100komma7 Lauschtertipp: B-Radio

B-Radio ass déi aner Kulturemissioun hei um 100,7. Loosst Iech iwwerrasche vun dëser Emissioun, déi sech och 2021 op eng speziell Manéier mat Kultur a Subkultur am breede Sënn beschäftegt.

B-Radio: Kulturrevolutioun

Deen Éischten ass net vir

Wie sech virdréckt, verschaaft sech e Virdeel - e kuerzfristege Virdeel. Eng bluddeg Geschicht iwwer Viren, Zombien a kuerzsiichteg Profiteuren.




KulturRevolutioun


Wunnen ouni Nout

Wunnengsnout? Jo, mee net fir jiddereen. Do wou d'Präisser an engem Stéck klammen, muss et jo Leit ginn, déi eppes dovunner hunn.


Sou al/jonk, wéi ee sech fillt?

Fir den 20. an der Geschicht vun de B-Radioen, beschäftege mir eis mat der Zäit, déi ze séier oder ze lues vergeet.


Mann bäisst Hond

Fauschtreegel am Journalismus: En Hond, deen e Mann bäisst, dat ass keng Nooriicht; awer e Mann, deen en Hond bäisst, ass eng...


Breakdance-Radio

B wéi B-Boy, B wéi Breakdance! Beweeg dech um Buedem ... mee briech der kee Been ... E Stéck Lëtzebuerger Hip-Hop-Geschicht.


Adventskalenner

Traditioune gehéiere gefleegt! An dofir huet och d'Equip vum B-Radio e schéinen Adventskalenner gebastelt. Natierlech en nohaltegen, mat allem, wat eis esou an d'Hänn gefall ass.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen