Frankfurter Buchmesse 2016 "Léiere Lieser ze ginn"

Den däitsche Buchpräis ass un de renomméierten Auteur Bodo Kirchhoff fir seng Novelle "Widerfahrnis" gaangen. De Bodo Kirchhoff huet sech op dee mam "Deutscher Buchpreis" verbonnenen Medienintressi agelooss. Lues a lues géif hien awer ufänke midd ze ginn, gëtt de Schrëftsteller zou. Fir den 100,7 huet hie sech awer Zäit geholl.

Nathalie Bender / jcm / cwi

Bodo Kirchhoff
De Bodo Kirchhoff. Foto: picture alliance / Sven Simon

De Bodo Kirchhoff hëlt d'Auszeechnung mam däitsche Buchpräis fir säi Buch "Widerfahrnis" den Ëmstänn entspriechend relax. Hien hätt net driwwer nogeduecht wat et bedeite géif, Laureat vum Präis ze sinn. Wéi hien d'Noriicht vum Gewënn kritt hätt, wier hien erliichtert gewiescht an hien hätt sech dorop konzentréiert, wat hie géif soen. Et géif awer net nëmmen ëm d'Konzentratioun, mee och ëm den Engagement goen, esou de Schrëftsteller. "Et muss ee sech fir all Interview nei engagéieren." Den Auteur fënnt et fuerchtbar, wann een den Androck kréich, hie géif ëmmer dat selwecht soen. Hie géif probéieren, all Interveiw esou ze ginn, wéi wann et deen éischte wier.

Den Titel vum Bodo Kirchhoff sengem priméierte Wierk "Widerfahrnis" ass e Wuert, wat een net all Dag héiert, a vun dem een esou guer am Duden keng Definitioun fënnt. De Bodo Kirchhoff erzielt, hien hätt dat esou däitschkléngent an awer net geleefegt Wuert op engem Seminaire eng éischte Kéier héieren. Et wier fir hien direkt kloer gewiescht, datt hien emol e Buch mat deem Titel schreiwe wéilt.

D'Fro ass natierlech: Wat heescht Widerfahrnis? Fir de Bodo Krichhoff heescht et am méi enken theologesche Sënn am Fong just:

"Ein tiefgreifendes, spirituelles Erlebnis, dem man selber nichts entgegen setzen kann und das einen, aufgrund der Tatsache das man nichts entgegen setzen kann, im Innersten verändert."

Vu "Schundroman" bei "Widerfahrnis"

De Schrëftsteller huet 2002 mam Wierk "Schundroman" eng Persiflage op den däitsche Literaturbetrieb geschriwwen an d'Handlung an d'Kulisse vun der Frankfurter Buchmesse placéiert. Elo steet hie mat sengem aktuelle Roman selwer op där Buchmesse an eben dem däitsche Literaturbetrieb. Huet den Auteur seng Iddien aus "Schundroman" da revidéiert? Nee, äntwert dorop de Bodo Kirchhoff. "Ech sinn zwar elo en Deel dovun, mee meng Meenung bleift."

Hie wier och gefrot ginn, ob hie sech kéint virstellen, ee Buch ze schreiwen, wat op der Buchmesse spillt. "Dunn hunn ech gesot, scho geschitt, d'Buch heescht 'Schundroman'. An den Titel hunn ech net fir näischt gewielt."

Léiere Bicher ze liesen

De Bodo Kirchhoff ass der Meenung, datt wann et ëm Bicher geet, et weder e richtegen, nach ee falsche Choix géif ginn. Ënnert de Bicher, déi et gëtt, wieren déi meescht fir d'Mënschen - och dir den Ulirch Kirchhoff - Nei-Editiounen. Et géif ee si nei entdecken, well een nach näischt dovun héieren hätt oder si nach net gelies hätt.

Aus deem Grond misst een am Laf vum Liewen och Léieren, Lieser ze ginn. "Mir léieren zwar Liesen a Schreiwen, mee mir léieren net Bicher ze liesen." Dat géif laang daueren, mengt den Bodo Kirchhoff. An deen huet scho puer Joer méi Erfahrung doran wie muench aneren.


"Widerfahrnis" vum Bodo Kirchhoff ass an der Frankfurter Verlagsanstalt erauskomm.

An der Mediathéik:

Kultur / / Nathalie Bender
Lauschteren

Méi zum Thema

Holland a Flanderen @ Frankfurter Buchmesse
Frankfurter Buchmesse 2016

Flanderen an Holland deele sech d'Mier, en Horizont, eng Sprooch a villes méi. Mam Motto "Dies ist was wir teilen" si si Éiregaascht op der Frankfurter Buchmesse. Wat hu si literaresch ze bidden?

anna weidenholzer-7.JPG
Literatur

D’Anna Weidenholzer schreift iwwer verluere Figuren. Mat der sachlecher an awer billerräicher Sprooch vun hirem leschte Roman huet si et an d’Longlist vum Däitsche Buchpräis gepackt.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen