Mini-Serie "L'amour a ses réseaux"

Treffen iwwer Dating-Apps hunn hire besonnesche Charme. Se kënnen absolut schif goen oder et erlieft ee kuriéis Mënschen a fräier Wildbahn. Et kann awer och ganz gutt lafen, mee eng Surprise ass et ëmmer. D'Renée Greusard huet fir hir Chronik "Tinder Suprise" am L'Obs net manner wéi 130 Temoignagen iwwer Dating-App-Geschichten gesammelt.

Lara Bousch

"L'amour a ses réseaux"

Bei der Serie ass all Episod véier bis sechs Minutte laang. Aus dem Off erzielt eng Fra oder e Mann ganz lässeg, wéi zum Beispill iwwer engem Glas Wäin, hir oder seng Geschicht. Déi ganz Serie ass animéiert mat gezeechenten Illustratiounen an zwou, maximum dräi Faarwen.

De Paräisser Studio Darjeeling huet genee dee richtegen Ausdrock fir dës Serie fonnt. An zwar ass et e bësse wéi e Kappkino. D'Zeechnung, am Stil vun engem Stëft op engem wäisse Blat, hëlt an adaptéiert hir Form am Laf vun der Erzielung. Heiansdo ass se méi detailléiert, zum Beispill, wann e Raum oder d'Ausgesi vun engem Mënsch beschriwwe ginn.

Kreativ Symboler

Heiansdo ass se méi kreativ a gräift op Symboler zeréck, heiansdo och genee net. Wann en Temoignage vun enger Fra zielt, déi sech absolut onméiglech behëlt, erschéngt si mat hirem Gesiicht prompt um Kierper vun engem Draach. D'Illustratioune sinn also voller humorvollen a kreativen Detailer, déi maachen, datt ee Loscht huet sech d'Episoden e puermol hannerteneen unzekucken.

Et däerf een net vergiessen, datt bei Dating-Geschichten och Intimitéiten ausgetosch ginn. Ëm Zeechnunge vu Peenissen, déi sech a Villercher verwandelen, oder e Bësch vun Dildoe kënnt een net derlaanscht. Mee keng Angscht, mir sinn net beim Wolinski, d'Zeechnungen si vläicht och mol explizitt, mee bleiwen awer harmlos.

Sech an deen aneren eraversetzen

Dat Witzegt um Toun vun der Serie ass, datt een den Erzieler versteet. Et kann ee verstoen, firwat hien oder si deen aneren op emol blöd oder iwwerdriwwe fënnt oder sech selwer blöd behëlt.

Sech ze treffen, just op Basis vun enger Foto an zwee Sätz, féiert eben dozou, datt ganz ënnerschiddlech Mënschen openeen treffen. Gläichzäiteg huet een d'Gefill, datt wierklech komesch Mënschen hiert Onwiesen op esou Reseauen dreiwen. Mee deemno wéi d'Perspektiv eben ass, ass ee vläicht och selwer déi wierklech komesch Persoun.

"Les rendez-vous pris via Tinder, Happn, Bumble, Ok Cupid ou autre nous mettent face à de grands bouleversements sociétaux. Ces outils changent, au moins en partie, nos manières de séduire ou de choper et donc, nos pratiques en termes de relations sentimentales, amoureuses ou sexuelles.",

schreift d'Renée Greusard op L'Obs.

Ee Frieme kenneléieren

Dating-Apps maachen et ville Leit méiglech, méi nonchalant un d'Saach erunzegoen, schliisslech ass déi aner Persoun en totale Friemen, deen ee vläicht ni méi erëmgesäit, dat hoffe verschidde Leit op d'mannst nom Date.

Den Toun vun der Serie passt, d'Erzielungen si spontan an net erfonnt. Virun allem dréit d'Serie déi kreativ Touche vun de Realisateuren a Realisatricen: Cécile Rousset, Adreinne Nowak a Romain Blanc-Tailleur vum Darjeeling Studio zum lackeren Toun bäi. An deem Sënn: Bien vu!

An der Mediathéik:

Kultur / / Lara Bousch
Lauschteren

Méi zum Thema

chroniques végétales 2 + TU PRéFèRES.png
Kultur

Kraider a Jugendlecher sinn d'Theeme vun den zwou Mini-Serien. Se si kuerz a knackeg a komplett verschidden, mat Episode vu jeeweils véier bis sechs Minutten.

i am not your negro
Filmtipp

"I Am Not Your Negro" ass e Monument vun enger Dokumentatioun iwwer de Rassismus-Problem an Amerika an den Ament an der Arte Mediathéik ze gesinn. D'Lara Bousch mam Filmtipp.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen