Kulturchronik: Stop Making Sense

Den Yves Stephany mécht sech an der Kulturchronik Gedanken doriwwer, firwat zwar vill guttgemaache Produktioune vu lëtzebuerger Gruppen a Museker erauskommen, se awer generell zimlech langweileg sinn.

 

Zanter Joere couvréieren ech fir de radio 100,7 déi musikalesch Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Et ass eng vun de Missioune vum ëffentlech-rechtleche Radio, fir der Kreatioun hei am Land eng Plattform ze ginn. Et ass awer och eng perséinlech Passioun vu mir, fir d’Musek, déi hei an der Géigend gemaach gëtt, weiderzebréngen. Net zulescht, well ech och selwer aktiv Musek maachen.

D’Entwécklung, déi d’lëtzebuerger Musekszeen an deene leschte 15 Joer duerchgemaach huet mécht mech frou an houfreg. Wann ech vergläichen, wéi Opname vu jonke Rock Bands haut kléngen, a wéi eis Demo-Tapes an den Ouere gekraazt hunn, muss ech mäin Hutt zéien. Dat si Produktiounen, déi sech kënne weise loossen. Gutt, d’Recording-Technik ass méi abordabel ginn, et kann ee villes selwer maachen, et kritt ee lénks a riets Ënnerstëtzung, finanzieller an technescher. Awer d’Musek ass och méi erwuesse ginn, d’Bands maache sech scho ganz jonk Gedanken iwwer Songwriting an Arrangementer, a wëllen net einfach just rocken a Kaméidi schloen. Dee ganze Ronderëm, dee bei Popmusek quasi genee sou wichteg ass, wéi d’Musek selwer, wéi Plackecoveren, Bandfotoen, Websäiten a Flyeren ass extrem gefleegt a professionell.

Allerdéngs fannen ech, dass et mat Momenter bëssen zevill dees Gudden ass. Et kritt een den Androck, wéi wa jonk Museker just nach géifen u Business denken. Wéi wann et virun allem géif drëm goen, fir der Rockhal, dem Eldoradio an dem Exportbureau ze gefalen. Wéi wann de But vum Musek maachen net wier, dat, wat déif an engem dra sëtzt, mat Téin auszedrécken, mee an ee Schema ze passen. Sou ze kléngen, wéi all déi aner.

Mir feelt hei am Land d’Kultur vum Probéieren an de Courage zum Feeler. Et ass traureg, dass Kanner an Teenager net méi experimentéieren. Läit et un der Museks-Erzéiung, déi net seet: “spill roueg, et gi keng falsch Nouten”? Läit et un deene sëlleche staatlech subventionéierte Programmer fir jonk Museker, déi just op Professionalismus an Export zilen? Un deene sëllechen Optrëttsméiglechkeeten, déi den Do-It-Yourself iwwerflëssesch maachen? Oder läit et un enger lëtzebuerger Attitude, déi de prinzipiell de séchere Wee virzitt? D’Excuse, dass schonn alles gemaach gi wär, oder dass déi selwecht Trends sech ëmmer widderhuelen, gelt an dësem Fall net.

Mir brauchen net just Artisten, déi gutt Handwierker sinn. Mir brauche Konscht, déi eis iwwerrascht, déi eis beréiert. Och där, déi uneckt. Déi eng Géigekultur zum Mainstream proposéiert. Déi vläicht och net jidderengem gefält. D’Geschicht huet ëmmer deene Museker Recht ginn, déi sech getraut hunn, fir iwwert den Tellerrand eraus ze kucken.

Eist Gehir funktionéiert nom Prinzip, fir Neies mat Bekanntem ze vergläichen. Dat däerf awer net bedeiten, dass mir just nach Saache produzéieren, déi a bekannte Scheme passen. Popmusek (an dozou zielt och Metal, Rock, Hip Hop a sou weider) huet verschidden ongeschriwwe Regelen, déi zum Beispill d’Längt an d’Struktur vu Songs uginn. Awer dee Kader däerf a soll roueg och mol gesprengt ginn. Respektiv ginn et genuch populär Beispiller dofir, dass et an deem Kader méiglech ass, fir z’experimentéieren, an anescht ze sinn.

Ech wënsche mir nees méi Museker, déi Balls hunn. Dat gelt och fir d’DJen, déi geschwë just nach gutt si fir Thé Dansanten a Fuesbaler z’animéieren. Ganz éierlech (och wann ech mir lo keng Kollege maachen): d’Musek ass wierklech langweileg zu Lëtzebuerg. An elo, wou se endlech am gaangen ass sech aus dem Ghetto vum Rayon hannen am Plackebutteck z’emanzipéieren, a vill Leit op d’Concerte kommen, kann eppes geschéien.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen