LiteraturLabo: "Méi Guddes liesen"

D'Ekipp vum LiteraturLabo: Jérôme Jaminet, Nathalie Bender a Ian de Toffoli

De 4. Oktober diffuséiert de radio 100,7 déi éischt Editioun vum LiteraturLabo mam Thema "Indonesien, literarescht Niemandsland?". De Jérôme Jaminet erkläert d'Konzept vun der neier Emissioun am Gespréich mam Pia Oppel:

Wéi ass d'Iddi vum LiteraturLabo entstan?

Et gëtt net genuch gelies. A wa gelies gëtt, dann net vill Guddes. A wann eppes Guddes, da gëtt net vill driwwer geschwat. Ech hu fonnt, dat misst sech änneren. Dohier d'Iddi vun enger Gespréichsronn mat engem Stammpersonal a mat all Kéiers engem anere Gaascht. Ee Forum, wou ee sech Zäit hëlt, ausgibeg, kritesch a kontrovers iwwert Literatur ze diskutéieren. E bëssen nom Virbild vum Literaresche Quartett aus Däitschland oder dem Literaturclub aus dem Schwäizer Fernseh.

All Emissioun huet ee Schwéierpunkt, wéi sicht Dir deen aus?

Zum Deel ass et esou wéi elo bei der éischte Kéier, datt mir eis un der Aktualitéit orientéieren. D'Frankfurter Buchmesse steet un, an Indonesien ass Gaaschtland. Also diskutéiere mir an dësem LiteraturLabo iwwer indonesesch Literatur, déi an Europa jo nach net sou bekannt ass. Fir déi nächst Emissioun siche mir dann een aneren Ophänkert. Mir wäerten dat spontan decidéieren.

De LiteraturLabo ass oppe fir de Public, soll deen dann och mat agebonne ginn?

Wann een d'Literatur wëll méi ënner d'Leit bréngen, da muss een d'Leit um Gespréich iwwer Literatur Deel huele loossen. Mir wëllen de Publikum also net zu passive Konsumente maachen, déi eis beim diskutéiere just nolauschteren. Mir wënschen eis eng Ouverture op zwee Niveauen: Den Interessi fir Literatur waakreg këddelen, wou en nach net do ass, an e bei deenen anere verdéiwen. An op alle Fall awer och eng Participatioun an der Kommunikatioun iwwer d'Literatur.

Zur Ekipp:
'Nathalie Bender ass um radio 100,7 zoustänneg fir de Beräich Literatur.
e Ian de Toffoli ass Chercheur op der Uni Lëtzebuerg, Auteur, Editeur a Literaturkritiker.
e Jérome Jaminet ass Däitschenseignant, Auteur a Literaturkritiker.

Audio:
en éischte LiteraturLabo zum Thema "Indonesien, literarescht Niemandsland?" (Detailer zur Emissioun fannt Dir hei):

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen