57. Konschtbiennale vu Venedeg "Thank you so much for the flowers" vum Mike Bourscheid

Viva Arte Viva ass den Titel vun der thematescher Ausstellung vun der 57. Konschtbiennale zu Venedeg. Gëschter Owend war de Vernissage vum Lëtzebuerger Pavillon a muer ass déi offiziell Ouverture vun der Biennale. D'Gespréicher fir een neien, méi zentrale Lëtzebuerger Pavillon wieren am Gaang, seet de Staatssekretär Guy Arendt (DP). Dem Mike Bourscheid seng Skulpturen-ähnlech Kostümer ginn awer nach an de Raimlechkeete vun der Ca Del Duca ausgestallt.

Christian Mosar / fk

Mike Bourscheid
'Thank you so much for the flowers' vum Mike Bourscheid

Eigentlech sollt d'Haaptausstellung vun der Konscht-Biennale vu Venedeg, déi offiziell muer (13.5.) ënnert dem Titel "Arte Viva Arte" opgeet, déi kënschtleresch Kreativitéit, méi wéi déi politesch Astellung oder Kritik, duerstellen. Zu Venedeg kéint awer fir déi bildend Konscht zu Lëtzebuerg an hir Representatioun am Ausland entscheedend Kulturpolitik gemaach ginn.

Nei Plaz fir Lëtzebuerger Pavillon

De Staatssekretär fir d'Kultur Guy Arendt war net nëmmen op der Biennale fir dem Lëtzebuerger Kënschtler Mike Bourscheid säi Pavillon, a Präsenz vum Kënschtler, anzeweien.

D'Zil war et och, fir eng nei Plaz fir de Lëtzebuerger Pavillon ze fannen. Dee war bis elo an der Ca Del Duca, engem Haus direkt um grousse Kanal an der Bréck vun der Accademia zu Venedeg. Zu Fouss ass d'Ca Del Duca awer nëmme schwiereg am Labyrinth vun der Lagunestad ze fannen.

Während der Architektur-Biennale d'lescht Joer war de Premier Xavier Bettel op Visite am Lëtzebuerger Pavillon. Hei gouf d'Iddi lancéiert, fir eng méi zentral Plaz ze fannen.

Arsenale eng Optioun?

Aktuell géif ee mat der Administratioun vun der Biennale verhandelen, fir am Arsenale ënner Daach ze kommen, seet de Staatssekretär Guy Arendt.

"Et deet eis Leed, fir elo hei fort ze goen. Mä mir mussen och no eise Kënschtler kucken, datt se méi zentral sinn, wéi dat heiten."

D'Gespréicher géifen nach lafen, mä et géif awer net schlecht ausgesinn, ënnersträicht de Guy Arendt. Rieds geet vun engem Raum vun 250 Meter Carré.

"Präislech wäerte mir net ganz wäit vun deem ewech sinn, wou mir de Moment sinn".

De Guy Arendt hofft, datt de geplangten neie Lëtzebuerger Pavillon d'nächst Joer seng Diere kann opmaachen. "Wann d'Verhandlunge gutt lafen, da misst dat klappen".

"Neien Usporn ginn"

De Lëtzebuerger Pavillon gouf dëst Joer vum Casino Luxembourg Forum d’art contemporain matorganiséiert. Den Direkter Kevin Muhlen begréisst d'Iddi vun engem méi zentralen, neie Lëtzebuerger Pavillon am historeschen Arsenale zu Venedeg. D'Ca Del Duca wier zwar eng Adress, déi de Leit mëttlerweil ee Begrëff wier, mä kënschtleresch gesinn, kéint een neie Pavillon eventuell een neien "Usporn" ginn.

"Den Arsenale ass méi no am Zentrum vun der Biennale. Et hätt een och kéinten op d'Sich goen, vun engem anere Pavillon an der Stad. Dat wär net oninteressant gewiescht, well et hätt ee vläicht kéinten eppes mat méi Charakter fannen, wéi den Arsenale. Mä firwat net."

"Thank you so much for the flowers"

Et ass also méiglech, datt dem Mike Bourscheid säin "Thank you so much for the flowers"-Pavillon dee leschte wäert sinn, deen an de klenge Raimlechkeeten am Haff vun der Ca Del Duca organiséiert gouf. De Lëtzebuerger Kënschtler lieft a schafft zu Vancouver. Hien huet net nëmmen eng ganz Serie vun Skulpturen-ähnlech Kostümer an anere Funktiounskleeder am Pavillon ausgestallt, mä hie benotzt déi och a senge Performancen.

D'Austellung wier no der Performance "Thank you so much for the flowers" benannt, déi eppes mat Potterie-Coursen ze dinn hätt, seet de Mike Bourscheid.

"Zënter datt ech ernannt gi si fir de Pavillon, sinn ech reegelméisseg a Potterie-Course gaangen. Um Schluss hunn ech ee Casque, deen och eng Vase ass, realiséiert. Bei der Erëffnung hunn ech deen un, mat engem selwergemaachte Pyjama, deen dozou gehéiert. Wann d'Leit erakommen, kréien se eng Blumm an da kënne se domat maachen, wat se wëllen. Si entscheeden am Fong, ob si mir d'Blumm wëlle ginn oder ob si déi wëllen halen. Dat heescht, si sinn am Fong och aktiv."

Bei der Erëffnung kéint et also sinn, datt hien den Helm unhätt mat e puer Blummen dran oder géif ausgesinn "wéi sou ee Pohunn", seet de Mike Bourscheid.

Zerbriechlechkeet vun den Erwaardungen duerstellen

De Mike Bourscheid hätt sech och vill Froe gestallt, wat d'Biennale wier a wat ee Kënschtler géif ausmaachen, deen e Land op der Biennale vertrëtt.

"Ech mengen dat spillt och ganz vill eng Roll am Wierk "Thank you so much for the flowers". D'Erwaardunge sinn ëmmer zimlech héich. A bei sou enger Erwaardung spillt och ëmmer eng Fragilitéit mat, zu där een och muss stoen. Ech fannen déi Aarbecht geet haaptsächlech dorëms, datt een och déi Fragilitéit kann duerstellen."

Matt ronn 230.000 Euro Produktiounskäschten a ronn 60.000 Euro Loyer konnt de Lëtzebuerger Pavillon bis elo weider existéieren. Mat der Verduebelung vun der Ausstellungsfläch wäerten awer nei Erausfuerderungen op d'Kënschtler duerkommen. Och finanzieller Natur.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Mike Bourscheid
Mike Bourscheid

De Mike Bourscheid vertrëtt Lëtzebuerg 2017 op der Konschtbiennale zu Venedeg. Säi Projet beschäftegt sech mat komesche Personnagen, mat komesche Gefiller a mat Intimitéit. E Gespréich mam Kënschtler.

Mike Bourscheid
Konschtbiennale

"Getting ready for the Venice Biennale 2017" heescht en aktuellt Wierk vum Mike Bourscheid. A prett ass en, de Kënschtler, fir Lëtzebuerg op der Konschtbiennale zu Venedeg ze vertrieden.

Zu Lyon ass zanter dem 10. September a bis de 6. Januar d'nächst Joer d'biennale d'art contemporain, dëst Joer ënnert dem Motto "La vie moderne"

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen