Kulturchronik: Situatioun vum Buch
"Deutsch-luxemburgische Literaturbeziehungen" ass den Titel vun enger Ausstellung déi gëschter an der Ambassade zu Berlin a Präsenz vum Botschafter Patrick Santer an dem Direkter vum Literaturarchiv Claude D. Conter ageweit gouf. Buch a Literatur hunn d’lescht Woch déi kulturell Aktualitéit am Land dominéiert. An der Kulturchronik kënnt de Claude Mangen nach eemol op d‘Situatioun vum Buch mat deene ville Manifestatiounen zeréck.
Dem Buch geet et gutt – sou de Fazit an der Emissioun Agora, bei där leschte Sonndeg Vertrieder vu verschidden Interesse-Verbänn ronderëm een Dësch diskutéiert hunn. An dach goufen et ëmmer nees berechtegt Douten ob dat och sou wier. Verglach mat der Situtatioun vu virum éischte Kulturjoer 1995 ass et eng substantiell Verbesserung. Dat wësse mer, well vun deem Impuls huet net eleng d’Literatur profitéiert. Déi lescht 10 bis 15 Joer huet déi national Buch-Produktioun sech verdräifacht, d’Verlagswiesen konnt sech etabléieren an de Literatur-Betrib konnt vun enger Buch-Politik profitéiere mat där de Kulturministère ënner anerem Autoren-Residenzen, Stipendien, Aides à la Création, Literatur-Concoursen a Präisser oder Séjouren am Ausland ënnerstëtzt huet. Iwwer Land maachen divers Foiren a Manifestatioune Promotioun fir d’Buch an et vergeet am Ablack keng Woch, wou net iergend een Auteur iergend wou liest.
An dach ginn et Schwächten. Zum Beispill am Enseignement, wou déi Lëtzebuerger Literatur sou gutt wéi guer net existéiert. Am ënneschten Zyklus ass dat nach einegermoosse garantéiert, well liese gefuerdert gëtt an et genuch Schoulmaterial a Kannerbicher vu Lëtzebuerger Auteuren ginn. Duerno am Lycée flaacht et komplett of, an et ass där perséinlecher Initiative vun eenzelne Proffen ze verdanken, wa mol e Buch vun engem Manderscheid, Rewenig, Helminger, Dune oder Schlechter am Cours optaucht. Offiziell gesäit de Programm dat awer net vir, och wa mat “Literatur-Welten” e Schoulbuch do wier. Natierlech ginn et Initiative wéi lescht Woch, wou am Kader vun de Manifestatioune ronderëm d’Buch Lëtzebuerger Auteuren an international Poeten a Schoulen oder Lycéeë konnte liesen. Dat si gutt gemengt isoléiert Aktiounen, déi awer e System vermësse loossen. Hei bleift nach extrem vill nozehuelen.
E weidere Schwaachpunkt ass déi international Präsenz op Bicher-Foiren. Do huet Lëtzebuerg an de leschte Joeren e Réckschlag erlieft. Nodeem d’Federatioun vun den Editeuren als net méi representativ ugesi gouf, well net all Verlag federéiert ass an domat ausgeschloss gouf, koum et zu gravéierenden Differenze mam Resultat, dass d’Literatur an d’Buch just nach op Eegen-Initiativen ugewisen ass fir am Ausland vertrueden ze sinn. Den Nationale Literatur-Archiv huet et als eng vu senge Missiounen ugesi fir Präsenz ze weisen. Wéi lescht Joer zu Karlsruhe wou Lëtzebuerg Gaascht-Land op der Buchmesse war. D’Ausstellung "Vom 'Zwischenland' zum 'Ausguckland'. Deutsch-luxemburgische Literaturbeziehungen in Schlaglichtern" déi zanter gëschter zu Berlin gewise gëtt war fir Karlsruhe konzipéiert ginn. Si liwwert e breet gefächerte Spektrum a konzentréiert sech net eleng op aktuell Auteuren an hir Wierker, ma geet och op Themen wéi de Colpecher-Krees an d‘Mondorfer Dichterdeeg an.
Déi Lëtzebuerger Literatur brauch e Konzept fir seng Visibilitéit a Vermaartung no baussen, awer och no bannen. Déi verschidden Interesse-Verbänn wéi Auteuren, Librairen, Editeuren, Archiven, Bibliothéiken a privat Promoteure sinn zwar zesumme mam Kultur- a mam Educatiouns-Ministère a Conseil National du Livre regroupéiert an deemno am Austausch. An et besteet och eng Etude iwwer déi aktuell Situatioun vum Buch. Konkret Resultater ginn et nach keng.
Op eis Nofro hinn huet d‘Kulturministesch Maggy Nagel gemengt, si kéint sech duerchaus eng Zort „Export-Büro“ fir Literatur virstellen, eng representativ Agence déi kollektiv no baussen dem Lëtzebuerger Buch e Gesiicht géif. Ma jo gutt, op wat waarde mer dann nach.