Ausstellung Luxemburg und der Zweite Weltkrieg

Am Mierscher Literaturzenter gëtt bis den 30. Juli 2021 eng detailléiert Ausstellung iwwer de Lëtzebuerger Literaturbetrib wärend dem Zweete Weltkrich gewisen. A véier Säll ginn déi eenzel Aspekter thematiséiert an dokumentéiert. Dozou koum och en Ausstellungskatalog vu ronn 600 Säiten eraus. D'Valerija Berdi huet sech vun der wëssenschaftlecher Mataarbechterin vum CNL, der Daniela Lieb, duerch d'Ausstellung féiere gelooss.

Weltkrieg 1

Maulkuerfgesetz an de Spuenesche Biergerkrich, d'Angscht virun enger Widderhuelung vun de Grujelegkeete vum Éischte Weltkrich, d'Lëtzebuerger Identitéit a Kultur hunn och eng wichteg Plaz an den Discoursen an den 30er Joren an der Lëtzebuerger Gesellschaft. An do spillen Auteuren - déi Lëtzebuergesch an déi auslännesch - eng decisiv Roll.

Am éischte Sall vun der Ausstellung "Luxemburg und der Zweite Weltkrieg", déi elo am Mierscher Literaturarchiv ze gesinn ass, ginn d'Ufäng vun der Besatzungsmuecht gewisen.

Sall 1 - Deel 1 lauschteren


Bibliothéiken, Liesungen, Librairien, Theater - no der Muechtergräifung gëtt am August 1940 dat ganzt kulturellt Liewen zu Lëtzebuerg der Ideologie vum Nationalsozialismus ugepasst. Wéi dat sech ofgespillt huet, gëtt am zweete Sall vun der Ausstellung gewisen.

Germaniséierung vun der Lëtzebuerger Kultur - Deel 2 lauschteren


No der Muechtergräifung vun den Nazie gëtt de Literaturbetrib zu Lëtzebuerg gläichgestallt. Wéi reagéieren déi lëtzebuergesch Auteuren drop? Ginn et iwwerhaapt kloer Positiounen?

Widderstand a Kollaboratioun - Deel 3 lauschteren


Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller ware wärend dem Zweete Weltkrich ëmgesidelt an och deportéiert ginn. Am leschten Deel vun der Serie iwwer de Lëtzebuerger Literaturbetrib wärend der Nazi-Besatzung ginn d'Repressalien, deene Lëtzebuerger Auteuren ausgesat waren, thematiséiert.

Resistenz a Repressalien - Deel 4 lauschteren


All weider Informatiounen iwwer d'Ausstellung an den Ausstellungskatalog sinn hei ze fannen.

Méi zum Thema

De Xavier Bettel op der Commemoratioun fir den Zweete Weltkrich a Polen
Commemoratioune fir Zweete Weltkrich

A Pole gouf de Sonndeg un den Ufank vum Zweete Weltkrich erënnert. De Lëtzebuerger Premier huet bei de Commemoratiounen zu Warschau matgemaach. Eise Korrespondent Philip Crowther huet zu Warschau mat him geschwat.

Pierre Werner Famill
E MËNSCH A SENGEM JOERHONNERT

Am véierten Deel vun eisem Podcast geet et ëm dem Pierre Werner seng éischt berufflech Erfarunge während an nom Krich an ëm d'Schicksal vu sengem Brudder Henri.

Guerre
Radio Documentaire

De Kënschtler François Martig ënnersicht a sengem experimentelle Radio Documentaire d'Relatioun tëscht dem Éischte Weltkrich, der Ëmwelt an der Agrikultur, an der Géigend vu Verdun.

Albert Hansen
Zweete Weltkrich

De President vum neie Comité fir d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich, den Albert Hansen, plaidéiert fir eng Zesummenaarbecht mam Institut fir Zäitgeschicht a mam Zentrum fir politesch Bildung.

Jugendparlament an der Chamber
Politesch Bildung

An Zäite wou de Populismus am Opschwong ass, gëtt politesch Bildung méi wichteg, mengen d'Experten. Praktesch Erfahrungen mat demokrateschen Decisioune wiere wichteg, fir theoretescht Wëssen z'ergänzen.

Andreas Fickers
Institut fir Zäit- an digital Geschicht

Den neie Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History soll interdisziplinär, digital, an international sinn an den Échange mat der Gesellschaft sichen, erkläert den Andreas Fickers.

politik.jpg
Politesch Bildung

Enn 2016 Joer gëtt den Zentrum fir politesch Bildung operationell. Hei solle virun allem Jonker dat néidegt Handwierksgeschir kréien, fir hinnen ee globalen Iwwerbléck iwwert hir Rechter z'erméiglechen.

Barthel-Artuso.jpg
Vincent Artuso a Charel Barthel

De Vincent Artuso, Auteur vum Rapport iwwert d’Roll vun de Lëtzebuerger Autoritéiten bei der Juddeverfolgung um Ufank vum Zweete Weltkrich, huet sech géint Virwërf vu sengem Historiker-Kolleg Charel Barthel gewiert.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen