Weltausstellung Dubai 2020 38 Milliounen Euro fir Lëtzebuerger Projet

Si kéint mam Surplus vun der leschter Weltausstellung schaffen, seet d'Commissaire Générale fir d'Weltausstellung Dubai 2020, Maggy Nagel. D'Regierung hätt d'Invitatioun, fir op d'Weltausstellung 2020 zu Dubai direkt ugeholl an e Budget vu 25 Milliounen Euro bereet gestallt. Zousätzlech Sue gi vu Partner investéiert.

Nathalie Bender / cz

Maggy Nagel
Maggy Nagel

D'SES, d'Chambre de Commerce an d'Post hätten de Projet mat jee 2,5 Milliounen Euro ënnerstëtzt. 5,8 Milliounen hätt ee kënne recuperéiere vun der Liquidatioun vun Luxembourg for Business. Den nationale Kulturfong FOCUNA investéiert iwwerdeems ronn 350.000 Euro. Insgesamt géingen deemno 38,3 Milliounen Euro an de Lëtzebuerger Projet fir d'Weltexpo fléissen.

An der nächster Etapp gouf e GiE, e Groupement d'intérêt Economique gegrënnt, dee seng Aarbecht am Januar 2017 opgeholl huet. Zesumme mat der Administration des bâtiments publics gouf dunn ee Cahier de Charges opgestallt an en Appell à projet lancéiert, fir dee 19 Projeten erakomm wieren. De Projet vu Metaform gouf als eenzege vum Comité de Selektioun zréckbehalen. D'Form vum Möbiusband hätt iwwerzeegt, virun allem am Hibléck op de Slogan vun der Weltausstellung Connecting minds, creating the future.

Zesumme mat de Partner a mat der Virstellung vun der Regierung am Hannerkapp, gouf dunn de Projet konkret ausgeschafft. D'Geschicht vun engem oppenen, fiabelen an dynamesche Lëtzebuerg sollt erzielt ginn.

Lauschteren

Nohaltegkeet gëtt ënnerstrach

De Pavillon selwer gëtt aus Stol, Glas, Holz an aner Materialie gebaut, ganz am Sënn vun der Économie circulaire. En Deel vum Pavillon soll och nees zréck op Lëtzebuerg kommen, deen nom Wonsch vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider an e Space Center soll ëmfonctionnéiert ginn. De Minister géing nach virun der Weltausstellung annoncéieren, wou deen Deel vum Pavillon hikënnt.

Kulturelle Programm

Siwe Konschtdisziplinnen, dorënner Theater, Danz a Musek sollen de Konschtprogramm vum Januar un assuréieren. Bedeelegt Artiste sinn ënnert anerem d'Julie Konrad am Design, de Guy Helminger fir d'Literatur an d'Simone Mousset fir den Danz.

De Jo Kox hätt iwwerdeems d'Iddi proposéiert, fir de Konschtprogramm net nëmmen op déi sechs Méint ze beschränke während deenen d'Weltausstellung leeft. Deemno soll de Konschtprogramm nach dëse Januar ufänken. Den nationale Kulturfong FOCUNA investéiert ronn 350.000 Euro an dee permanenten Deel vun der Konschtausstellung an an d'Evenementer.

Méi zum Thema

Vu lénks no riets: Pim Knaff, Ralph Waltmans, Andreas Wagner, Guy Arendt.
Esch 2022

D'Gemeng Käerjeng hätt eng positiv Approche géintiwwer der Participatioun un Esch 2022. Et misst elo en transparente Mapping fir all Gemeng a vun alle Projeten erstallt ginn, seet den Andreas Wagner.

Maggy Nagel
Maggy Nagel

D'Maggy Nagel geet net méi mat a Walen. Mat der Politik wier et ganz eriwwer, esou déi fréier Ministerin. Als Lëtzebuerger Kommissärin ass d'Maggy Nagel zoustänneg fir d’Weltausstellung 2020 zu Dubai.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen