Kulturchronik: Eng literaresch “Bichermass” fir den 20. Anniversaire

"D’Walfer Bicherdeeg sinn e Sensorium fir d’Literaturentwécklung, si ginn e Stëmmungsbild bei de verschiddenen Akteure vum Buch erëm, si ginn dem Buch eng Ëffentlechkeet, si ginn den Auteuren d’Geleeënheet, mat de Lieser a Kontakt ze kommen a si realiséieren de Wonsch vun ons all, d Leit ronderëm d’Buch ze versammelen" mat dëse positiven Téin schléisst de Claude Conter seng ganz kritesch Ried leschte Freideg bei der Séance Académique vun den 20. Walfer Bicherdeeg. De Claude Mangen mat Iwwerleeungen zu dëser Ried an zu de Bicherdeeg am Allgemengen.

[audio="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2014-11-19-cm-KRO-Kultur-Conter-Walfer-Bicherdeeg.mp3"][/audio]

 

Fir den Direkter vum Nationale Literaturarchiv sinn "20 Joer Walfer Bicherdeeg an 20 Joer Literatur, keng Equatioun vun zwou Entwécklungen" an hien analyséiert mat dräi kriteschen Iwwerleeungen d’Spannungsverhältnis tëscht de Schrëftsteller an der Bicherfoire. "All Dag kommen zu Lëtzebuerg, statistesch gesinn, 10 literaresch Texter oder Texter iwwer d’ Literatur eraus" – wat fir de Claude Conter, an net eleng fir hien, beandrockend ass. Dorops zitéiert hien Auteuren déi hir ambivalent Haltung vis-à-vis vun där Mass vu neie Publikatiounen, besonnesch op de Bicherdeeg an Texter zum Ausdrock bréngen. "An engem Land, an deem et keen eenzegt Antiquariat méi gëtt, sinn eng sëlleche kommunal a regional Bichermäert entstanen" stellt de Riedner fest, an zitéiert de Guy Helminger, dee rose schreift: "Der Ramsch aus den Bananenkisten mag für einige Menschen anziehend sein, aber wenn er plötzlich das ist, worauf es ankommt, dann sollte man die Walfer Bicherdeeg in Walfer Floumaart umtaufen. Diese Verramschung ist eine Katastrophe für Verleger und für Autoren erst recht". De Claude Conter kritiséiert awer net nëmmen, ma mécht och Virschléi, wéi een dës Situatioun an Zukunft kéint ëmgoen. Am drëtte Kritik-Punkt freet de Literatur-Wëssenschaftler sech wat zu Walfer wierklech am Fokus steet, d’Buch oder den Event an ass mam Dichter Roland Harsch eens, dee sech vu Walfer eng "Bichermass" a keng "Mass Bicher" erwaart.

Mat dëser Ried war den Direkter vum Centre National de Littérature a senger Funktioun vun deem, dee mat Engagement, Éiergäiz a Kuraasch d’Lëtzebuerger Literatur vertrëtt a verdeedegt. Dass hien dem Organisateur, der Walfer Gemeng also, zerguttst op hire Gebuertsdagskuch gespaut hat, krut en uschléissend selwer ze spieren.
’Monique Kieffer, Direktesch vun der Nationalbibliothéik, déi de radio 100,7 Sonndes Live am Interview hat, huet dat anescht gesinn. Fir si geet et zu Walfer net eleng em Literatur, mä em d’ Buch a senger ganzer Bandbreet. A mat där Ausso, erfëllt och si hir Missioun. Géif een d’Verleeg, déi Walfer Gemenge-Responsabel oder déi vill Exposanten froen, all hätten se hir eege Virstellungen, vun deem wat d’ Walfer Bicherdeeg sollte sinn. Interessant wier och eng Ëmfro ënner de Visiteuren.

"Wien de Spillmann dangt, muss en och bezuelen" seet e Sprachwuert. A wee bezilt, seet wat fir eng Musek gemaach gëtt. D’Gemeng Walfer finanzéiert dës Manifestatioun ganz eleng ouni Subsid vum Kulturministère. D’Bicherdeeg wieren awer och näischt ouni déi vill verschidden Akteuren aus dem Buch-Secteur, an ëmgedréint sinn och si op dëse grousse nationale Rendezvous um drëtte Weekend am November ugewisen. Wisou gëtt et also net méi Synergien, en Organisatiouns-Comité mat Vertrieder aus der Gemeng a Spezialiste vum Fach, déi iwwer e Konzept diskutéieren, e gemeinsame Programm opstellen a Schwéierpunkten definéieren? "Méi Bicher, méi Stänn, méi Visiteuren, méi Manifestatiounen – d’ Buch réckelt aus dem Fokus, an ass nach just Sujet, awer net méi de But" kritiséiert de Claude Conter.

No 20 Joer ass de Moment komm dëse wëll gewuessene Bicherbësch op dat Westentlecht zeréck ze stutzen.

Hei fannt Dir dem Claude Conter, Direkter vum Nationale Literaturarchiv seng Ried, déi hien de 14. November bei der Séance Académique vun den 20. Walfer Bicherdeeg gehalen huet.

Programm

Praktesch Infoen

  • Nei Serie: Wellbeing

    Wellbeing

    Bleift gesond a monter zesumme mam 100,7. An eiser neier Serie "Wellbeing" wëlle mir Iech an dësen Zäite mat wäertvollen Informatiounen a Rotschléi begleeden. 

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen