sonn schéngt an et frustréiert d'Filmleit um Radio, hir Deeg am Kino ze verbréngen. Dat behaapt op alle Fall den Tom Dockal, dee fir seng Kritik vun haut e 15-Minutte Kuerzfilm op Netflix gekuckt huet. E Kuerzfilm vum Paul Thomas Anderson, mam Thom Yorke an der - entre Guillemets - Haaptroll.
Zanter Joerzéngte fänke Realisateuren a Realisatricen hiert Handwierk vum Filmermaache mat kuerzen Exercicen un. Esou wëllt et déi onsiichtbar Film-Produktiouns-Hand. Kuerzfilmer. Kuerz Vignetten, mat deenen d'Mënschen um Regiestull beweise kënnen, wat si drop hunn.
Mam Opkomme vum Museksvideo hu sech och séier Leit an deen Exercice eragetraut. Ganz prominent Musekvideorealisateuren, déi iergendwann dono Laangfilmer realiséiert hunn: Michel Gondry, Spike Jonze an esouguer en David Fincher. Dat wierklech just dräi aus engem enorme Pool aus deene leschte 25 Joer.
De Paul Thomas Anderson pervertéiert awer mat sengen - soe mir emol einfacherhalber - Museksvideoen dës ongeschriwwe Reegel. Mam PTA huet een et mat engem alles anescht wéi onbekannte Filmemaacher ze dinn. Etabléiert ass éischter d'Wuert. "Phantom Thread" war fir eng Abberzuel vun Oscaren nominéiert. D'Oscar-Nominatioun, de Summum vum Ukomm-Sinn.
Wat dreift also e Mann wéi den Anderson zeréck bei de Musekvideo? Mee wann een emol "Anima", dee gëschter bei Netflix gelant ass, gesinn huet, stellt sech d'Fro am Fong guer net méi. Esou perfekt ass d'Kollaboratioun tëschent dem Thom Yorke vu Radiohead an dem Regisseur, datt ee sech freet, firwat dat net scho vill éischter geschitt ass.
Woubäi: et ass iergendwéi jo scho geschitt. Den Jonny Greenwood, Gittarist vu Radiohead liwwert zanter iwwer zéng Joer d'Soundtracks zu PTA Filmer an fir de leschte Radiohead Disk "A Pool Shaped Moon" huet den Anderson ganzer dräi Videoe geliwwert. Dee fir de Song "Daydreaming" ass net just immens, mee och e Schlëssel zum Verständnis fir "Anima".
One-Reeler: Een aalt Konzept
"Anima" ass kee Museksvideo oder Videoclip per se, mee laut Lancement e One-Reeler. Eng Pretentioun sonnergläichen an dëser Zäit, virun allem, well 99,9 Prozent dëse One-Reeler net am Kino, mee op der Tablet am Bett wäerte gesinn. De One-Reeler ass en alt Konzept aus laang laang vergaangene Kinoszäiten. E Filmchen, meeschten eng Mickey-Maus oder eng kuerz Komedie, déi op enger Film-Bobinn Plaz fonnt huet.
Déi iwwerhieflech Retro-Nummer ass just eng op den éischten Ablack. Spéitstens dann, wann een de Yorke am Film gesäit sech beweegen, versteet ee vu wou alles kënnt. D'Aushängeschëld vun enger Generatioun vu Kënschtler, déi ëmmer nees als technophob ofgestempelt ginn ass, leeft wéi eng Mëschung aus Chaplin a Keaton duerch eng abstrakt Welt, déi aus uniforméierte Zombiemënsche besteet, déi sech passiv duerch den Dag schleeft. Datt sech den Thom Yorke eng Kierpersprooch uneegne kann, steet ausser Fro. Säin Danz am Video zu "Lotus Flower" däerf haut nach ëmmer Albdreem verséissen.
Wonnerschéin Tëschenzoustänn maachen den Ënnerscheed am liewen
Et fänkt alles an enger Metro un, an där aus dem Hallefschlof eng Pina-aarteg Danzchoreo lassgetrëppelt gëtt. Den Damien Jalet ass fir dee Volet verantwortlech. Do trëfft dem Yorke säi verdreemte Personnage och eng Fra - d'ailleurs dem Yorke seng real-life Liewenspartnerin - där hien iergendwéi versicht Androck ze maachen. Ufanks ouni weidere Succès. Et geet eraus an enger däitsch-expressionistesch Baussewelt, déi mat hire Mauerprojektioune bal nach méi anengend ass wéi d'Metro. Da geet et op eng wäiss Iwwerfläch, déi alles anescht wéi riicht ass. An et gëtt gefall a gefall a gefall. Dräi Songs gi vum neien Album benotzt, an dat Ganzt huet e wonnerschéinen drëtten Akt, deen zu deem Schéinste gehéiert, wat dëst Joer esou iwwer en Ecran geflimmert ass. Déi wonnerschéin rout Prager Trammen droen hiren Deel sécherlech dozou bäi.
En Gros resüméiert den Anderson bal 30 Joer Obsessioune vum Songwriter Yorke, sief et Solo oder mat Radiohead an engem 15 Minutte Film, dee wonnerschéin vum Darius Khondji op 65 Millimeter Film gebrannt gouf: et ass net d'Technophobie. Et sinn déi Tëschenzoustänn tëschent Schlof, Hallefschlof a Waakreg-Sinn, déi am Liewen den Ënnerscheed maachen. D'Biller verdäiwelen d'Passivitéit net, mee gesi se op hir Manéier als eng Chance. Dem Yorke seng Musek an dem Anderson seng Biller verschmëlzen a ginn déi romanteschst Amenter, déi en Thom Yorke a senger ganzer Carrière ze bidden huet.
Netflix huet op alle Fall en nächste Coup an der Täsch vun engem vun deene weiderhi spannendsten arrivéierte Realisateuren, déi Hollywood ze bidden huet. All hail to the thief an fitter happier more productive.