Liv Strömquist - Ich fühl's nicht
"Ich fühl's nicht" ass e Comic-Essai iwwer Léift, dee Philosophie, Soziologie, Geschicht a Popkultur verbënnt. D'Liv Strömquist stellt d'Fro, ob an der haiteger Zäit, wou ee sech soll rational verhalen a seng Gefiller ënner Kontroll hunn, Léift iwwerhaapt méiglech ass.

Dofir kuckt si sech zum Beispill de Leonardo DiCaprio un, vun deem et heescht, hien hätt all puer Méint eng nei Léift. Fir d'Strömquist ass dat symptomatesch fir eis Onfäegkeet, eis wierklech op aner Mënschen anzeloossen. D'Zeechnerin vergläicht dat mat Fäll aus der Geschicht oder Mythologie, wou Léift als eppes Absoluttes duergestallt gëtt, bei deem ee Mënsch sech ganz engem anere verschreift.
De Comic plädéiert meeschtens fir dëst almoudescht Konzept vun der Léift, bei deem ee sech selwer verléiert, fir sech am aneren erëmzefannen. Dobäi stellt d'Strömquist awer éischter Froen, wéi datt si fäerdeg Äntwere liwwert. Dacks geet et och klassesch feministesch ëm Muecht a strukturell Ongläichheeten. Wie seng Gefiller dierf zeréckhalen, ass an enger iwwerleeëner Positioun am Verglach zu deem, dee se muss weisen. "Wéi Ich fühl's nicht" mat engem Bléck an d'Geschicht weist, huet sech hei an der Relatioun tëschent Männer a Frae villes verännert, an dat net onbedéngt zum Virdeel vun de Fraen.
Mat hirem punkege Stil, hire gekrozelte Schwaarzwäiss-Zeechnungen, an deene sech vill kleng Witzer verstoppen, geléngt et der Liv Strömquist ëmmer erëm, d'Thematik vun hirem Essai opzelockeren. "Ich fühl's nicht" ass e Comic mat ville wichtege Gedanken a Froen, déi een ureegen, doriwwer nozedenken, wéi ee selwer zu Bezéiungen, Léift asw. steet. Och wann et no vill Theorie kléngt, ass et e ganz praktesche Comic.