De Maxim Kantor ass 1957, also virun 58 Joer, zu Moskau op d’Welt komm. Mee u sech huet hie südamerikanesch Originen. Säi Grousspapp, e jiddeschen Argentinier, war als Mineralog a Russland geruff ginn. Hien ass awer wéinst verschiddenen Usiichte mam Pouvoir a Konflikt geroden. Och dem Maxim Kantor säi Papp, de Philosoph Karl Kantor ass am Laf vu senger Carrière verhaft an agespaart ginn.
De Fils huet weider un dat Gutt gegleeft. Uganks vun den 1980eger Joren, no sengen Etuden um Polygrapheschen Institut zu Moskau, huet hien den onofhängege Kënschtlergrupp "Dat rout Haus" mat gegrënnt. Hie wollt mat Dages-Expositiounen am Ënnergrond d'Welt e wéineg changéieren. Haut realiséiert hien, datt d’Aktioune vun den Artiste méi ënnerhalen, wéi gerëselt hunn.
Oppe Kritik u Russland
De Maxim Kantor huet sech oppe géint de russesche President Vladmir Putin, géint de Krich an der Ukrain, den neien Nationalismus, déi imperialistesch Politik an d'Opkomme vum Faschismus a Russland ausgeschwat. "Doropshi krut ech schrëftlech Menacë vun anonyme Leit an och vun der Regierung." De Kënschtler seet, hie wier a Russland populär gewiescht. Virun e puer Joer wier hien souguer gefrot ginn, fir Kulturminister ze ginn. Dat hätt hien awer refuséiert. "An elo meng Aussoen ... dat gëtt alles als Beleidegunge gesinn. Dofir sinn ech elo léiwer net a Russland." Zënter 27 Joer lieft de Maxim Kantor zu Berlin. Hien huet awer och schonn zu Oxford an op der Île de Ré gewunnt.
"Net méi surrealistesch, mee realistesch"
D’Ausstellung am Kräizgank a laanscht déi barock Trap vun der Abtei Neimënster wierkt aus der Distanz gekuckt lëschteg: Ob op den 20 grousse Formater an Ueleg, op verschiddene grapheschen Aarbechten a Marionetten - konterbont ass tromp.
Mee wat ee méi no kënnt, wat ee méi Verzweiwlung an de Gesiichter vun de representéierte Massen entdeckt. Donieft Doudekäpp vun Déieren, Muschelen an aner Fossilien. Dertëscht ëmmer nees en Draach, deen dat absolut Béist duerstellt, ëmgi vu Schwäin, Flantermais, Eilen, Haien, mee och Hexen an entmënschlecht, onheemlech Wiesen."Ech nenne meng Ausstellung hei 'Le nouveau Bestiaire', well ech op eemol gefillt hunn, datt all déi al Monsteren, déi de Mënsch an der Vergaangenheet begruewen hat, nees operstane sinn", erkläert de Maxim Kantor.
Am Ufank vu senger Carrière als Moler wieren dem Maxim Kantor no déi mëttelalterlech Kënschtler Hieronymus Bosch a Pieter Brueghel a Moud gewiescht. Jiddereen hätt wëlle Surrealist spillen. "Ech hunn dat onnatierlech fonnt a wollt näischt virmaachen. Mee elo komme mir dës Motiver net méi surrealistesch, mee realistesch vir."
De Maxim Kantor seet, hie wéilt mat senger Konscht a mat sengen Texter opdecken, mee och encouragéieren. D’Mënsche solle sech an hiren Iwwerzeegungen trei bleiwen, esou den iwwerzeegte Katholik a Sozialist. Och wann et den Ament no gro bis schwaarzen Zäiten ausgeséich.