Lëtzebuerger Sachbicher Wéi d'Lëtzebuerger Richtung Frankräich geflücht sinn

An de fréie Moiesstonne vum 10. Mee 1940 iwwerfalen déi däitsch Truppe Lëtzebuerg. Fir de Bombardementer ze entkommen, flüchte ronn 49.000 Lëtzebuerger Richtung Frankräich. De Rapatriement kann eréischt am August an d'Weeër geleet ginn a verleeft - genee wéi d'Evakuatioun - a villen Hisiichte chaotesch an onkoordinéiert. Et sinn d'Erliefnisser vun de Lëtzebuerger Refugiéen, déi de Claude Vandivinit a senger Monographie ënner d'Lupp hëlt. De Mohamed Hamdi mat Detailer.

Lëtzebuerger Sachbicher / Wéi d'Lëtzebuerger Richtung Frankräich geflücht sinn

An der Mediathéik:

Lëtzebuerger Sachbicher / / Mohamed Hamdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Beien
Sachbicher

Iwwer keen anert Insekt op der Welt gouf esou souvill gefuerscht a geschriwwe wéi iwwer d'Hunnegbei. De Lëtzebuerger Imker a Beienexpert Paul Jungels huet elo e Buch erausbruecht, an deem hie seng jorelaang Erfarung beschreift.

Beien
Natur an Ëmwelt

An de leschte Joerzéngte gouf et hei am Land ëmmer manner Beienziichter a Beiestäck. 2013 war déi Zuel souguer op engem historeschen Déif. Zanter 2014 verbessere sech d'Zuelen nees, well Efforte gemaach goufen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen