Lëtzebuerger Literatur Literarescht 2016

Literaturpräisser, innovativ Projeten an zeg Literaturevenementer: D'Literaturjoer 2016 hat villes ze bidden. Wat huet d'Lëtzebuerger Literatur am Joer 2016 am meeschte markéiert? Ee Réckbléck.

Nathalie Bender / cwi

Buch
Foto: Bigstock

Et goufe vill interessant Momenter am Literaturbetrib 2016: Zeg Publikatiounen déi all zesumme gewisen hunn, datt d'Literatur zu Lëtzebuerg där an den Nopeschlänner an näischt nosteet. Et gouf zeg Liesungen a Literaturevenementer a vill Literaturpräisser.

Dorënner de Prix Servais, de Lëtzebuerger Buchpräis oder den nationale Literaturconcours. D’Anise Koltz krut de Prix Ganzo Poésie, de Gast Groeber gouf mam Literaturpräis vun der Europäescher Unioun ausgezeechent an de Guy Helminger krut den Dresdner Lyrikpreis.

Innovativ Projeten

Mee et gouf och méi ongewéinlech oder insolit Momenter: De Kollektiv "Independant Little Lies" hat fir den zéngte Gebuertsdag vum MUDAM eng nocturne Marathon-Liesung organiséiert: Zwielef Auteuren haten a véier Sproochen een nom Prinzip vum Cadavre exquis zesummenhängenden Text gelies. De Projet gouf duerno bei Hydre Éditions ënnert dem Titel "Impossible Readings" publizéiert a war de Coup de Coeur vum Jury vum Lëtzebuerger Buchpräis.

En anere Moment, deen ee sollt am literaresche Réckbléck 2016 festhalen, ass den Trio vun de jonken Editeuren Elise Schmit, Marc Limpach an Ian De Toffoli: Siwe Joer nom leschte Cahier Luxembourgeois hu si dem Projet erëm Liewen agehaucht a loossen dës laangjäreg Traditioun nees opliewen.

E bëssen iwwerall geschitt eppes a Saache Literatur: Meeschtens gi si awer vun den Auteure selwer initiéiert, dacks och vum oder mam Centre national de littérature (CNL).

Ee Beispill ass d’"Word in Progress", déi vun den Auteuren Nathalie Ronvaux, Claire Leydenbach a Jeff Schinker initiéiert goufen. Si invitéieren an all zweeten Dënschdeg am Mount an d’Ratelach vun der Kulturfabrik – do ginn Texter, déi net oder nach net publizéiert goufe vun den Auteure gelies a vun engem sougenannte Bourreau d’auteur kritiséiert.

Op der Buchmesse?

De Lëtzebuerger Schrëftstellerverband LSV, deen et um Papeier nach gouf, ass Uganks Dezember relativ sang- und klanglos zu Miersch am CNL offiziell opgeléist ginn.

Fir de Rescht hätt ee sech 2016 vläicht méi markant Momenter gewënscht. Zum Beispill eng méi konkret Äntwert op d’Fro, ob Lëtzebuerg deemnächst geschwënn nees op der Frankfurter Buchmesse derbäi ass. De Kulturstaatssekretär Guy Arendt huet dës Fro zwar net negativ beäntwert. Hie sot awer, datt ee géif op ee Konzept vun de Lëtzebuerger Editeure waarden. Bei der Federatioun vun den Editeure gouf een awer gewuer, datt ee schonn zënter enger Zäit net méi a Kontakt mam Kulturministère war.

Duerch Zoufall huet een och erausfonnt, datt d’Editeuren en neie Siège hunn: Zu Rolleng bei Miersch: Do wou och"Luxxor" an de Groupement d’intérêt économique "Lux Content" doheem sinn.

Op Nofro gouf och eppes "Gréisseres", nach virun Enn vum Joer, ugekënnegt. Vläicht war jo d’Joer 2017 gemengt ...

Méi zum Thema

LitLabo.
Véierte LiteraturLabo

D'Valerija Berdi, de Ian de Toffoli an d'Nathalie Bender hu sech iwwer Wäert a Qualitéit vu verschiddene Litreraturpräisser ënnerhalen, a rezent priméiert Wierker ënnert d'Lupp geholl.

James Leader
Lëtzebuerger Literatur

Fir d'Jugendbuch "The Venus Zone" gouf den James Leader mam Lëtzebuerger Literaturpräis ausgezeechent. Eng politesch Geschicht, déi deene Jonke soll Hoffnung ginn. Ee Gespréich mam Auteur.

Buchpräis
Lëtzebuerger Buchpräis

D'Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis 2016 sti fest. Bei der Remise stoung alles am Zeeche vun der Méisproochegkeet: Déi géif d'Lëtzebuerger Literatur ausmaachen, huet et méi wéi emol geheescht.

koltz.JPG
Literatur

Déi Lëtzebuerger Dichterin gouf zu Saint-Malo mam bedeitendste franséische Präis fir Poesie ausgezeechent. Belount gëtt d'Anise Koltz fir hiert Liewenswierk, dorënner "Somnambule du jour".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen