Drag Queen "Manner dirty, méi politesch inkorrekt"

D'Queen Carlotta Moore ass eng Drag Queen aus Finnland. Zu Lëtzebuerg presentéiert si hiren neiste Kuerzfilm "The Consequence". Deen ass, wéi dëst Gespréich, op kee Fall um éischte Grad ze verstoen.

Nathalie Bender / ys

Carlotta Moore
Carlotta Moore

CM: Ech sinn d'Carlotta Moore, eng amerikanesch Drag Queen, déi a Finnland lieft. Ech sinn dohinner gaangen, well ech Carrière als Actrice wollt maachen. Do war de Chrzu, ee verréckte Regisseur, deen eng Roll fir mech geschriwwen huet. Deen éischte Film, an deem ech gespillt hu war och mäi Kinodebut: "The Contract".

NB: "The Contract" ass e ganz, soe mir mol, aussergewéinleche Film. Wéi kéint een e beschreiwen?

CM: Et ass eng John Waters-inspiréierte Virstad-Komedie mat vill Blasphemie an alle Kierperflëssegkeeten, déi ee sech sou ka virstellen.

NB Wéi reagéiert de Public? Laacht dee sech futti, oder freet en, wat et domat op sech huet.

CM: Meeschtens gëtt "The Contract" op Filmfestivale gewisen, wou sech all Amateure vu sou Filmer treffen. Si sinn also preparéiert a laachen. Mä et sinn och e puer manner witzeg Zeenen am Film, déi wierklech stéieren. D'Reaktiounen sinn deemno gemëscht.

NB: Firwat sidd Dir aus den USA fortgaangen?

CM: Do goufen et keng Rolle fir mech. Ech mengen d'USA an Hollywood sinn einfach nach nët prett fir d'Carlotta

NB: Dir sot, datt dee komesche Regisseur Chrzu, eng Roll fir Iech geschriwwen huet. Wéi hutt Dir hie kennegeléiert?

CM: Ech hunn deem verréckten, finnesche Regisseur säi Kuerzfilm "Night Satan and the Loops of Doom" gesinn. Dee kann een op Youtube iwweregens kucken. Et ass en total bizare Film. Hien huet ee Film op Italienesch gemaach, a schwätzt selwer iwwerhaapt keen Italienesch!

NB: Hat hien en italieneschen Dram, deen hien du moies direkt notéiert huet oder wéi?

CM: Ech hunn héieren, datt déi Night Satan eng wierklech Band sinn. Si spille sou Synthesizer-Musik. Also d'Band Night Satan wollt eng Zort Tribut fir déi bëlleg 80er-Joren-Italo-Mad Max-Kopië maachen.

NB: Ech hu mer dee Film och ugekuckt, en dauert bëssen iwwer 20 Minutten. Ech hu mech déi ganzen Zäit gefrot: Wat wëll dee Film mir wuel soen? Ech koum zu kenger Konklusioun?

CM: Ech mengen Et ass eng ganz traditionell Romanze

NB: Am Kader vum Best of openscreen zu Lëtzebuerg ass d'Europa-Première vun "The Consequence", wouvun ass dat dann d'Konsequenz?

CM: et ass d'Suite vun "The Contract". Mir maachen eng Trilogie: D'Con-Trilogie.

NB: Wéi laang dauert "The Consequence"?

CM: Genau sou laang wéi "The Contract". Sechs an eng hallef Minutt. An deen ass och ganz bizar, awer anescht. En ass net sou "dirty" wéi "The Contract", mä méi politesch inkorrekt.

NB: Et gouf do also eng Evolutioun?

CM: "The Consequence" ass en Documentaire iwwer dat, wat nom Film "The Contract" geschitt ass. Well "The Contract" war en immense Succès. Weltwäit huet de Film op Festivalen dausend Präisser gewonnen. An ech hat duerno eng rau Zäit. All déi Paparazzi déi mer nogelaf sinn ... Et war iergendwéi alles ausser Kontroll geroden ...

NB: Wat mécht d'Carlotta nach sou am Liewen?

CM: Ma ech hunn elo just mäin éischte Museks-Video zesumme mat der Band Night Satan fäerdeg gedréint. Et ass e Rap-Song. U sech ganz traditionelle Ganster Rap, mat Drag gemëscht.

NB Dee kennt am September eraus. Aner Pläng?

CM: Ech wäert Modellen, um drëtten Deel vun der Con-Trilogie schaffen, an am Oktober wäert ech mäin éischte Live-Optrëtt op enger Bühn hunn. Dat hunn ech nach ni gemaach. Ech si keng traditionell Drag-Queen, ech si fir d'éischt eng Actrice-Queen. Ech hunn nach ni Synchroniséiert oder aner Leit imitéiert. D'Carlotta ass gebuer fir e Filmstar ze sinn!

An der Mediathéik:

Kultur / / Nathalie Bender
Lauschteren

Méi zum Thema

Lolita Chammah a Laura Schroeder
"Barrage"

Déi Lëtzebuerger Cineastin war dëst Joer op d'Berlinale invitéiert ginn. De Film "Barrage" huet kuerz no Berlin seng Avant-Première hei am Land am Kader vum Luxembourg City Film Festival gefeiert.

MARY_REID_KELLEY_This_Is_Offal_2_MUDAM_©Mary_Reid_Kelley.jpg
Konscht

Der Mary Reid an dem Patrick Kelley hire priméierte Video "This Is Offal", "Dat ass Offall", kënnt an d'Kollektioun vum Mudam. D'Kënschtlerkoppel produzéiert schwaarz-wäiss experimentell Videoen.

Xiu Xiu Forget
Forget vu Xiu Xiu

Deen neien Album vu Xiu Xiu vibréiert am Spannungsfeld tëschent Schéinheet a Cacophonie. Den Art Pop Quartett wielt net deen einfache Wee. Awer wie mat trëppelt, gëtt um Enn belount. Versprach.

Star Trek
Televisioun

Duerch eng extrem motivéiert Fan-Communautéit kruten d'Episoden vu "Star Trek" en nohaltege Charakter. Des Serie steet um Ufank vun der Popkultur op der Televisioun.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen