Kulturchronik: Mir waren um Luxfilmfest!

E Sonndeg den Owend goung déi 5. Editioun vum Luxembourg City Filmfestival op en Enn. 11 Deeg laang stoung déi 7. Konscht am Mëttelpunkt, mat ëm déi 130 Filmprojektiounen, awer och Workshoppen, Diskussiounen an aneren Evenementer an Animatioune ronderëm de Film. Och um radio 100,7 hate mer vill iwwert de Festival Rieds. An der Kulturkronik proposéiert d’Cléo Thoma ee Réckbléck, gekoppelt mat enger Propose fir déi nächst Editioun vum Filmfestival.

 

Aus der Siicht vum cinéphile Public waren déi 11 Deeg vum Luxembourg City Film Festival a villerlee Hisiicht derwäert: eng Konzentratioun vu Filmer vu gudder Qualitéit, dacks och méi kleng Produktiounen an Documentaire vun deenen der eng ganz Partie et ënner normale Konditioune wuel kaum bei ons an de Kino gepackt hätten.

Besonnesch sympathesch war d’Tatsaach, datt dat alles fir nëmmen 20 Euro accessibel war: dës vergläichsweis niddereg Zomm huet ee misse fir ee Pass dohinner leeën, an da konnt een sech sou vill Projektioune gënne wéi ee wollt.

D’Masterclasses an d’Workshoppen hu Méiglechkeete gebueden, fir mat interessante Leit aus dem Filmsekteur a Kontakt ze trieden: dem Chef Décorateur vum Stephen Spielberg, Roman Polanski an Andrej Wajda begéint een och net all Dag, fir nëmmen ee Beispill ze nennen.

De Festival war sécherlech eng Geleeënheet fir och iwwert d’Grenzen eraus Opmierksamkeet ze kréien: also een u sech privilegiéierte Moment fir ze weisen wat sech hei zu Lëtzebuerg a Saache Film deet: am Kader vun der Selektioun Films made in/with Luxembourg waren d’Viraussetzungen do datt dat funktionéiert. Par conter, bei der Soirée Courts-Métrages, wou et jo eigentlech sollt drëm goen fir deene Jonken op den Zant ze fillen, deenen, déi an deene nächste Joere wäerten hei zu Lëtzebuerg Filmer maachen: mä hei war de Fazit herno éischter beonrouegend. Déi, déi sech, voller Hoffnung no enger net wierklech réusséierter Kuerzfilm-Nuecht d’lescht Joer, sech dat dëst Joer trotzdem nach eng Kéier wollte ginn, ware sech eens, datt d’Nuit des Courts-Métrages keng Reklamm fir de jonke lëtzebuerger Kino war.

Aus der Siicht vum Public an och vun der Kritik gouf doriwwer eraus dacks beklot, datt de Festival am Ganzen ze vill eescht wier: an de Filmer déi de Comité artistique erausgesicht hat si wéi dacks Theme behandelt ginn wéi Krich, Vergewaltegung, psychesch Problemer, Rassismus, Génocide, Korruptioun, d’Finanzkrise, Gewalt am Stot, vernoléissegt Kanner, asw. Méi Courage zur Komedie huet onse Mataarbechter Christian Mosar an deem Zesummenhang, a mat Recht, gefuerdert.

Wat d’Laureaten ubelaangt, do ass de Choix vun engem Jury natierlech ëmmer subjektiv, an et kann een dermat averstan sinn oder net. D’Eithne O’Neill déi fir de Jury geschwat hat, huet bei der Präisiwwerreechung  hir Decisioun,fir de bulgaresch-griicheschen Drama “The Lesson” ze belounen, domat argumentéiert, datt de Jury sech fir ee Film entscheet hätt, dee sech mat engem moralesche Problem befaasst: sech selwer un dat halen wat ee vun deenen anere verlaangt. Gelueft huet si och, ech zitéieren, säin “Sense of place, sense of humanity”, seng “masterly Mise en Scène” an d’Leeschtung vun den Acteuren an Actricen. Et ass ëmmerhin begréissenswäert datt de Präis un een éischte Long-Métrage goung, an un ee Film dee mat engem extrem bescheidene Budget gedréint gouf. Villäicht wollt de Jury och deem Rechnung droen.

Mä fir all déi, déi selwer een anere Film virgezunn hätten: Wär et net eng gutt Iddi fir déi Débaten vum Jury bei deenen nächsten Editioune vum Festival public ze maachen? Woubäi d’Spillregel déi misst sinn, datt de Jury nach ëmmer souverän diskutéiert a seng Entscheedung trëfft. Zwëscheriff  misst een dann évitéieren. Ma fir de Publikum wär et, nieft dem Erliefnes enger wéi mer hoffen, fundéierter an déifgrënneger Analyse an Diskussioun nozelauschteren, anengems och eng Geleeënheet, fir méi vun der Präsenz vun esou engem Jury an deem jo awer trotz allem déi eng oder aner prominent Gestalt souzen, matzekréien. Wuel huet een déi Leit bei där enger oder anerer Projektioun gesinn, an zwee vun hinnen hu sech jo och un engem Spezial-Evenement  bedeelegt: de Morteza Farshbaf un enger Masterclass iwwert den iranesche Kino, an d’Eithne O’Neill un engem Q&A mam Production Designer Alan Starski. Mä ofgesinn dovun goufen et keng wierklech Kontakter mam Publikum. Et hätt mech awer schonn interesséiert, gewuer ze ginn wat déi aner Jurysmemberen sou iwwert d’Kompetitiouns-Filmer geduecht hunn, a woumat se hire Choix schliisslech géife justifizéieren.

Trotzdem waren et 11 spannend Deeg, an ech freeë mech op déi 6. Editioun vum Festival.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen