Theater "Zwee Strummerten an eng Houer, an um Enn dräi Mënschen"

"La Putain de l'Ohio" ass e Stéck vum israelesche Dramaturg Hanokh Levin. D'Première ass dësen Donneschdeg (19.1.) am TOL. Dëst raut awer grad esou poetescht Wierk iwwert d'Dreem vun zwee Clocharden an enger Prostituéierte gëtt an Zeen gesat vum Frédéric Frenay.

Jamie Reinert, md

La Putain de l'Ohio.jpg
Sascha Ley, Joël Delsaut a Jean-Marc Barthélemy (Foto: Ricardo Vaz Palma)

Am Stéck "La Putain de l'Ohio" ënnersicht den Hanokh Levin d'Liewe vun dräi verzweiwelte Personnagen: e Papp a säi Fils, déi allen zwee op der Strooss liewen, an eng Prostituéiert. Fir säi 70. Gebuertsdag wëll sech de Papp eng bezuelten tëschemënschlech Relatioun offréieren. Leider verléiert hien dobäi seng Éier a seng Suen. De Fils ass natierlech iwwert sengem Papp seng Aventure net grad frou.

Sex, Suen, den Doud, d'Al-ginn, de Materialismus vun der Jugend, dat sinn d'Theme vum Stéck, erkläert de Regisseur Frédéric Frenay. "Mir hunn hei dräi Leit, déi prinzipiell näischt hunn. A wat ass elo fir Leit, déi näischt hunn, alles?"

"Wéi d'Liewen: Héichten an Déiften"

Dat Ganzt héiert sech u wéi ee sozial-kritescht oder och oppressiivt Stéck. Och wann dës Elementer am israeleschen Dramaturg sengem Wierk sécher erëmzefanne sinn, ass den Humor och present. "Et fänkt wéi eng burlesque Komedie un, an 't ass um Enn bal ... en Drama. An esou ass d'Liewen: Héichten, Déiften", sou de Frédéric Frenay.

An der "Putain de l'Ohio" wierken de Joël Delsaut, de Jean-Marc Barthélemy an d'Sascha Ley mat, déi d'Roll vun der Prostituéiert spillt. Fir d'Actrice geet et ëm d'Bedürfnis, Léift ze kréien, vun deem aneren erkannt ze ginn, eng Valeur hunn.

"Präzisen Text, deen e präziist Spill verlaangt"

D'Sprooch, déi den israeleschen Dramaturg am Stéck benotzt, ass immens rau a schwätzt d'Themen direkt un, ouni Ëmweeër. Awer och poetesch, an ni vulgär, fënnt de Regisseur Frédéric Frenay. "Et ass, wéi den Ënnerscheed tëschent Erotik a Pornographie".

Och wann den Hanokh Levin seng Personnagë kloer a mënschlech beschreift, huet hien ee besonnesche Stil, deen dem Joël Delsaut, deen am Stéck de Papp spillt, Schwieregkeeten bereet huet. "All Saz, heiansdo souguer Hallefsaz, ass eng Hellewull un Iddien, déi fléissen, déi am Widdersproch zuenee stinn." Den Text wier ganz präzis geschriwwen, vum Schauspiller géif en déi selwecht Präzisioun ofverlaangen.

Wéi d'Themen am Stéck huet de Frédéric Frenay den Dekor esou minimalistesch wéi méiglech gehalen. Themen, déi universell sinn. De Schauspiller Joël Delsaut huet d'Humanitéit vum Stéck markéiert an och d'Entwécklung vun de Personnagen. "Et geet u mat zwee Strummerten an enger Houer. Et hält op mat dräi Mënschen."

An der Mediathéik:

Kultur / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Cast Faust
Theater

Dem Johann Wolfgang von Goethe säi "Faust 1", an enger moderner Mise en scène vum Jean-Paul Maes, an de Mauere vum Beetebuerger Schlass. D'Opféierung versprécht eng intressant Aventure.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen