Konscht Mary Reid Kelley am Mudam

Den Numm Mary Reid Kelley war bis elo an Europa éischter onbekannt. Dohannert verstoppt sech déi amerikanesch Kënschtlerkoppel Mary a Patrick Kelley. A schwaarz-wäissen experimentellen Animatiounsfilmer thematiséiere si Genderfroen, sozial Kategorien, urban Entwécklungen an der Geschicht vun der Mënschheet. No Däitschland an der Belsch ass Lëtzebuerg hir drëtt Statioun an Europa.

Kerstin Thalau / cs

MARY_REID_KELLEY_This_Is_Offal_2_MUDAM_©Mary_Reid_Kelley.jpg
This Is Offal (©Mary Reid Kelley)

De Mudam hat den Artisten en Atelier zur Verfügung gestallt, fir datt se mat hirer Aarbecht net ze vill Retard kréien. Donieft si se d'Ëmgéigend kucke gaangen. Do wieren hinne wichteg Saachen opgefall, wéi déi ënnerschiddlech Formen an Ëmrësser.

Déi ausgebilt Molerin Mary Reid an de Fotograf a Videast Patrick Kelley hu sech komplett positiv iwwert de Chantier Stad Lëtzebuerg ausgeschwat. Dat géif de Glawen an e liewegen Espace public demonstréieren. An Amerika wier dat den Ament éischter eng Raritéit, sou déi zwee Kënschtler. Obwuel vill Leit hinne recommandéiert hu Paräis oder Bréissel ze besichen, hunn se Tréier, Iechternach an d'Stad erausgesicht. D'Stad Lëtzebuerg wier total interessant an eenzegaarteg an hirer Physikalitéit.

Fusioun vun Drama, modern Literatur a Popkultur

Béid Kënschtler produzéieren an hirem Studio schwaarz-wäiss Animatiounsvideoen. Si verbanne verschidde Genren, wéi de klasseschen Drama, modern Literatur an zäitgenëssesch Popkultur. D'Resultat erënnert iergendwéi un d'Fréizäit vum beweegte Bild. D'Mary Reid schreift Texter an iwwerhëlt sämtlech Rolle mat den adequate Kostümer an dem Maquillage. D'Figure si bizar bis onheemlech. Verschiddener hunn eppes vun opblosbare Poppen aus dem Sexshop.

Am Video "The Syphilis of Sisyphus" geet et zum Beispill ëm eng schwanger Paräisser Fra aus dem 19. Joerhonnert, deemno d'Zäit vun der Bohème. Dat Ganzt ass och als Charles-Baudelaire-Parodie geduecht. D'Mary Reid ass e grousse Fan vu Baudelaire, wann et ëm seng Literatur a seng Analyse geet. D'Kënschtlerin huet awer kee Versteesdemech fir Aussoen ewéi "De Cauchemar wier et eng Fra ze sinn, zemools eng schwanger". Fraen, also déi Kéier anonym Sexaarbechterinnen, spillen och d'Haaptrollen a Filmer zum Thema éischte Weltkrich.

Fuerschung iwwert éischte Weltkrisch

D'Mary Reid Kelley ass eng passionéiert Fuerscherin. Si ass während hire Yale-Konschtstudien op den éischte Weltkrich gestouss. Do gouf u 44 Studente vu Yale erënnert déi als Zaldoten an Europa leie bliwwe sinn. Doropshin hunn d'Mary an de Patrick Kelley all Zaldotekierfechter an Europa besicht. Si hunn alles driwwer gelies mat der Iddi, den Texter Liewen anzehauchen.

"Ech hu mech gefrot, wéi een eng Connectioun zu Mënschen opbaut, déi scho laang dout sinn. Geet dat eleng doduerch datt een hir Griewer besicht? Datt een do en Text, vun hinnen oder iwwert si, haart virliest? "

Zaldotekierfechter kucken ze goe wier absolut keng verlueren Zäit, seet d'Mary Reid. Déi wieren esou gigantesch, datt een eng Iddi vu Mass, Gewulls, vum Obszöne géif kréien, awer och vum Verloscht vum Liewen an der ganzer Tragedie. D'Literatur wier awer dat eenzegt Mëttel fir d'Gefillswelt vun enger eenzeger Persoun ze penetréieren a fir säi perséinlechen Drama ze verstoen.

Präis fir "This is offal" - "Dëst ass Offall"

Op der renomméierter Konschtfoire Art Basel selektionéiert d'Bâloise all Joers Kënschtler fir de Bâloise Art Prize. Déi Kéier goung dee Präis un d'Mary Reid an un de Patrick Kelley fir hiert Wierk "This Is Offal", dëst ass Offall. D'Video erzielt d'Geschicht vum Dokter deen an der Pathologie d'Läich vun enger Fra preparéiert, déi sech suicidéiert huet. Iwwerdeems streiden hier Organer iwwer Sënn an Zweck vu Liewen an Doud. Dernieft geet et ëm Camus, déi schéin, roueg, doud Fra als éiwegt Thema a Konscht a Wëssenschaft. Och dëse Film ass den Ament am Mudam ze gesinn an e wäert och an der Kollektioun bleiwen: D'Versécherung huet dem Pei-Musée en Don gemaach.

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Méi zum Thema

JetlagDEF.JPG
Triennale Jeune Création

D'Triennale riicht sech u jonk Kënschtler ënner 35 Joer. Eng Generatioun, déi "mam Internet opgewuess ass", esou d'Kuratorin. D'Schnellliewegkeet ass deemno ee Pilier vun der Expo an de Rotonden an am Cercle Cité.

Mikhail KarikisSite.jpg
Art Contemporain

"Love Is The Institution Of Revolution" heescht d'Ausstellung vum Mikhail Karikis am Casino an der Ënneschtgaass. Hie beschäftegt sech mat de Kanner a Jugendleche vun der Generatioun Z.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen