Kulturchronik: Weltkulturierwen a Gefor

Djihadiste vum islamesche Staat hunn op en Neits mat engem Video am Internet schockéiert: de Clip weist IS-Unhänger, di Exponaten am Musée vun der irakescher Stad Mossul mat Hummer a Burer ugräifen. Dorënner, dat hunn Experte confirméiert, z.B. eng assyresch Dierwiechterfigur, di iwwer 2600 Joer al ass. D’Bamiyan-Buddha-Statuen an Afghanistan, de Basar an d’Moschee vun der Alstad vun der syrescher Metropol Aleppo...alles Unesco-Weltkulturierwen...alles zerstéiert. Eng Kulturchronik vum Kerstin Thalau:

 

„Firwat hues Du Dengem Kolleg säin Tamagotchi stierwe gelooss? Well hie mäi Pompjeesauto futti gemaach huet!“ Vandalismus gëtt méiglecherweis als kannereg bezeechent; mä bei Erwuessenen erreecht en zum Deel erschreckend Dimensiounen. Wann Haass, Nout, an och Zäitdrock d’Soen hunn, spille Valeuren, zemools friem Wäerter, keng Roll méi.

D’Unesco hat viru gutt 40 Joer d’Lëscht vun de Weltierwen initiéiert, well  “Deeler vum Kultur- oder Naturierwen vun esou grousser Bedeitung sinn, datt se als Bestanddeel vum Patrimoine vun der ganzer Mënschheet erhale musse ginn. Kultur an Educatioun, den Échange mat aneren Natioune kënne Konflikter verhënneren.” Haut ass de weltwäiten Austausch quasi Alldag, mä d’Héichkultur ass op der Streck bliwwen. Wann d’Leit z.B. Isis héieren, denken en etlech fir d‘éischt un den islamesche Staat am Irak an a Syrien, an an enger zweeter Phase eréischt eventuell un d’Isis, di ägyptesch Gëttin vun der Gebuert, der Magie an dem Doud.

Lo si Membere vun der Terrormiliz domat gefiddert ginn, dat d’Assyrer virun 3000 Joer eng Abberzuel vu Gottheeten ugebiet hunn. Mat esou engem Kult stellt een d’Eenzegaartegkeet vun Allah a Fro. D’Relikter dovun, Meeschterwierker hin oder hier, gehéieren natierlech zerstéiert. Op d’IS-Membere schéngt hir Destruktioun net destruktiv gewierkt ze hunn. Au contraire: no hirer Aktioun géint feindlech Skulpturen, déi sech net wieren, hunn se houfreg hir Aktioun am Internet gepost. Fir en etlech Amerikaner eng Justifikatioun méi fir di geplangten Militäroffensiv am IS-Territoire. Mä, fir beim kannerege Vandalismus ze bleiwen: waren et net amerikanesch Zaldoten, déi bei den Irakkricher an der Vergaangenheet wichteg Kulturschätz zerstéiert, oder mat gehollef hunn, se op de Konschtmaart an d’Ausland ze schmuggelen? Wat seet d’Unesco zu all deem? Si muss vläicht als éischt iwwerpréiwen, op d’Schiebelen a Fatzen vun der net islamescher Konscht, d’Relikter an d’Bicher vu Mossul, der 2. gréisster irakescher Stad, op der Weltierwelëscht steet oder net. Beim Ausbroch vum Biergerkrich a Syrien waren eng hallef dose Weltkulturierwen dohannen a Gefor. De selwechten Szenario an Afghanistan a Libyen. Fir en Zeechen ze setzen, huet d’Unesco se aus der gëlteger eraus an op di rout Lëscht gesat. Do geet engem dach den Hutt héich! Mä ass dat net alles, wat eis bleift, Positioun bezéien? An da bauen sech och schonn nees di 3 Clichéfroen virun eis op: wien décidéiert, wat weltwäit erhale gëtt, a wéi enger Form, a wie mécht de Portemonnaie dofir op?

Wéi an de 60eger Joeren d’NS-Sailen vum Reichsparteitagaréal zu Nürnberg gesprengt gi sinn, ass wierklech keen op d’Barrikade geklommen. War dat da keng Zerstéierung, di gutt gedoen huet? Mëttlerweil gëtt zanter e puer Joer gestridden, op een den Reichsparteitag net als ofschreckend Beispill erhale muss. D’Käschte fir d’Renovatioun ginn haut op iwwer 70 Milliounen Euro geschat. En Architekt hat eng méi bëlleg Iddi: de monstruéise Patrimoine einfach ënnert enger duerchsiichteger Carcasse astierze loossen. Do wier d’Kritik un de Nazien, déi op d’Wierkung vu Kulisse gesat hunn, di 1000 Joer hale sollten, awer emol net di éischt 100 gepackt hunn, méi ewéi offensichtlech.

Zum Schluss nach emol d‘60er Joeren: 1964 war de franséische Réalisateur Jean-Daniel Pollet an der griechescher Pampa, bei Bassae, an huet duerno e kuerzen Documentaire iwwert deen an de Vergiess gerodenen Apollotempel erausbruecht, an deem hien den Zerfall vun dësem Unescoweltierwe festgehalen huet. Doropshi sollt d’Monument séier restauréiert ginn, mä vu dat d’Moyenen gefeelt hunn, ass et temporär mat enger plastikser Baatsch iwwerdeckt ginn. Zejoert war de Kënschtlerduo Raphaël Siboni a Fabien Giraud fir eng Videoinstallatioun, déi se duerno hei am Casino presentéiert hunn, op de Spuere vum Pollet bei Bassae. D’Baatsch ass nach ëmmer do, mä mëttlerweil eng zäitgenëssesch Ruine, di eng antik Ruine beschützt. “De Mënsch huet zanter Eiwegkeeten en Faibel dofir, sech en Denkmal ze setzen. Mä fir d’Evolutioun sinn eiser 3000 Joer net emol eng Sekonn, an um Enn setzt d’Natur sech géint eis Meeschterkonstruktiounen duerch”, war d’Konklusioun vu Giraud a Siboni, also vun 2 Kënschtler!

Tja, a wéi bréngt een dat elo alles zeréck op ee gemeinsame Nenner? D‘Thema Ierfschaften schéngt net dem Mënsch säi Meeschterwierk ze sinn.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen