Kulturchronik: Dag vum Vëlo

Dëse Mëttwoch ass den europäeschen Dag vum Vëlo. Dee gouf am Joer 1998 vun der globaliséierungskritescher Associatioun ATTAC an d’Liewe geruff, fir d’Leit duerfir ze sensibiliséieren datt de Vëlo dat gesondst an ëmweltfrëndlechst Verkéiersmëttel ass. Fir d’Cléo Thoma, dat sech all Dag mam Vëlo deplacéiert, ass d’”petite reine” och ee kulturelle Phänomen: méi nach, den Undeel vu Vëloen am gesamte Verkéiersopkommen ass fir hatt en Indikator, wéi ziviliséiert e Land oder eng Regioun ass. Dowéinst eng Kulturchronik iwwert den europäeschen Dag vum Vëlo.

 

Op kuerze Strecken, wéi bannent der Stad zum Beispill, ass de Vëlo dat efficacet a kamoudst Mëttel, fir sech vun A op B ze bewegen. Mat e bësse Geschéckerlechkeet pedaléiert een elegant laanscht Stauen, wann ee sech e bëssen auskennt kann een Ofkierzungen huelen déi fir Autofuerer net accessibel sinn. Jee no Streck kann een duerch de Park fueren, amplaz am Stop/Go iwwert deen ellene Boulevard ze krauchen. A virun allem muss een net 50% vun der Zäit déi een am Suedel sëtzt, wéi bekloppt ëm deeselwechte Block Gebaier fueren, well een eng Parkplaz sicht. Et bedreift een och eng liicht physesch Aktivitéit, déi méi wéi wëllkomm ass wann ee soss stonnelaang muss hannert dem Schreifdësch setzen.

Dat alles schätzen ech um Vëlo als Transportmëttel, als Utensil fir vun enger Plaz op déi aner ze kommen, am Alldag.

Als Sport-interesséierte-Mënsch, a well ech gär eppes vun der Welt gesinn, fannen ech de Vëlo och eng fantastesch Erfindung fir iwwer Land ze ditzen, a verfollege mat Interessi wat op Strava sou lass ass.

Et ass wahrscheinlech subjektiv, mä fir mech trotzdem frappant: a Géigenden an deenen et gutt a gefleegt Vëlos-Infrastrukture gëtt, a wou deementspriechend vill Leit op de Vëlo klammen, sinn d’Ëmgangsformen am Verkéier vill méi ziviliséiert. Déi “Staark” passen op déi méi “Schwaach” op, an et ass einfach normal, datt déi mat décker Blechrüstung a Motor-bedriwwener Puissance op déi méi exposéiert, déi sech just mat hirer eegener Muskelkraaft weider bewegen, Rücksicht huelen a se vir loossen. Dat nennen ech ziviliséiert.

Do si mer hei zu Lëtzebuerg wäit dovun ewech. Meng Déplacementer um Vëlo kommen engem Parcours du Combattant gläich, woubäi de Géigner d'Tendenz huet mech als Quantité négligeable ze betruechten. Wuel well e mengt, wat méi grouss, wat méi PS, wat méi Spoiler, wat méi Virfahrt. Ech ginn zou datt ech net all Sekonn driwwer nodenken datt et, rationell gesinn, villäicht net ëmmer clever ass mech der Gefor auszesetzen. Mä spéitstens wann ech rëm bewosst e Réckspigel ze spiere krut weess ech, datt ech keng Knautschzone hunn an et hei zu Lëtzebuerg eigentlech méi gesond wär de Vëlo doheem stoen ze loossen.

Esou laang de Vëlo net aus ekologeschen, ekonomeschen a soziale Grënn politesch dee selwechte Stellewäert kritt wéi déi motoriséiert Mobilitéit, wäert sech un der Verhalenskultur am Verkéier näischt änneren. Et riskéiert éischter an déi aner Richtung ze goen. Mir sinn ee staarkt Awanderungsland mat bis zu 13.000 neien Awunner pro Joer. Den Ausbau an den Uertschaften fir déi net motoriséiert Mobilitéit hält domat net Schratt. Am Géigendeel: weiderhi musse Parkplazen an den Haiser an an de Bürosgebaier gebaut ginn. D’Stad baut hirersäits d’Parkhaiser extrem aus. Dat sinn einfach Signaler di weisen ëm wat fir eng Transportkultur et hei geet. D’Fotoe vum Nohaltegkeetsminister mat Paangech-Grinsen um Autosfestival sinn do just d’Kiischt um Kuch. An eng Milliounen-deier Hängebréck speziell fir Vëlosfuerer ënnert der Adolphesbréck wäert zwar eng flott Geleeënheet bréngen, fir eng Kéier e Bändchen duerchzeschneiden, mä soss net vill Notzen -soulaang een duerno um doudgeféierleche Vëloswee a Richtung Gare all puer Meter “gedoored” gëtt, a wann een et dann awer bis bei d’Gare packt, do tëschent Autoe, Bussen an anere Blech-Mastodonten riskéiert zerquetscht ze ginn. Nei Vëlosweeër iwwer Land si schéin a gutt, mä méi schéi wär et wann déi, déi et ginn, anstänneg ënnerhal géifen. An op den entscheedende Plazen, nämlech virun der Dir, wou ee fortfiert a wou een ukënnt, muss et och fir Vëlosfuerer Sécherheet ginn. Veloskultur ass plangbar, an Holland oder zu Kopenhagen hu se ons et vir gemaach, mä duerfir brauch ee Fachkompetenz a politesch Cojones, an dorunner feelt et hei. Iech all eng schéin „journee de la bicyclette“, a wann ech muer rëm vun engem Auto ugegraff ginn oder probéieren laanscht d’Gare ze iwwerliewen, sinn ech e bësse jalous op d’Profie vum Tour de Luxembourg, déi op ofgespaarte Stroossen duerfe fueren.

Net verpassen

  • Webinaire iwwer ADHS

    Webinar_SCRIPT_2021_10_26_ADHS.JPG

    Opmierksamkeetsdefizit-/ Hyperaktivitéitsstéierung: sensibiliséieren, informéieren a besonnesch d'Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen