Kino Mam Christopher Nolan op d'Plage

Fort vum Science-Fiction Genre, an op d'franséisch Plage zur Zäit vum zweete Weltkrich. Dunkirk ass, wéi all Christopher Nolan-Film, eng héich antizipéiert Saach an der Kinoswelt. Dëst neit, iwwerraschend kuerzt Wierk, mëscht dem englesche Réalisateur seng Kaarten nei op.

Tom Dockal / ys

Dunkirk
Foto: Warner Bros.

Dunkerque, net wäit vun der belscher Grenz, am Mee 1940. Ronn 400.000 Alliéierten-Truppe sëtzen op der Plage fest a gi vun däitschen Truppen agekesselt. An zwar vun alle Säiten. D'Situatioun ass déi heiten: Et gëtt entweder kapituléiert oder jidderee kënnt op dëser Plage ëm d'Liewen. D'Geschicht léiert, datt weder deen éischten, nach deen zweeten Zeenario agetrueden ass. Eng drëtt Optioun gouf duerchgezunn: Eng massiv Evakuatioun, d'Operatioun Dynamo.

Komm mat op d'Plage

Vun dëser Evakuatioun zielt dem Christopher Nolan säin neien, zéngte Film. A well et en Nolan-Film ass, war drop Gëft ze huelen, datt och an engem historesche Krichs-Drama vum ale Schlag eng nolanesque Tournure géif geholl ginn. Dem englesche Realisateur geet et manner ëm historesch Präzisioun, wéi dorëm eng haptesch, quasi-erfuerbar Situatioun ze re-kreéieren. Hie versicht de Spectateur mat op d'Plage ze huelen, an en domadder zu enger Aart anonymme Personnage ze maachen.

Well anonym Personnage ginn et der an Dunkirk méi ewéi genuch. Vill Krichsfilmer ginn zu engem Zäitpunkt vun der Lafzäit op d'Hannergeschicht vun hire Figuren an. Beim Nolan sengem kierzte Film zënter sengem Debut verfollegt een eng ganz Rëtsch vu Personnagen, déi manner perséinlechkeetshalber ofwiesselnd am Mëttelpunkt stinn, mee wéinst hire geographesche Lagen am Film. Den Nolan setzt sech formal an dramaturgesch e Kader, andeems hien déi riseg Plage an d'Alentouren dovunner an dräi deelt. D'Loft, d'Waasser an d'Jetée, vun där aus den Haaptdeel vun der Evakuatioun sollt statt fannen.

Mam Kenneth Branagh, Harry Styles an dem Fionn Whitehead ass een op der Plage. Mam Tom Hardy an enger Spitfire a mam Mark Rylance op engem klénge Fëscherboot. Ronderëm si, an hire respektive Zäitleeschten, dréint sech dëse Film, dee sech formal näischt lompe gelooss huet.

Refus vu CGI e Feeler?

Um Terrain gouf mat décke Kameraen hantéiert. An aus dem inhärente nolansche Quasi-Refus vu CGI gouf mat richtege Fligeren a Schëffer um Set geschafft. Inklusiv 6.000 uniforméierte Statisten. Wéi sech elo an Interviewe mat Historiker erausgestallt huet, huet dat allerdéngs zu enger liichter Verfälschung an der Representatioun vum Oflaf vun der Evakuatioun gefouert.

Ironescherweis huet sech den Nolan aus Manktem vu Budget, also de feelende Locatiounskäschte fir grouss a fett Schëffer, kee Gefale gemaach. Feelt et am Film u Schëffer, well den Churchill se net all dropmaache wollt, sou waren der a Wierklechkeet wochelaang iwwer zwou Dosen hin an hier gefuer. Hätt hei de CGI der Akuratess, op déi den Nolan verséiss ass, net besser kënne Rechnung droen? Interessant Froestellung.

Soss ass Dunkirk an allen Hinsichten eng Entwécklung am Wierk vum Englänner. Soss si seng Filmer mat Personnage gespéckt, déi just nëmmen do si fir de Plot z'erklären. Si ginn hei ersat mat engem Ensemblecast, deen zu engem groussen Deel näischt seet. D'Biller, d'Musek an d'Ënnerdréckung am oppene Raum duerch d'Mise en scène schwätze fir sech. An an aller Grandeur, déi dem Nolan scho mol d'Prädikat "klinesch" opgedréckt huet, fënnt hien an de kléngen tëschemënschlechen Amenter eng immens Intimitéit, an den humanisteschen Aspekt gewënnt d'Iwwerhand. Dat huet bei Interstellar ugefaange fir hei nach méi ausgebaut ze ginn.

Et ass vläicht net dee gréissten a beschten Film aus senger Carrière, mee et ass e ganz perséinlechen. An et ass jidderengem nobruecht, dat gefällegst am Kino ze gesinn.

An der Mediathéik:

Kultur / / Tom Dockal
Lauschteren

Méi zum Thema

SPIDER-MAN™: HOMECOMING
Superhelde-Blockbuster

Keen huet duerno gefrot, awer de Spider-Man ass nees eng Kéier um groussen Ecran ze gesinn. Den Tom Holland kann am Spider-Man: Homecoming mat Spannennetzer schéissen an New York sécher halen.

Lolita Chammah a Laura Schroeder
"Barrage"

Déi Lëtzebuerger Cineastin war dëst Joer op d'Berlinale invitéiert ginn. De Film "Barrage" huet kuerz no Berlin seng Avant-Première hei am Land am Kader vum Luxembourg City Film Festival gefeiert.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen