Film Jan Bucquoy: "Les parents sont les bourreaux de leurs enfants"

E Papp versicht seng Duechter virum Suicide ze retten... De belsche Realisateur Jan Bucquoy verschafft a sengem neie Film "La Dernière tentation des Belges" eng fir hie schwéier perséinlech Erfarung.

Michel Delage

Jan Bucquoy
Jan Bucquoy

Anarchist, Provokateur, Kënschtler, BD-Zeenarist, Realisateur, Bedreiwer vum Bréisseler Kultbistro "Dolle Mol"... De Jan Bucquoy ass e villsäitegen a faarwege Personnage.

Säin neie Film "La Dernière tentation des Belges" ass den drëtten Deel vun enger autobiografescher Trilogie, déi no "La Vie sexuelle des Belges" (1994) a "Camping Cosmos" (1996) hei ofgeschloss gëtt.

Den Thema vum Suicide ass schonn esou keen einfache Sujet. Wann et ëm déi eegenen Duechter geet, bal eng Saach vun der Onméiglechkeet... An dach ass de Jan Bucquoy sengem humoristeschen, barocke Stil trei bliwwen.

Am Interview mam Michel Delage verréit de belsche Realisateur, wéi en dat fir hie besonnesch delikat Thema ugaangen ass, wéi eng politesch-kënschtleresch Referenzen an de Film afléisse gelooss huet, a virun allem, wou e mat sengem Coup d'Etat drun ass, deen e Joer fir Joer mat grousser Disziplin virum Palais zu Bréissel openeits probéiert huet!

An der Mediathéik:

Kultur / / Michel Delage
Lauschteren

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen